Lëtzebuerg, de 7. August 2024
D’Caritas ass Affer vun engem Déifstall, dee schockéiert an enttäuscht. D’Enquête muss de genaue Verlaf an d’Verantwortung vun der Direktioun, dem Verwaltungsrot a virun allem de Banke klären.
Wat de Moment awer entscheedend ass, ass datt de Staat säin Deel vun der Verantwortung iwwerhëlt an all déi sozial Aktivitéite vun der Caritas an déi entspriechend Aarbechtsplaze garantéiert, well d’Caritas e systemeschen Acteur am Lëtzebuerger Sozialsystem ass. Haut geet et drëm deen Acteur ze retten.
De Luc Frieden iert sech zolidd, wann hie widderhëlt, datt et d’Caritas ass, déi e Problem huet an net de Staat. D’Caritas iwwerhëlt zënter Jore souverän Aufgaben am Numm vum Staat an et ass dofir d’Responsabilitéit vun der Regierung all dës Aktivitéiten ze garantéieren.
Dat gëllt och fir de Beräich vun der Entwécklungshëllef, an deem d’Caritas wichteg Projete mat Partnerorganisatiounen ënnerstëtzt, wéi zum Beispill e Spidol am Südsudan, dat ouni d‘Caritas Ënnerstëtzung net méi funktionéiere kéint. D’Regierung muss dofir suergen, datt dës Aktivitéite kënne weidergoen. Soss riskéiert se Kompliz an enger méiglecher humanitärer Kris ze ginn.
D’Caritas gehéiert och zu de rare sozialen Organisatiounen, déi zanter Joerzéngte politesch Positioun bezitt, onofhängeg vun der Regierungskoalitioun, déi um Rudder ass. Besonnesch am Beräich vun der Aarmutsbekämpfung – déi d’Regierung Frieden-Bettel zur politescher Prioritéit erkläert- ass d’Caritas net spuersam mat Kritik gewiescht an huet stänneg konstruktiv Virschléi gemaach. Den Déifstall bei der Caritas dierft dës Regierung net als Geleeënheet benotzen, fir onangeneem Kritik lass ze ginn.
Caritas : Les activités et les emplois doivent être garantis.
Luxembourg, le 7 août 2024
Caritas a été victime d’un vol qui ébranle et déconcerte. L’enquête devra éclaircir le déroulement exact des faits et la responsabilité de la direction, du conseil d’administration et surtout des banques.
Mais ce qui est décisif à l’heure actuelle, c’est que l’État assume sa part de responsabilité et garantisse toutes les activités sociales de Caritas et les emplois correspondants, car Caritas est un acteur systémique du système social luxembourgeois. Il s’agit aujourd’hui de le sauver.
Luc Frieden se trompe lourdement lorsqu’il répète que c’est Caritas qui a un problème et non l’État. Caritas assume depuis des années des tâches souveraines pour le compte de l’État et il est donc de la responsabilité du gouvernement d’assurer toutes ces activités.
Cela vaut également pour le domaine de l’aide au développement, dans lequel Caritas soutient des projets importants avec des organisations partenaires, comme par exemple un hôpital au Sud-Soudan qui ne serait plus opérationnel sans le soutien de Caritas. Le gouvernement doit veiller à ce que ces activités puissent être poursuivies. Sinon, il se rendra complice d’une éventuelle catastrophe humanitaire.
Caritas est en outre l’une des rares organisations sociales qui ose prendre position politiquement depuis des décennies, indépendamment de la coalition gouvernementale en place. C’est surtout dans le domaine de la lutte contre la pauvreté – dont le gouvernement Frieden-Bettel a fait une priorité – que Caritas ne ménage pas ses critiques et fait sans cesse des propositions constructives. Le vol chez Caritas ne doit pas être l’occasion pour ce gouvernement de se débarrasser de critiques désagréables.