Dateschutz-erklärung

Allgemeng

Den Internetsite dei-lenk.lu steet ënnert der Responsabilitéit vun déi Lénk.

Fir d’Erhiewen an Notze vun den Donnéeë bezéie mir eis op a beuechten Art 6. Abs.1 lit. a vun der EU-Datenschutzveruerdnung.

D’Site sinn an engem Datenzenter zu Lëtzebuerg hebergéiert an den Zougrëff op d’Site geschitt iwwer eng mat SSL geséchert Connectioun (dorun z‘erkennen dass d’Adress mat “https” ufänkt).

Donnéeën, déi erfaasst ginn

Persounebezunnen Donnéeën erfaasse mir nëmmen dann, wann Dir ausdrécklech Är Zoustëmmung gitt. Dat ass jee no Notzung vun de Site ënnerschiddlech:

Wann Dir Member gitt an de Memberformular ausfëllt, ginn Är perséinlech Donnéeë fir d’Membergestioun, -informatioun a –betreiung elektronesch vum Mouvement déi Lénk gespäichert, veraarbecht a genotzt. Dir kritt a reegelméissegen Ofstänn Informatioune per Post an E-Mail. D‘Donneeë gi vum Sekretariat vun déi Lénk traitéiert. Och déi verantwortlech Persoune fir Membersbetreiung am Mouvement, sou wéi d‘Coordinateure vun den Aarbechtsgruppen a vun der Lokalsektioun, wou Dir Member sidd, kréien Är Memberschaft an Donnéeë matgedeelt a kënnen dës am Kader vun hirer Aarbecht notzen. D’Donnée’en ginn eenzeg an eleng fir intern Zwecker erhuewen a ginn net un extern Persounen oder Organisatioune weidergeleet.

Wann Dir eis Internetsitte besicht, ass ze berécksiichtegen:

  • Späicherung vun IP-Adressen

Aus Grënn vun der Datesécherheet, ginn anonymiséiert IP-Adressë vun de Visiteure fir e limitéierten Zäitraum vun eisem hosting provider gespäichert.

  • Transfert vun Donnéeën

D’Sitte benotze verschidden extern Servicer. Aus technesche Grënn gëtt dee Moment d’IP-Adress un dee jeeweilege Service iwwerdroen. Et sinn dëst:

  1. YouTube vu Google fir Videoen
  2. Google Analytics
  • Cookies

De Site dei-lenk.lu benotzt Cookies fir statistesch Zwecker a fir perséinlech Preferenzen ze späicheren (beispillsweis déi zulescht ausgewielte Sprooch um Site). Zousätzlech gëtt e Cookie ugeluecht, esoubal ee versicht sech anzeloggen.

D’Videoen, déi iwwer YouTube geluede ginn, setzen och Cookies. Google Analytics setzt och Cookies fir statistesch Zwecker.

  • Linken op extern Internetsitten

Op eiser Internetsäit, fannt Dir Linken op Websitte vun Drëtten, wou mir nom Uklicke keen Afloss dorobber hunn, wéi den Ubidder Är Donnéeë veraarbecht. Fir d’Veraarbechtung vun Drëtten iwwerhuele mir keng Verantwortung.

  • Är Rechter

Dir hutt d’Recht gewuer ze ginn, wéi eng Donnéeën de Mouvement déi Lénk vun Iech huet a firwat a kënnt d’Erlaabnis fir d’Notze vun Ären Donnéeën zu all Moment widderruffen. Esou stinn Iech d’Recht op Auskonft, Verbesseren, Läschen, Aschränkung, Widderruff a Widdersproch zou. Am Fall, wou Dir der Meenung sidd, datt beim Notze vun Ären Donnéeë géint Dateschutzrecht verstouss gëtt, kënnt Dir d‘CNPD (Commission nationale pour la protection des données) kontaktéieren.

D’Sekretariat vun déi Lénk kënnt Dir erreechen ënnert: déi Lénk, 63 boulevard de la Pétrusse 4, L-2320 Luxembourg / B.P. 817 Luxembourg / Tel: 26 20 20 72 / sekretariat@dei-lenk.lu

Déi fir den Dateschutz beoptragte Persoun kënnt Dir erreechen ënner: dateschutz@dei-lenk.lu / 26 20 20 72

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe