STOP DE LUC FRIEDEN!

National Manifestatioun géint d’Regierungspolitik
Kommt all den 28. Juni op déi grouss national Manif vun der Gewerkschaftsfront . Stop de Frieden!!
 

Nationale Demo

Ciné-débat

De Ciné-club vun déi Lénk Schëffleng invitéiert op:

Ciné-débat : Le Balai libéré (Coline Grando, 2023)

Ouni Patronen schaffen: eng Utopie oder eng realistesch
Alternativ? Dat ass d’Fro, déi Le Balai libéré stellt, en Documentaire vum Coline
Grando iwwer eng Autogestiounserfarung, déi gläichzäiteg onbekannt an
inspiréierend ass.
An den 1970er Joren huelen d’Botzfrae vun der Université Catholique de
Louvain, an der Belsch, eng radikal Decisioun. Si entloossen hire Patron a
grënnen eng selbstverwaltend Kooperativ. Wärend 14 Joer probéieren si
op eng aner Manéier ze schaffen an zesumme ze liewen.
Duerch d’Opschaffe vun dësem Aarbechtskampf gëtt am Film den
Aarbechterinne vun deemools an och deene vun haut d’Wuert ginn. Hien
weist och op aktuell Erausfuerderungen hin: Sous-traitance,
d’Aarbechtsbedéngungen, d’Onsiichtbarkeet vun de Botzberuffer, d’Roll
vun de Geschlechter, an d’Méiglechkeeten, de Wee zu enger méi
demokratescher an gerechter Aarbechtsorganisatioun ze goen.

De Film gëtt gewisen, duerno gëtt et eng Diskussioun an e gemittleche Patt.
D’Entrée ass fräi a gratis.Donneschdeg, den 10. Juli – 19:30
Teranga, 35 Avenue de la Libération, 3850 Schëffleng

 

Summeruni 2025

Plus d’informations suivront.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe