Wou ass dann dee neie Wand?

Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7

D’Neiwalen 2013 sollte maachen dass alles anescht gëtt wéi virdrun. D’CSV gouf no Joerzéngten an d’Oppositioun geschéckt, an déi nei Regierung huet grouss ugekënnegt, datt sinn elo d’Fënstere wäit oprappe wäerte fir mol gutt ze lëften!

3 Joer méi spéit stelle mer fest dat de neie Wand nach ëmmer op sech waarde léisst, an datt déi nei Regierung d’Politik vu senge Virgänger am Fong weiderbedreiwt – bis op kosmetesch Ännerungen.

Den Afloss vun de Big4 ass elo manner verstoppt, den Alain Kinsch, Managing Partner vun EY sëtzt elo offiziell am Staatsrot an nom Matwierken um Koalitiounsprogramm schreift en dann elo och, esou gëtt spekuléiert, déi Avisen, déi säi Geschäftsfeld am meeschte betreffen. Keen Wonner dass een deem seng Firma Entreprisë beréit wéi se kenne manner Steiere bezuelen dozou bäidréit wann net esouguer maassgeeblech selwer dofir zoustänneg ass dass den Avis seet: Betriber sollen nach manner Steieren an Zukunft ze bezuele kréien.

Mä wat Spuerpolitik an d’Ëmverdeelung vum Räichtum vun ënnen no uewen ugeet hat och des Dräierkoalitioun keng aner politesch Äntwert op Staatsschold déi duerch d’Kaddoen un d‘Banke während der Kris gemaach gi sinn, am Sënn. Mam sougenannten Zukunftspak gouf op net manner wéi 258 Plaze queesch duerch de Gaart gespuert. An der Zwëschenzäit huet de Vize-Premier Schneider zouginn dat den Zukunftspak e Feeler war. Awer anscheinend just een elektorale Feeler…

An fir dee Feeler erëm gutt ze maachen, awer keng bedeitend sozial an ökologesch Weiche fir d‘Zukunft ze stellen, ass dann och déi proposéiert Steierreform an enger elektoraler Optik ausgeschafft ginn. Déi gespuerte  sollen hei erëm integral verdeelt ginn. De Wirtschaftsmotor leeft erëm, an d’Géisskanpolitik kënnt erëm an den Asaz. Net vill anescht wéi eng Kopie vun der CSV Politik aus den Uganks 2000er Joeren.

Net méi spéit ewéi leschte Freiden huet d‘Zentralbank Alarm geschloen. D’Steierreform wäert dat duebelt kaschte wéi geplangt, a stellt e Risiko fir d’Staatsfinanzen duer.

2015 gouf TVA vu 15 op 17% eropgesat. D‘Mehrwertssteier betrëfft jiddereen nämmlecht, jiddereen deen eppes keeft, op Aarm oder Räich bezilt zënter 2015 2% méi op de Servicer a Wueren déi an deen Taux falen. Am Géigenzuch soll d’Besteierung vu Betriber duerch d’Steierreform vun 21 op 18% erofgesat ginn. Dat schaaft Aarbechtsplaze gëtt gesot, an et däerf een net behaapten, domadder géife mir eis Nischenpolitik vu Steiervermeidung weider bedreiwen. Nee nee, offiziell heescht dat Steieroptimiséierung, a bei Luxleaks war alles legal. D’Geriicht war beim Uerteelssproch der selwechter Meenung, an huet d’whistleblower bestrooft, amplaz endlech déi richteg Schëlleg zur Verantwortung ze zéien.

Fakt ass, datt d’Haushalter de Staatsbudget mëttlerweil zu 2/3 finanzéieren, an dat Betriber just nach zu engem Drëttel bäidroen. Virun 30 Joer war et nach genau ëmgedréint.

Et gëtt héich Zäit fir d’Fënstere wierklech opzerappen an ze lëften, an eng Politik vun a fir d’Leit ze bedreiwen, a net nëmme fir Eliten a grouss Betriber, déi souwisou ëmmer manner zum Wuelstand vum Land bäidroen.

En anere LSAP Minister, de Romain Schneider, huet vir kuerzem missten zouginn, dat e gewëssenen Drock op dem Rentesystem besteet. De Grond ass datt festgestallt gouf datt d’Reserven am Pensiounsfong ab 2023 erof goe wäerte fir spéitstens 2043 komplett opgebraucht ze sinn. D’Zuel u neie Pensionäre klëmmt säit 2008 méi schnell ewéi Zuel u neie Beschäftegten. Bei enger konstanter Neischafung vun ëm déi 10.000 Aarbechtsplazen am Joer freet e sech wéi dat méiglech ass.

Eng vun den Äntwerten ass dat de Pensiounssystem eng konstant Hausse vun op d’mannst 4% brauch fir sech selwer ze finanzéieren. Dat erklärt och wisou de Begrëff Wuesstem elo beemol ganz uewen op der politescher Agenda steet.

Op déi drëtt industriell Revolutioun à la Riffkin e Mëttel ass fir dogéint ze steieren ass méi wéi onwahrscheinlech, a geckeg Iddi’en ewéi de Nation Branding a Space mining wäerten d’Kuar och net aus dem Dreck zéien. Et feelt einfach un engem Plang fir Zukunft vum Land nohalteg an ökologesch ze gestalten, wou Themen, bei deenen et et säit laangem brennt, ewéi zum Beispill d‘Moblititéit, Infrastruktur an de Logement, endlech sérieux an Ugrëff geholl ginn.

Et ginn nach eng sëlleche Beispiller wéi hei zu Lëtzebuerg Klientelpolik bedriwwe gëtt, bestoend aus Steiererliichterunge a Cadeau’en fir Superräicher a Grousskonzerner.

Gläichzäiteg gëtt bei de Leit gespuert an et bleiwen der ëmmer méi op der Streck.

Et gëtt héich Zäit fir d’Fënstere wierklech opzerappen an ze lëften, an eng Politik vun a fir d’Leit ze bedreiwen, a net nëmme fir Eliten a grouss Betriber, déi souwisou ëmmer manner zum Wuelstand vum Land bäidroen.

 

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe