Méi laang a méi flexibel schaffen: CSV-DP maache Politik géint déi schaffend Leit.

Am Hierscht 2024 Joer huet d’Regierung mat hirem Ugrëff op breeder Front géint de Sozialmodell ugefaang. Haut elo, ee Joer méi spéit, sti mir virun engem Koup Schierbelen an deem mir net nëmmen de Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog erëmfanne mee och elementar sozial Rechter vun de schaffende Leit. D’Regierung Frieden-Bettel wollt de sozialen Ofbau em all Präis a se wier och gär méi wäit gaangen, hätt d’Gewerkschaftsfront net zéngdausende Leit dogéint op der Strooss mobiliséiert. Dobäi ginn et gutt a gerecht Alternativen zum Regierungspak. Mee d’Regierung wollt vu Virschléi vun de Gewerkschaften an e.a. och vun déi Lénk näischt wëssen.

Dës Regierung huet de Sozialdialog futti gemaach.

De Wee bis den 3. September 2025 war laang  a vu Regierungssäit aus voller Pannen an Onzoulänglechkeeten. D’Regierung ass ugetrueden ouni Reformoptrag bei de Renten, mee mat dat éischt wat se Enn 2023 annoncéiert huet war eng grouss Rentereform. Mat den eegene Virstellungen huet d’Regierung hannert dem Bierg gehalen an huet eng Pseudoconsultatioun ofgehalen. Wärend dëser Zäit huet d’Regierung dunn och annoncéiert, dass se de Gewerkschaften d’Verhandlungsmonopol bei de Kollektivverträg wéilt ewechhuelen an den Aarbechtsminister Mischo huet ouni Ofsprooch mat de Gewerkschaften e Gesetzestext virgeluecht mam Zil, d’Sonndesaarbecht komplett ze liberaliséieren. Am Mee schliisslech huet de Premierminister Luc Frieden mat der Ukënnegung dass jiddereen an Zukunft 3-5 Joer méi laang muss schaffe goen déi grouss Bomm platze gelooss.

D’Gewerkschaften hunn an der Regierung keen éierlechen a verlässleche Verhandlungspartner méi gesinn an hunn als Gewerkschaftsfront de soziale Konflikt op d’Strooss gedroen an dat mat Erfolleg. D’Regierung huet missten zréckrudderen an a Verhandlungen antrieden. Mee och hei war d’Regierung mat hirem Chef Luc Frieden net éierlech an d’Gewerkschaften den 3. September an d’Messer lafe gelooss. D’Decisioune ware scho längst geholl an d’Verhandlungspartien goufe just nach invitéiert fir sou ze maache wéi wann. Eng Verhandlung gouf et keng, dofir eng eesäiteg Entscheedung vun der Regierung.

De Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog, deen op Vertrauen, Verhandlungen a Kompromëssbereetschaft baséiert, ass domat bis op Weideres Geschicht. Wéi och solle Gewerkschafte mat enger Regierung verhandelen, déi hanner hir Wierder zréckgeet a mat enger verstoppter Agenda a Verhandlunge rageet fir um Enn eleng z’entscheeden? Wann d’Gewerkschaften net méi hiert Gewiicht a Verhandlungen zum Droe brénge kënnen, da mussen se hir Stäerkt an Zukunft eben op der Strooss weisen.

D’Decisioune vun der Regierung hunn et awer a sech. A Saache Pensiounen an Ëffnungszäiten am Commerce handelt et sech ëm Sozialofbau an ëm Réckschrëtter vun de Rechter vun de schaffende Leit. Och wann et de Gewerkschaften an de ville Leit, déi mat hinnen op der Strooss waren, gelongen ass, dat Allerschlëmmst ze verhënneren, bleift ënnert dem Stréch awer e Verloscht fir déi allermeeschte Leit.

Verléierer sinn all déi schaffend Leit.

Mat Ausnam vun de Cotisatiounserhéijunge vun 3 Mol 8% op 3 Mol 8,5% kommen all d’Decisioune vum Wonschziedel vum Patronat. Och déi annoncéiert Verhandlungen iwwer d’Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit wäert net op eng besser work-life balance a méi Schutz vun de schaffende Leit erauslafen. Domat ass kloer, dass déi schaffend Leit d’Verléierer sinn.

Bei den Ëffnungszäiten am Commerce soll et zu folgende Verlängerungen kommen:

JourHeures d’ouverture (loi en vigueur)Heures d’ouverture Sozialronn
Lundi-vendredi6h – 20h (21h pour une seule journée en semaine)5h – 21h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Samedis6h – 18h5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Veilles de jours fériés6h – 18h5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Dimanches et jours fériés6h – 13h5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
 Autre nouveautéles magasins vendant des produits de première nécessité peuvent profiter d’une dérogation complète, donc 24/7 (seulement avec CC)  

Et handelt sech also em eng massiv Auswäitung vun den Ëffnungszäiten, déi zolidd Belaaschtunge fir d’Gesondheet an d’work-life balance vun de Salariéen an engem Secteur bedeite wäert, den sech haut schon duerch schlecht Léin, héijen Drock a Personalmanktem auszeechent. Kee Wonner also, dass d’Personal an dem Secteur eng Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten a vun der Sonndesaarbecht – och mat Kollektivvertrag – net wëll.[1]

Vun den neie Méiglechkeete profitéiere wäerten am Endeffekt just déi grouss Surfacen a Chaînen, déi mat dësem neie Gesetz déi kleng Commercen nach méi séier verdränge wäerten an hiert Personal mat prekäre Verträg jee no Besoin asetzen a schikanéiere kënnen.

Bei de Rente wollt d’Regierung per force eng Verlängerung vun der Liewensaarbéchtszäit duerchsetzen. Dat ass hir gelongen, obwuel um Enn just e Brochdeel vun dem iwwreg bleift, wat e wahnwitzege Luc Frieden am Mee nach annoncéiert huet. Déi relativ kleng Zuel u Leit, déi ab nächstem Joer da méi laang musse schaffe goen (ronn 22% vun allen départs en retraite, Zuele vun 2024) kann en dobäi op zwou Aart a Weise verstoen.

Engersäits weist déi kleng Zuel wéi lächerlech den Impakt vun dëser Mesure op d’Soliditéit vum System wäert sinn, wëll all des Leit jo och dann zousätzlech Pensiounsrechter wäerte kréien. Wärend d’Erhéijung vun de Cotisatiounen e Plus bei de Recetten ëm 540 Milliounen € d’Joer bedeit, wäert de Plus bei de Recetten duerch d’Verlängerung vun der Cotisatiounszäit ëm 8 Méint fir déi betraffe Leit schätzungsweis bei knapps 50 Milliounen € (minus méi Pensiounsrechter) leien, also mol kéng 10% vun dem wat d’Cotisatiounserhéijung ausmécht.

Anerersäits gëtt gebrach mat enger fir jidderee geltender Reegel no där ee mat 40 Versécherungsjoren a Pensioun ka goen. Domat ass mat dëser reng ideologesch motivéierter Verlängerung vun der Liewensaarbéchtszäit d’Dir opgemaach fir weider Verlängerunge vun der Aarbechtszäit a mir riskéieren an Zukunft reegelméisseg Virstéiss an dem dote Sënn ze kréien.

Dass d’Regierung beim Ajustement och hannert hiert Wuert zréckgaangen ass an awer wëlles huet dëst sozial regressiivt Instrument ab den 2030er Jore spillen ze loossen, wäert alleguer déi zukünfteg Rentner a Rentnerinnen treffen.

Donieft verzicht d’Regierung och op eng Erhéijung vun der Mindestpensioun, eng Fuerderung, déi awer vun alle Sozialpartner an och vun de Leit am Pseudoconsultatiounsprozess ënnerstëtzt ginn ass. Leit – a ganz oft Fraen – mat ganz klenge Rente wäerten also an Zukunft speziell Hëllefe beim FNS mussen ufroen a bleiwen an der Roll vum Bittsteller.

Par contre kréien d’Assurancen a Leit mat enger méi décker Pai nach e Steiercadeau gemeet andeems de Fräibetraag vun private Versécherungen vun 3.200 op 4.500€ gehéicht gëtt. Daat kascht de Staat all Joer ronn 25 mio.€

Besser Alternative louchen a leien um Dësch.

Dat ganzt Leed an de ganze Chaos aus de leschte Méint wier ze verhënnere gewiescht mat enger kompetenter Regierung, déi Bereetschaft fir de Kompromëss gehat hätt. Säit dem Ufank vun der Pensiounsdebatt Enn 2023 hunn d’Gewerkschaften an d’Salariatskummer gangbar Virschléi präsentéiert fir de Pensiounssystem iwwer Joerzéngten op eng gerecht Manéier ofzesécheren. D’Noutwendegkeet vu Reforme gouf ëmmer vun der Salariatssäit no vir gestallt. Mee d’Regierung war net bereet eeschthaft doriwwer ze schwätzen.

déi Lénk hunn als alleréischt politesch Partei scho virun zimmlech genee engem Joer (17. September 2024) Reformvirschléi an d’Debatt bruecht an sech déi och vun der IGSS beziffere gelooss:

  1. De Cotisatiounsdeckel (5 mol de soziale Mindestloun) ofschafen, fir datt déi héchst Léin hiren Deel bäidroen
  2. Op all Elementer vun der Aarbecht cotiséieren
    → d‘Mesuren 1 an 2 bréngen zousätzlech Recette vu ronn 800 Milliounen Euro.
  3. D’Ausgabe vun der Pensiounskeess reduzéieren, déi keen direkten Zesummenhang mam Ausbezuele vun de Pensiounen hunn. Hei kënne ronn 220 Milliounen Euro agespuert ginn;
  4. D’Bäibehale vum Ajustement vun de Pensiounen a vun der Allocation de fin d’année.
  5. de Montant vun der Mindestpensioun op den Niveau vum soziale Mindestloun setzen.
  6. mëttelfristeg (ongeféier 2040): d‘Erhéijung vun der Cotisatioun vun 3×8 op 3×9%.

D’IGSS huet des Proposen am Mäerz dëst Joer duerchgerechent an ass zum Resultat komm, dass d’Cotisatioune vun 3 Mol 8% bis 2039 duergaange wiere fir d’Renten (mat de Mesuren 1 bis 4) komplett iwwer d’Cotisatiounen ze finanzéieren. Réischt 2040 hätten deementspriechend d’Cotisatioune missten op 3 Mol 9% eropgesat gi wat d’Ofsécherung vum System bis 2058 erméiglech hätt, also fir méi wéi 30 Joer.

Am résumé : et wier ouni Weideres méiglech gewiescht, de Rentesystem fir déi nächst 15 Joer ofzesécheren, ouni Cotisatiounserhéijung haut an ouni Verlängerung vun der Cotisatiounsdauer an dobäi och nach eng sozial gerecht Ëmverdeelung iwwer Cotisatiounen a Mindestrent virzehuelen. D’Regierung huet hei ganz kloer de Wee vum Chaos a vum Konflikt gesicht, net dee vun der Vernonft an der Nohaltegkeet vum System.

Wéi geet et elo weider ?

D’Regierung ass an eng politesch Sakgaass gelaf an huet hiert politescht Kapital verspillt. De Luc Frieden ass als CEO vun der Regierung gescheitert. Dat heescht näischt Guddes an enger Zäit wou vill Erausfuerderunge mat Konfliktpotential op d’Land waarden, sief et beim Wunnengsbau, der Aarmutsbekämpfung, der Aarbechtswelt oder beim Klimaschutz.

D’Gewerkschaften hu schonn ugekënnegt an Zukunft en aneren Ëmgank mat dëser Regierung ze fleegen. D’Bereetschaft ze verhandelen a Kompromësser anzegoen ass op Gewerkschaftssäit staark strapazéiert ginn an d’Gewerkschaftsfront wäert sech anescht a warscheinlech vill méi haart Gehéier verschafen. déi Lénk wäerten d’Gewerkschaften dobäi ënnerstëtzen. Mir hu mat dëser Pressekonferenz d’Opfuerderung vun de Gewerkschaften a vum Patronat fir sech op der Rentefro ze positionéieren ugeholl a mir zécken och net fir aus der Rentefro e Walkampfthema fir 2028 ze maachen an dat mat der Zilsetzung fir onsozial Reformen erëm réckgängeg ze maachen.


[1] https://meco.gouvernement.lu/dam-assets/publications/rapport-etude-analyse/minist-economie/rapport-commerce/rapport-commerce-employes/Rapport-Employes.pdf


Travailler plus longtemps et de façon plus irrégulière : Le gouvernement CSV-DP mène une politique contre les travailleur∙euses.

En automne 2024, le gouvernement a lancé une offensive de grande envergure contre notre modèle social. Aujourd’hui, un an plus tard, nous faisons face à une situation désastreuse pour le modèle luxembourgeois de dialogue social, mais aussi pour les droits sociaux fondamentaux des travailleurs. Le gouvernement Frieden-Bettel voulait démanteler le système social à tout prix et aurait certainement aimé aller plus loin s’il n’y avait pas eu la grande mobilisation des syndicats. Pourtant, il existe des alternatives valables et justes au projet du gouvernement. Mais celui-ci refuse d’entendre les propositions des syndicats et de déi Lénk.

Ce gouvernernement a détruit le dialogue social.

Le chemin jusqu’au 3 septembre 2025 a été long et, du côté du gouvernement, semé d’embûches et d’insuffisances. Bien que le gouvernement ait pris ses fonctions sans mandat de réforme des retraites, il a annoncé dès la fin 2023 une grande réforme des retraites. Le gouvernement a longtemps gardé ses propres idées secrètes et a préféré organiser une pseudo-participation citoyenne.

Pendant ce temps, le gouvernement a également annoncé qu’il souhaitait supprimer le monopole des syndicats dans les négociations collectives, et le ministre du Travail Mischo a présenté, sans consultation préalable des syndicats, un projet de loi visant à libéraliser  le travail dominical.
En mai, le Premier ministre Luc Frieden a finalement provoqué un tollé en déclarant qu’à l’avenir, chacun devrait travailler trois à cinq ans de plus.

Le gouvernement n’a pas été considéré comme un partenaire de négociation fiable par les syndicats qui ont décidé, en tant que front syndical, de porter le conflit social dans la rue. Le gouvernement a dû faire marche arrière et entamer des négociations.  Mais là encore, le gouvernement, dirigé par son chef Luc Frieden, n’a pas fait preuve d’honnêteté et a conduit les syndicats, le 3 septembre, droit dans la gueule du loup. Les décisions étaient déjà arrêtées depuis longtemps, et les partenaires sociaux n’ont été conviés qu’à jouer la comédie. Il n’y a donc pas eu de véritable négociation, mais bien une décision unilatérale imposée par le gouvernement.

Le modèle luxembourgeois de dialogue social, fondé sur la confiance, la négociation et le compromis, apparaît aujourd’hui comme révolu — au moins temporairement. Comment les syndicats pourraient-ils encore négocier avec un gouvernement qui renie sa parole, s’entête à avancer avec des intentions dissimulées et, au final, décide seul ? Si leur voix ne pèse plus autour de la table des négociations, ils n’auront d’autre choix, à l’avenir, que de se faire entendre dans la rue.

Les décisions du gouvernement ne sont pas anodines : elles entraînent des conséquences lourdes. Qu’il s’agisse des retraites ou des horaires d’ouverture des commerces, elles marquent un démantèlement social et un recul des droits des travailleurs. Certes, l’action des syndicats et le soutien massif de la population mobilisée ont permis d’éviter le pire, mais le constat reste sans appel : la majorité des citoyens en sortira perdante.

Les travailleur∙euses sont les perdant∙e∙s.

À l’exception de l’augmentation des cotisations, passées de 3 fois 8 % à 3 fois 8,5 %, toutes les décisions du gouvernement reprennent directement les desiderata du patronat. Quant aux négociations annoncées sur l’organisation du temps de travail au sein du CPTE, elles n’offriront très probablement ni davantage de protections ni une meilleure conciliation entre vie privée et vie professionnelle pour les salarié·e·s. En définitive, ce sont donc les travailleurs et les travailleuses qui sortent perdants.

Les adaptations suivantes sont prévues en matière d’heures d’ouverture des commerces de détail :

JourHeures d’ouverture (loi en vigueur)Heures d’ouverture (Sozialronn)
Lundi-vendredi6h – 20h (21h pour une seule journée en semaine)5h – 21h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Samedis6h – 18h5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Veilles de jours fériés6h – 18h5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Dimanches et jours fériés6h – 13h5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
 Autre nouveautéles magasins vendant des produits de première nécessité peuvent profiter d’une dérogation complète, donc 24/7 (seulement avec CC)  


Il s’agit d’un élargissement massif des horaires d’ouverture, qui mettra à rude épreuve la santé ainsi que l’équilibre entre vie professionnelle et vie privée des salariés, dans un secteur déjà caractérisé par de bas salaires, une forte pression et une pénurie chronique de personnel. Il n’est donc guère surprenant que les travailleurs du secteur s’opposent à la libéralisation des horaires d’ouverture et du travail dominical, même dans le cadre d’une convention collective.[1]

En définitive, seuls les grands supermarchés et les chaînes tireront profit de ces nouvelles dispositions. Grâce à cette loi, ils écarteront encore plus rapidement les petites entreprises et pourront adapter leur main-d’œuvre à leurs besoins, en recourant à des contrats précaires qui accentuent la pression sur le personnel.

En matière de retraites, le gouvernement a voulu imposer un allongement de la vie active. Il y est parvenu, même si, au final, il ne subsiste qu’une fraction de ce qu’un Luc Frieden exalté avait annoncé en mai. Le nombre relativement limité de personnes qui devront travailler plus longtemps à partir de l’année prochaine (environ 22 % de l’ensemble des retraités, selon les chiffres de 2024) peut être interprété de deux manières.

D’une part, ce faible pourcentage démontre l’impact dérisoire de la mesure sur la solidité du système, puisque toutes ces personnes acquerront de nouveaux droits à la retraite. Alors que l’augmentation des cotisations devrait générer 540 millions d’euros de recettes supplémentaires par an, l’allongement de la durée de cotisation de huit mois pour les personnes concernées ne rapportera qu’un peu moins de 50 millions d’euros (avant déduction des droits acquis supplémentaires), soit moins de 10 % du produit de l’augmentation des cotisations.

D’autre part, cette réforme rompt avec la règle générale permettant de partir à la retraite après 40 années d’assurance. L’allongement de la vie active, motivé par des raisons purement idéologiques, ouvre ainsi la voie à de nouvelles prolongations de la durée de travail. Il est donc à craindre que de nouvelles étapes en ce sens ne suivent dans les prochaines années.

Le fait que le gouvernement soit revenu sur sa promesse d’ajustement, tout en maintenant sa volonté de laisser cet instrument socialement régressif produire ses effets à partir des années 2030, pèsera sur l’ensemble des futurs retraités.

Par ailleurs, le gouvernement a renoncé à une revalorisation de la pension minimum, une revendication pourtant partagée par tous les partenaires sociaux ainsi que par les participants à la pseudo-consultation. Les personnes – souvent des femmes – touchant de très faibles retraites devront donc continuer, à l’avenir, à solliciter une aide spéciale du FNS et à demeurer dans la position de « pétitionnaires ».

En revanche, les assurés sociaux disposant de revenus plus élevés bénéficieront d’un avantage fiscal : le plafond de déductibilité de l’assurance privée passe de 3 200 € à 4 500 €. Cette mesure coûtera environ 25 millions d’euros par an à l’État.

De meilleures alternatives étaient et sont toujours sur la table.

Toutes les souffrances et le chaos des derniers mois auraient pu être évités avec un gouvernement compétent et disposé à faire des compromis. Depuis le début du débat sur les retraites, fin 2023, les syndicats et la Chambre des salariés ont présenté des propositions viables pour garantir l’équité et la pérennité du système pendant plusieurs décennies. La nécessité de réformes a toujours été reconnue par les représentants des salariés, mais le gouvernement a refusé d’en discuter sérieusement.

déi Lénk a été le premier parti politique à mettre des propositions de réforme sur la table, il y a presque un an jour pour jour (17 septembre 2024), et à en faire chiffrer l’impact par l’IGSS :

  1. Supprimer le plafond de cotisation (5 fois le SMIC) afin que les salaires les plus élevés contribuent équitablement.
  2. Assujettir à cotisation tous les éléments de rémunération.
    Ces deux mesures généreraient environ 800 millions d’euros de recettes supplémentaires.
  3. Réduire certaines dépenses du fonds de pension qui ne sont pas directement liées au paiement des retraites, soit une économie potentielle de 220 millions d’euros.
  4. Maintenir la revalorisation des pensions et l’allocation de fin d’année.
  5. Fixer le montant de la pension minimale au niveau du SMIC.
  6. À moyen terme (vers 2040) : relever les cotisations de 3 × 8 % à 3 × 9 %.

En mars dernier, l’IGSS a analysé ces propositions et conclu que le système aurait pu être intégralement financé par les cotisations jusqu’en 2039 (avec les mesures 1 à 4), sans augmentation immédiate des taux ni allongement de la durée de cotisation. Ce n’est qu’en 2040 qu’il aurait été nécessaire de relever les cotisations à 3 × 9 %, ce qui aurait garanti la pérennité du système jusqu’en 2058, soit plus de 30 ans.

En résumé : il était possible de préserver le système de retraite pour les 15 prochaines années sans hausse immédiate des cotisations ni prolongation de la vie active, tout en assurant une redistribution socialement plus équitable et une pension minimale décente. Le gouvernement a clairement choisi la voie du chaos et du conflit, plutôt que celle de la stabilité et de la durabilité.

Que va-t-il se passer maintenant ?

Le gouvernement s’est retrouvé dans une impasse et a dilapidé son capital politique. Luc Frieden a échoué dans sa fonction de Premier ministre. Ce constat n’augure rien de bon à l’heure où le pays devra affronter de nombreux défis potentiellement conflictuels : construction de logements, lutte contre la pauvreté, évolution du monde du travail ou encore protection du climat.

Les syndicats ont déjà annoncé qu’ils ne traiteront plus ce gouvernement de la même manière. Leur volonté de négocier et de rechercher des compromis a été sérieusement mise à l’épreuve, et le front syndical adoptera désormais une posture plus combative. déi Lénk se tiendra à leurs côtés dans cette démarche.

Par cette conférence de presse, nous avons répondu à l’appel des syndicats et du patronat à prendre clairement position sur la question des retraites. Et nous n’hésiterons pas à en faire un enjeu majeur de la campagne électorale de 2028, afin de faire reculer les réformes antisociales.


[1] https://meco.gouvernement.lu/dam-assets/publications/rapport-etude-analyse/minist-economie/rapport-commerce/rapport-commerce-employes/Rapport-Employes.pdf

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe