Energie ass ee Mënscherecht!

Hei kënnt Dir dem David Wagner seng Ried wärend eiser Heure d’actualité iwwer d’Stroumpräisser liesen.

Op dëse Links fannt Dir eis Motounen déi vun der Majoritéit ofgeleent goufen.

Motioun 1

Motioun 2

D’Recht op Energie ass e fundamentaalt Mënscherecht, genausou wéi d’Recht op Gesondheet, d’Recht op Bildung, d’Recht op eng gesond Ëmwelt.

Jo, hei geet et ëm d’Recht op Dignitéit.

Déi duerch déi russesch Invasioun an der Ukrain verursaacht Energiedeirecht huet déi deemoleg Regierung dozou verleet fir am Hierscht vum 2022 Plafonnementer oder Subventiounen op divers Energiequellen anzeféieren : fir de Gas, de Mazout, de Bensinn, Pellets, déi urban Heizung an d’Elektrobornen fir Auto’en.

Beim Stroumpräis gouf iwwer de Kompensatiounsmechanismus eng Hëllef agefouert deen als Zil hat den globale Präis fir all Client op 21 Cents de Kilowatt ze stabiliséieren, eng Hëllef déi op Normalverbraucher limitéiert war (an nach ëmmer ass), also bis e Verbrauch vun 25.000 Kilowatt d’Joer.

Déi heite Regierung huet dunn d’läscht Joer decidéiert, et misst een déi Hëllefen ofschafen, bis op déi vum Stroum déi hallwéiert gouf, well mer rëm an der Normalitéit komm wieren.

Datt d’Energiepräisser awer erëm normal gi wieren, dat woen ech ganz staark ze bezweifelen.

De Mazoutspräis ass esou héich wéi virun 2 Joer an ass 2 bis 2,5 mol esou héich wéi 2020/21. De Gaspräis op den internationalen Echangen ass och 2 mol méi héich wéi 2020 – och wann do d’Formatioun vum Präis fir den Endclient méi komplizéiert ass.

Mee wat fir en Impakt hat d’Hallwéier vum Plafonnement op de Stroumpräis ?

D’Salariatskummer huet et berechent :

En duerchschnëttlechen Stot muss elo 270 Euro méi d’Joer bezuele fir de Stroum a 400 Euro méi fir de Gas vun datt do de Plafonnement ofgeschaaft gouf.

En duerchschnëttleche Stot mat enger Wärmepompel muss elo 1.077 Euro méi bezuele fir de Stroum pro Joer an 1.260 Euro méi wann en en Elektroauto huet.

Här Präsident,

Et war zwar net onbedéngt esou gewollt, mee zäitgläich mat der Ofschafung vun den Hëllefen ass och déi nei Tarifikatioun vum ILR a Kraaft getratt.

Déi huet awer och en Impakt op d’Finanze vun engem Stot.

Dat huet d’CSL och berechent :

Fir all Stot fir d’éischt, duerch d’Augmentatioun vun 11 % vun de Réseauskäschten eng generaliséiert Hausse vum Stroumpräis vu 5% verursaacht.

Duerno, all déi Stéit, déi en normalen Energieverbrauch hunn, sinn zwar net allze staark impaktéiert, mee mussen trotzdeem eng Hausse tëschent 5 an 8% verkraften.

Déi, déi ëm 10 oder 20 % am Depassement sinn, wäerten och eng Präishausse tëschent 16 an 28% erleiden.

Dat heescht, am grousse Ganze gewënnt keen eppes un deenen Ännerungen.

D’Regierung verteidegt sech mat Argumenter déi an eisen Aen an der Fro vum Stroumpräis net valabel sinn : d’Upassung vun der Steiertabell un den Index oder och d’Erhéijung vun der Allocation de vie chère.

Deen Impakt wäerten déi Äermst weiderhin ze spiere kréie well se net am Genoss vun de Steiermesure komme kënnen an d’Prime Energie wäert et och net kompenséieren.

Wat déi duerchschnëttlech Stéit ugeet, do wäert zwar eng Partie vun der Hausse vun de Präisser duerch d’Steiermesurë kompenséiert ginn.

Fir déi méi privilegéiert Stéit, déi an enger Wärmepompel oder an engem Elektroauto investéiere wollten, déi ginn elo duerch d’Entscheedunge vun dëser Regierung duerchernee bruecht.

Mee wéi gesot, déi heite Regierung ass der Meenung gewiescht datt mer zréck an der sougenannter Normalitéit wieren an aus deene Grënn, sot den Energieminister, misst een zréck zu de sougenannten « normale Marchéspräisser ».

Do muss een sech awer och d’Fro stelle wat gemengt gëtt mat normale Marchéspräisser wann ee vun der Energie schwätzt, zemools wann een dovunner ausgeet datt d’Energie e fundamentaalt Recht ass, zemools wou de Staat souguer laut EU-Recht e Monopolsrecht huet.

Wat wier dann den « normale Marchéspräis » vun der Schoul ?

Wat wier dann den « normale Marchéspräis » vum Gesondheetssystem ?

Wat wier dann den « normale Marchéspräis » vum ëffentlechen Transport ?

Ech weess net esou richteg wat d’Regierung versteet ënnert normal Marchéspräisser a wat dat iwwerhaapt bedeit an ob et iwwerhaapt erschwénglech ass ?

Ee vun den Argumenter vun der Regierung fir de Plafonnement ze hallwéieren, vu 60 op 30%, ass ze soen datt eise Stroumpräis am europäesche Verglach méi niddreg wier.

Wann ech awer d’Statistike vun Eurostat kucken, da muss ech feststellen datt dat nëmme wouer ass wa mer de Plafonnement bäibehalen.

Mam sougenannten normale Marchéspräis hätte mer ee vun den héichste Stroumpräisser europawäit, direkt hannert Irland.

Dat huet awer och domadder ze dinn datt mir eng ganz aner Opfaassung hu vun dat wat normal ass als Marchéspräis : mir berechnen nämlech d’Réseauskäschte mat a wälzen déi op d’Konsumenten of.

An do si mer beim Reseau : sollen d’Käschte vum Reseau am sougenannten normale Marchéspräis vum Stroum mat abegraff sinn ?

Do ass et awer jo och intressant, wann ech mer erlaben däerf, festzestellen datt den Här Minister engersäits vun « normale Marchéspräisser » schwätzt, anerersäits awer lo net ausschléisst fir d’Netzer gegeebenenfalls duerch de Budget ze finanzéieren.

An dorobber stäipt en sech op en Avis juridique dee ganz kloer seet datt de Stroum als staatleche Monopol kann ugesi ginn an an deem Sënn ëffentlech Interventiounen net als Distortioun vum EU-Konkurrenzrecht gesi kënne ginn. Dat seet an der Tëschenzäit jo och d’Kommissioun, well och si zu enger « normaler » Denkweis rëm gezwonge ginn an agesinn datt déi verschidde Liberaliséierungen net funktionéiert hunn an nëmme Misär veranstalt hunn.

An deem Kontext muss ech awer och soen datt ech et nach ëmmer net richteg novollzéie ka firwat dann den Här Minister, wéi e selwer behaapt huet, vun der Kommissioun op d’Fangere geschloe krut wéinst dem Plafonnement vum Stroumpräis.

Mee vläit kann en eis erkläre wouhier déi Géigesätz dann hierkommen.

Méi wéi och ëmmer si mir ganz kloer dofir – an dat war iwwregens ëmmer eis Positioun, mir brauchen eis do net ze wenden an ze kéieren – mir si ganz kloer dofir datt d’ëffentlech Hand erëm d’Handhab iwwert de Stroum, an iwwerhaapt iwwert d’Energie am allgemenge soll zréckkréien.

An deem Sënn si mer och der Meenung datt de Staat säin Undeel am Finanzement vun den Netzer soll eropsetzen a soumat d’Stéit vun deem Deel finanziell entlaaschten.

An deem Sënn wéilt ech eng éischt Motioun deposéieren, déi d’Regierung oprifft sech fir eng méi grouss Prise en charge vun den Netzkäschten anzesetze fir d’Stéit esou z’entlaaschten.

Zweetens : wéi sollen d’Tariffer ausgesinn ?

Déi beschte Manéier fir d’Kontroll vun den Tariffer ze sécheren ass selbstverständlech datt een als Land selwer esouvill wéi méiglech eege produzéiert an dat natierlech iwwer erneierbar Energien, well déi um Enn propper a méi bëlleg sinn.

Esou wäit si mer allerdéngs nach net. Mir si fir e konsequenten Ausbau vun der Produktioun vun erneierbaren Energien, mir sinn do och der Meenung datt d’ëffentlech Hand dat soll iwwerhuelen a mir sinn och der Meenung datt déi budgetär Mëttele solle fräigemaach ginn an dat och iwwer eng staark Kontributioun vu Leit mat héije Gehälter a mat méi héijer Besteierung vu Kapital.

Dat gesot, déi Situatioun ass leider nach zum Deel Zukunftsmusek well de politesche Wëlle leider feelt.

Mee et kann een elo schonn dofir suergen datt de Stroumverbrauch fir all Stot assuréiert gëtt an datt esouguer Leit déi Energie verbëtzen gestrooft ginn.

Amplaz dat Gepiddels wat mer an deene leschte Joren hate wou dann, soubal eng international Kris entsteet, d’Regierungen sech gezwonge gesi Plafonnementer anzeféieren oder mat Subventiounen ze schaffen an duerno ginn se rëm ofgeschaaft oder nëmmen zum Deel ofgeschaaft an da ginn se awer rëm agefouert an datt duerno eng nei Tarifikatioun entsteet wou d’Leit ufänke mussen ze rechne wéini a wat fir eng Maschinn se umaache solle fir net ze vill auszeginn.

Jee, amplaz vun deem ganze Chaos dee mir elo hunn, wou déi allermeescht vun eis guer net méi nokomme wat elo leeft, musse mer dofir suergen e propperen a nohaltege System anzeféieren.

Wat mir also fuerdere gläicht e bëssen deem wat mir beim Waasserpräis fuerderen.

Mir trieden a fir Einfachheet, Kloerheet a Gerechtegkeet.

An dëser Motioun déi ech elo deposéieren, fuerdere mer sozial gestaffelt Tariffer.

Dat heescht datt keen sech soll ruinéiere well en normal Stroum verbraucht, kee soll gestrooft gi wann en sech eng Wärmepompel oder en Elektroauto beschaaft a Leit déi iwwerdriwwe Stroum verbëtzen, jo, déi sollen natierlech bestrooft ginn.

Dofir brauch een och kloer établéiert Palier’e vum Stroumkonsum.

A Frankräich ass et och esou : do besteet zwar d’Méiglechkeet bei gewësse Fournisseuren ze goen a maartfixéiert Tariffer ze bezuelen, fir déi, déi aus iergendenger Ursaach dat esou wëllen, mee an der Reegel, fir den Ottonormalverbraucher wéi mir all, do gëtt et en ëffentlech fixéierten Tarif an et brauch een sech weider keng Suergen ze maachen ewéi deen Tarif ze bezuelen.

An et brauch een sech ëmsou manner Suergen ze maache fir et kënnen ze bezuele well den Tarif jo sollt sozial gestaffelt ginn.

Well wat mir elo mam Plafonnement maachen ass jo och schonn eng Form vu Staffelung vu datt de Plafonnement jo nëmme fir de Gebrauch vu manner vu 25.000 Kilowatt d’Joer gëllt, wat jo d’ailleurs och net jidderee wousst an deem ganze Kuddelmuddel. Dofir ass eis Propos net nëmme gutt fir d’Bierger, mee, well mir et jo gutt mam Energieminister mengen, wier et och gutt fir hien, well en dann net bräicht éiweg un d’Tariffer piddelen ze goe soubal et erëm zu enger neier Kris oder iergendenger Ursaach kënnt déi d’Déierescht op den internationale Mäert an d’Luucht dreift.

Widderspréchlech Aussoe punkto nei Tarifikatioun vum Elektresch. déi Lénk froen eng aktuell Stonn an der Chamber un.

Wat stécht wierklech hannert der neier Tarifikatioun vum Elektresch? Mir hunn des Fro schonn am Hierscht opgeworf wéi d’Annonce vum ILR komm ass. Deemools huet et geheescht, déi vaste Majoritéit vun de Stéit wier guer net betraff vun dëser neier Tarifikatioun. Puer Méint drop gëllt et awer festzestellen, dass déi nei Struktur kräfteg Präishausse mat sech bréngt an d’Leit dat an dëse Woche lues awer sécher op hire Rechnunge gesinn. déi Lénk hunn dowéinst eng aktuell Stonn an der Chamber ugefrot fir Erklärunge vum Energieminister ze kréien.

D’Chambre des Salariés huet am Januar ausgerechent, dass déi nei Tarifikatioun vun de Réseaukäschten beim Elektresch all d’Stéit zu Lëtzebuerg betrëfft a souguer och liicht Ofwäichungen vum Standardverbrauch zu spierbaren Präishaussen féiere wäerten, déi sech tëscht 15 an 30% beweegen. D’Aussoen déi am Hierscht gemaach goufe vum Regulateur an och vum Minister selwer waren also net richteg. Den Energieminister huet och an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten David Wagner confirméiert, dass d’Berechnunge vun der CSL korrekt sinn.

Dass et Stéit mat Wärmepompel oder Elektroauto nach méi zolidd erwësche sollt war zwar annoncéiert ginn, mee iwwer d’Ausmooss dovunner wäerte mir réischt no an no méi e kloert Bild kréien. Ob de vun RTL dokumentéierte Fall vun der Famill, déi 75% méi fir d’Elektresch bezilt en Ausnamefall ass oder net, wäert sech séier weisen. Zumindest kuriéis ass an dësem Kontext d’Ausso vum Direkter vun Encevo, deen sech iwwerrascht weist iwwer d’Ausmooss vun de Präishaussen a gläichzäiteg och seet, dass kee kéint wësse wéi d’Präisser an noer Zukunft evoluéiere wäerten.

Et wierkt also, wéi wa keen sou richteg wéisst, wéi de Präis vum Elektresch an den nächste Méint wäert schwanken a wéi dat d’Stéit treffe wäert. Dat interpelléiert déi Lénk ganz sérieux, wëll et jo grad de Präis ass mat dem des an och d’Virgängerregierungen d’Energietransitioun wëlle steieren. D’Regierung riskéiert mat dëse Präisspillereien d’Energietransitioun ofzewiergen. Da brauche mer och keng Pic’en beim Stroumverbrauch méi ze fäerten. déi Lénk hoffen, dass d’Aktualitéitsstonn vum David Wagner am Mäerz an der Chamber zumindest e puer Äntwerten vum zoustännege Minister Lex Delles fir d’Leit ka liwweren.

Demande pour une heure d’actualité au sujet de la hausse des prix de l’électricité.

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 84 du Règlement de la Chambre des Députés, nous demandons par la présente la tenue d’une heure d’actualité au sujet de la hausse des prix de l’électricité depuis le début de l’année 2025 et son impact sur les ménages.

Partant, notre sensibilité politique voudrait en discuter lors d’une heure d’actualité à la Chambre des Députés.

Avec nos salutations respectueuses,

David Wagner                                                 Marc Baum
Député                                                            Député

Question parlementaire relative à l’impact de la modification de la structure tarifaire pour l’utilisation du réseau d’électricité basse tension

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je vous prie de bien vouloir transmettre la question parlementaire suivante à Monsieur le ministre de l’Économie, des PME, de l’Énergie et du Tourisme.

La Chambre des Salariés (CSL) prévient dans une note tout récemment publiée que la modification de la strucuture tarifaire pour l’utilisation du réseau d’électricité basse tension entrainerait une augmentation généralisée des prix de l’électricité à partir du 1er janvier 2025.

Dans sa note la CSL a estimé l’augmentation des coûts d’utilisation du réseau basse tension à 11%. Cette hausse concernerait en principe tous les ménages mais impacterait en premier lieu les ménages qui ont investi dans l’électrification de leur chauffage domestique ou de leur mobilité. Ces ménages devraient s’attendre à des hausses des coûts par rapport à 2024 qui pourraient facilement atteindre les 25-33%. Ces hausses sensibles sur les coûts s’expliqueraient surtout par l’impact tarifaire des dépassements de la puissance de référence.

Dans sa réponse à la question n°1196 Monsieur le Ministre a pourtant assuré que « la nouvelle structure tarifaire aura très peu d’impact sur la majorité des clients ». Le texte informatif publié sur le site de la Klima-Agence va dans le même sens en affirmant que « Pour les clients résidentiels utilisant uniquement des appareils ménagers standards, l’impact de cette nouvelle structure tarifaire sera négligeable. »

Partant je voudrais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre :

  1. Quelle est l’appréciation de Monsieur le Ministre des calculs effectués par la Chambre des Salariés ? Monsieur le Ministre peut-il confirmer que la nouvelle tarification est susceptible d’entrainer des hausses généralisées des coûts d’utlisation du réseau basse tension telles que calculées par la CSL et que ces hausses concernent particulièrement les clients qui ont investi dans l’électification du chauffage et/ou de la mobilité ?
  2. Dans la négative à la question précédente, Monsieur le Ministre peut-il me fournir les éléments (projections, calculs etc.) lui permettant de réfuter les calculs de la CSL ?
  3. Dans l’affirmative à ma première question, Monsieur le Ministre entend-il prendre des mesures visant à atténuer l’impact de la nouvelle structure tarifaire ? Si oui, lesquelles ?

Veuillez croire, Monsieur le Président, à l’expression de nos sentiments respectueux,

David Wagner
Député

Motion pour maintenir le plafonnement des prix de l’énergie.

Cette motion est soutenue par le LSAP et le Parti Pirate

La Chambre des Députés

  • Saluant les mesures mises en place en septembre 2022 et prolongées en 2023 pour atténuer la hausse exceptionnelle des prix de l’énergie jusqu’au 31 décembre 2024 ;

  • Considérant que les mesures d’atténuation suivantes sont ainsi censées prendre fin le 31 décembre 2024 :

    • la contribution étatique visant à stabiliser les prix de l’électricité pour les clients résidentiels, en moyenne, à leur niveau de 2022 ;
    • la subvention du prix du gaz naturel visant à limiter, pour les clients résidentiels, la hausse des prix à +15% par rapport au niveau de prix moyen du gaz naturel de septembre 2022 ;
    • la subvention du mazout visant une réduction de son prix de vente de 15 centimes/litre TTC ;
    • la subvention du gaz pétrole liquéfié pour les ménages visant une réduction de son prix de vente de 0,20 €/kg ;
    • la subvention des granulés de bois utilisés pour le chauffage domestique visant une réduction de leur prix de vente jusqu’à 35 % du prix, avec un maximum de 200€ par tonne ;
    • la subvention de la fourniture de chaleur pour les ménages raccordés à un réseau de chauffage urbain visant à limiter la hausse des prix à +15 % par rapport au niveau de prix moyen de septembre 2022 ;

  • Considérant que toutes ces mesures ont permis de limiter l’impact de l’explosion des prix de l’énergie sur les ménages indépendamment de leurs équipements en matière de chauffage domestique à la suite de l’invasion russe en Ukraine ;

  • Considérant que le gouvernement a décidé de ne pas prolonger ces mesures à l’exception d’une limitation réduite du prix de l’électricité à +30% de leur niveau de 2022 jusqu’au 31 décembre 2025 ;

  • Considérant que la non-prolongation des mesures citées ci-dessus entrainerait une augmentation significative des coûts de chauffage pour tous les ménages au Luxembourg qui toucherait principalement les ménages moins aisés ;
  • Considérant que la nouvelle tarification de l’utilisation du réseau électrique mise en application à partir du 1er janvier 2025 entraînera davantage une hausse des prix de l’électricité ; 
  • Considérant que l’impact financier sur le budget de l’État pour la prolongation d’une année supplémentaire de toutes les mesures de limitation des prix de l’énergie resterait largement finançable, alors que les coûts supplémentaires à partir de 2025 risquent d’entraîner des problèmes financiers pour les ménages moins aisés ;

  • Considérant que la limitation réduite du prix de l’électricité proposée par le gouvernement entrainerait une augmentation sensible des coûts de chauffage des ménages ayant opté pour un chauffage domestique écologique tel qu’une pompe à chaleur sapant ainsi les efforts entrepris par les ménages en matière de transition énergétique ;

invite le Gouvernement

à prolonger d’une année supplémentaire toutes les mesures de limitation des prix de l’énergie actuellement en place.

Pressekonferenz: D’Energiepräisser weider deckelen !

Op den 1. Januar 2025 leeft de Präisdeckel um Gaspräis fir d’Stéit aus an den Deckel um Stroumpräis gëtt nei festgeluecht (Projet de loi n°8428), sou dass d’Stéit méi fir hiert Elektresch musse bezuelen. Donieft falen och d’Hëllefe bei den Holzpellets a beim Mazout ewech.

De Premier Luc Frieden huet dat partiellt Enn vum Präisdeckel op der Energie a senger Ried iwwer den Etat de la Nation am Juni 2024 ugekënnegt an dat domat begrënnt, dass d’Präisser sech erëm normaliséiere géifen an doduerch den Deckel ab 2025 auslafe gelooss ka ginn.

Dat ass awer esou net richteg. D’Präisser um Gas an um Elektresch leie weider däitlech iwwer dem Niveau vu virum russeschen Ugrëff op d’Ukrain. D’Gas-Präisser klamme säit Méint erëm[1] a mir wësse jo, dass de Stroumpräis vum Gaspräis ofhänkt. Geopolitesch Onsécherheeten a Kricher wäerte sécher net dozou bäidroen, dass d’Präisser zréckginn.

Wat bedeit dat fir d’Stéit?

D’Chambre des Salariés huet opgrond vun den Zuele vum Statec berechent, dass en duerchschnëttleche Stot, dee mat Gas hëtzt, 2025 640€ méi fir Energie wäert musse bezuele wéi 2024. Fir Stéit, déi an erneierbar Energien investéiert hunn a mat Wärmepompel hëtzen, wäert d’Hausse op d’nächst Joer souguer bei 1070€ leien.

Dat heescht also, dass all d’Stéit betraff sinn an däitlech méi fir hire Grondbedarf un Energie mussen ausginn. Doriwwer eraus gi Stéit déi méi Stroum brauche wëll se op erneierbar respektiv stroumbedriwwe Geräter ëmgeklomme sinn (Wärmepompel, Elektroauto…) elo finanziell bestrooft. En Ureiz fir d’energeetesch Transitioun gëtt esou net geschaf, och wann ee bedenkt, dass staatlech Hëllefe fir Photovoltaik beispillsweis och nach reduzéiert gi sinn.

Inkohärenz vun der Regierung

D’Regierung geet oniwwerluecht vir andeem se engersäits zouléisst, dass Stéit déi sech an d’Energietransitioun lancéiert hunn elo däitlech méi staark belaascht ginn duerch méi héich Stroumpräisser, wärend se anerersäits Subventioune fir Photovoltaik-Anlagen an Elektroautoen erofschrauft. War et bis elo esou, dass iwwer de Präis an iwwer ëffentlech Subventioune versicht gouf de Leit Investitiounen a propper Energie oder an energiespuerend Geräter méi no ze bréngen, mécht déi heite Regierung elo de geneeë Géigendeel. Se mécht des Investitioune manner interessant. D’Ambitioun beim Remplacement vu Gas- a Masuttsheizungen gouf am neie PNEC och nach erofgesat, eng Decisioun, déi och an dës Entwécklung passt.

Mir kënnen also net gesinn, dass d’Regierung bestrieft wier fir d’Ofhängegkeet vun Energieimporter a fossille Brennstoffer ze reduzéieren, andeem se de Leit en attraktive Klimaschutz géif proposéieren. Am Géigendeel souguer, se erschwéiert de Klimaschutz.

Konfusioun bei de Stroumpräisser ab 2025

Déi nei Tarifikatioun vum Elektresch, déi den ILR viru puer Woche präsentéiert huet, schaaft zousätzlech Onkloer- an Onsécherheete fir d’Stéit. Mir hunn des Decisioun kritiséiert an do besonnesch och den Zäitpunkt, deen um 1. Januar 2025 mam partiellen Enn vum Stroumpräisdeckel zesummefale wäert an doduerch de Leit mat enger Präishausse ënnergejubelt wäert ginn. Domat gëtt natierlech kee Vertraue bei de Leit geschaf. Dobäi kënnt, dass och des nei Tarifikatioun besonnesch riskéiert Leit ze treffen, déi schonn investéiert hunn an nei Geräter a beispillsweis an den Elektroauto.

An och hei ass et kontraproduktiv, dass d’Hëllefe fir Photovoltaik-Anlagen a Batterië säit Oktober reduzéiert sinn, wëll grad déi Infrastruktur et Stéit kéint erlaben ausserhalb vun de Peak-Zäite Stroum kënnen ze benotzen, beispillsweis aus der Batterie déi daagsiwwer geluede gouf.

Energiepräisdeckel fir ee Joer integral verlängeren!

Aus de genannte Grënn fuerderen déi Lénk eng Verlängerung am Joer 2025 vum aktuell nach bestoende Präisdeckel. D’Regierung soll waarde bis d’Präisser wierklech erëm op de pre-Krisenniveau zréckgefall sinn an de Stéit op dem Wee ab Januar gepeffert Energierechnungen z’erspueren.

déi Lénk hunn dofir eng Petitioun lancéiert.[2]

Natierlech soll de Staat net éiweg e Präisdeckel finanzéieren. Prioritär soll de Staat de Finanzement vun der energeetescher Transitioun verstäerken anstatt wéi elo geschitt de Géigendeel ze maachen. Nëmmen andeem déi erneierbar Energieproduktioun an ëffentlecher an a Biergerhand (beispillsweis mat Kooperativen) verstäerkt opgebaut gëtt, kënne mir eis no an no manner ofhängeg maachen vun den internationalen Energiemäert, déi arbiträr Präisser bewierken an ëmmer am Interesse vu groussen Investoren a Spekulante fonctionnéieren.


[1] De Präis um gréissten europäesche Gashub an Holland si säit Juni em ronn 50% geklommen.

[2] https://actionnetwork.org/forms/energiepraisser-weider-deckelen-prolonger-le-plafonnement-des-prix-de-lenergie?source=direct_link&


Conférence de presse : Prolonger le plafonnement des prix de l’énergie !

Le plafonnement du prix du gaz pour les ménages expirera à la fin de l’année 2024 tandis que le plafonnement du prix de l’électricité sera adapté (Projet de loi n°8428), de sorte que les factures d’électricité des ménages augmenteront. De plus, les allocations pour les granulés de bois et le fioul seront également supprimées.

Dans son discours sur l’état de la nation de juin 2024, le Premier ministre Luc Frieden a annoncé la fin partielle du plafonnement des prix de l’énergie et a justifié cette décision en affirmant que les prix reviendraient à la normale et que le plafond pourrait expirer à partir de 2025.

Cependant, ce n’est pas vrai. Les prix du gaz et de l’électricité sont encore nettement supérieurs à ceux d’avant l’attaque russe contre l’Ukraine. Les prix du gaz augmentent depuis des mois[1] et on sait que le prix de l’électricité dépend du prix du gaz. Les incertitudes géopolitiques et les guerres ne contribueront certainement pas à une baisse des prix.

Qu’est-ce que cela signifie pour les ménages ?

La Chambre des Salariés a calculé, à partir des chiffres du Statec, qu’un ménage moyen qui se chauffe au gaz devra payer 640 € de plus pour l’énergie en 2025 qu’en 2024. Pour les ménages qui ont investi dans les énergies renouvelables et le chauffage avec une pompe à chaleur, l’augmentation se situera à 1070 € l’année prochaine.

Cela signifie que tous les ménages sont concernés et doivent dépenser beaucoup plus pour leurs besoins énergétiques de base. De plus, les ménages qui ont besoin de plus d’électricité parce qu’ils ont déjà fait le choix de remplacer leur chauffage sont désormais pénalisés financièrement. Le gouvernement ne crée donc aucune incitation à la transition énergétique, même si l’on considère que les aides d’État au photovoltaïque, par exemple, ont également été réduites.

Incohérence du gouvernement

Le gouvernement agit de manière imprudente en admettant, d’une part, que les ménages qui se sont lancés dans la transition énergétique seront désormais nettement plus pénalisés par la hausse des prix de l’électricité, et d’autre part, en réduisant les subventions aux installations photovoltaïques et aux voitures électriques. Jusqu’à présent, les prix et les subventions publiques servaient à favoriser les investissements dans les énergies propres ou dans les appareils économes en énergie des citoyens. Aujourd’hui, le gouvernement fait exactement le contraire. Il rend ces investissements moins intéressants. La réduction de l’ambition relative au remplacement des chauffages au gaz et au fioul dans le nouveau PNEC s’inscrit également dans cette évolution.

Nous ne pouvons donc pas imaginer que le gouvernement s’efforcerait de réduire la dépendance aux importations d’énergie et aux combustibles fossiles en offrant à la population une politique de protection du climat attrayante. Au contraire, cela rend la protection du climat plus difficile.

Confusion sur les prix de l’électricité à partir de 2025

Le nouveau tarif de l’électricité présenté il y a quelques semaines par l’ILR crée des incertitudes supplémentaires pour les ménages. Nous avons déjà critiqué la décision et surtout le calendrier, qui coïncidera avec la fin partielle du plafonnement des prix de l’électricité le 1er janvier 2025. Bien entendu, cela complique la visibilité sur les prix et ne crée pas la confiance auprès des gens. En outre, le nouveau tarif risque de toucher particulièrement les personnes qui ont déjà investi dans de nouveaux appareils et, par exemple, dans une voiture électrique.

Il est au surplus contre-productif que les aides aux systèmes et batteries photovoltaïques aient été réduites depuis octobre, précisément parce que ce type d’infrastructures pourraient permettre aux ménages d’utiliser l’électricité en dehors des heures de pointe, par exemple à partir de la batterie chargée pendant la journée.

Prolonger le plafonnement des prix de l’énergie pour 2025 !

Pour les raisons évoquées ci-dessus, déi Lénk réclame une prolongation en 2025 du plafonnement des prix actuellement en vigueur. Le gouvernement devrait attendre que les prix reviennent réellement à leur niveau d’avant la crise et épargner aux ménages des factures d’énergie salées en 2025.

déi Lénk a lancé une pétition pour demander la prolongation du plafonnement.[2]

L’État ne devrait pourtant pas financer indéfiniment un plafonnement des prix. En priorité, l’État devrait renforcer le financement de la transition énergétique au lieu de faire l’inverse, comme c’est le cas actuellement.

Ce n’est qu’en augmentant la production d’énergie renouvelable entre les mains du public et des citoyens (par exemple grâce aux coopératives) que nous pourrons progressivement devenir moins dépendants des marchés internationaux de l’énergie, qui provoquent des prix arbitraires et fonctionnent toujours dans l’intérêt des grands investisseurs et des spéculateurs.


[1] Le prix du gaz TTF Dutch (le repère au niveau européen en matière de prix du gaz) a augmenté de 50% depuis 2025.

[2] https://actionnetwork.org/forms/energiepraisser-weider-deckelen-prolonger-le-plafonnement-des-prix-de-lenergie?source=direct_link&

Nei Stroumpräisser: Ontransparenz a Bedenken.

Ab dem 1. Januar gëtt eng nei Tarifikatioun um Elektresch agefouert. De Regulateur vum Elektreschréseau betount zwar, dass et keng gréisser Changementer wäert ginn, mee eng Partie Froe bleiwen awer ongekläert. Virun allem riskéiert déi nei Tarifikatioun kontraproduktiv ze ginn, och wëll den 1. Januar d’Stroumpräisser 30% méi deier wäerte ginn.

Déi nei Tarifikatioun soll dozou bäidroen, dass de Spëtzeverbrauch un Elektresch erofgeet, wëll zu bestëmmten Zäiten d’Netzkäschte méi héich ginn. D’Leit sollen also iwwer de méi deiere Präis dozou bruecht ginn, hiren Elektreschverbrauch iwwer den Dag ze verdeelen fir dass de Réseau net zevill belaascht gëtt. Vereinfacht ausgedréckt: Maach déng Wäsch besser am spéide Moie wéi um Feierowend. Des nei Tarifikatioun gëtt doduerch begrënnt, dass déi staark Elektrifizéierung eng méi effikass Gestioun vum Reseau néideg mécht fir Iwwerlaaschtungen ze verhënneren. Mee doduerch entstinn awer och eng Rei Problemer.

Fir vill Stéit ass de Stroumverbrauch net einfach esou an eng aner Dageszäit ze verleeën. Dat betrëfft virun allem déi Leit, déi net am Home Office schaffe kënnen, also noutgedrongen am fréien Owend oder moies fréi an de Spëtzestonnen hir Energie verbrauchen. De Verweis op intelligent Geräter, déi een à distance programméiere kann, ass sécher eng gutt Optioun, mee sou Geräter si fir vill Stéit ze deier.

Doriwwer eraus riskéiert déi nei Tarifikatioun Stéit ze strofen, déi elo op Elektromobilitéit oder op eng Wärmepompel ëmklammen oder rezent ëmgeklomme sinn. De Spëtzeverbrauch gëtt nämlech vum Fournisseur berechent opgrond vum Verbrauch vum Stot vun de vergaangene Joren. Dee kann a ville Fäll déif gewiescht sinn, mee kann 2025 awer eropgoen, wëll en Elektroauto ugeschaaft oder d’Heizung duerch eng Wärmepompel ersat gouf. Dës Stéit kënne je nodeem méi staark Haussë beim Stroumpräis kréien.

Besonnesch problematesch gesinn déi Lénk, dass des nei Tarifikatioun um Elektresch zäitgläich mam deelweisen Enn vum Präisdeckel soll kommen. D’Präisser klammen ab Januar souwisou an den Effekt vun der neier Tarifikatioun gëtt op dem Wee op de Stroumrechnungen de facto ënnerschloen. Dëst ass net nëmmen ontransparent mee och net fërderlech fir de Leit en anere Stroumkonsum méi no ze bréngen. déi Lénk stinn ënnerschiddlechen Tarifikatioune vum Elektresch sécher net vu vir eran skeptesch géigeniwwer. Mir fuerdere scho méi laang gestaffelt Präisser um Waasser an op der Energie fir fir e verstännege Konsum ze suergen. An der Tarifikatioun déi ab 1. Januar a Kraaft trëtt, ass dat net de Fall, wëll se net zum Energiespueren ureegt an net de gesamte Verbrauch berécksichtegt, mee just d’Zäit vun dem Verbrauch.

Grad d’Aspuere vun Elektresch misst awer d’Zilsetzung vun der Organisatioun vum Elektreschréseau sinn, wëll dee Stroum, den net verbraucht gëtt, brauch net geliwwert ze ginn, och net an de Spëtzestonnen.

Et sief och drun erënnert, dass d’Stéit zu Lëtzebuerg nëmme ronn 15% vum gesamte Stroum verbrauchen, wärend Industrie, Commercen a Bürosgebaier 80% vum Stroum verbrauchen. De gréisste Spillraum beim Ajustement vum Stroumverbrauch gëtt et also sécher net bei de Stéit. Wann zu de Spëtzestonnen um Feierowend ze vill Elektresch verbraucht gëtt, da proposéiere mir, dass zu deene Stonnen digital Werbeflächen an d’Beliichtung vu Schaufënsteren ausgeschalt solle ginn. Et ass vun enger Absurditéit sonn a gläichen, dass eng Famill doheem méi fir de Stroum bezilt, wëll se owes nom Iessen hir Spullmaschinne lafe léisst, wärend virun der Dir eng Luxair-Reklamm d’Strooss beliicht.


Nouveaux tarifs de l’électricité : Non-transparence et inquiétudes.

A partir du 1er janvier, une nouvelle tarification sera introduite pour l’électricité. Le régulateur du réseau électrique souligne qu’il n’y aura pas de changements majeurs, mais un certain nombre de questions restent sans réponse. Surtout, la nouvelle tarification risque d’être contre-productive aussi parce qu’au 1er janvier, les prix de l’électricité augmenteront de 30%.

Les nouveaux tarifs sont censés contribuer à réduire la consommation d’électricité aux heures de pointe parce que les coûts de réseau seont plus élevés durant ces heures. Le prix plus élevé devrait donc inciter les gens à répartir leur consommation d’électricité sur la journée afin que le réseau ne soit pas trop sollicité. En termes simples : il vaut mieux faire sa lessive tard le matin que le soir. Le nouveau tarif se justifie par le fait que la forte électrification rend nécessaire une gestion plus efficace du réseau pour éviter les surcharges. Mais cela pose également un certain nombre de problèmes.

Pour de nombreux ménages, il n’est pas facile de changer les habitudes de consommation d’électricité. Cela concerne avant tout les personnes qui sont dans l’impossibilité de faire du télétravail et qui doivent donc consommer un maximum d’énergie en début de soirée ou tôt le matin aux heures de pointe donc. La référence aux appareils intelligents et programmables à distance est certes une bonne option, mais ces appareils sont trop chers pour de nombreux foyers.

De plus, le nouveau tarif risque de pénaliser les ménages qui se tournent désormais vers l’électromobilité ou la pompe à chaleur ou qui l’ont récemment fait. La consommation de pointe est calculée par le fournisseur sur la base de la consommation du ménage au cours des dernières années. Il a pu être faible dans de nombreux cas, mais pourrait augmenter en 2025, si une voiture électrique a été acquise ou si le chauffage a été remplacé par une pompe à chaleur. Ces ménages pourraient être confrontés à des de prix d’électricité plus élevés.

déi Lénk considère qu’il est particulièrement problématique que les nouveaux tarifs de l’électricité surviennent en même temps que la fin partielle du plafonnement des prix. Les prix augmenteront de toute façon à partir de janvier et l’effet du nouveau tarif sera de facto escamoté sur les factures d’électricité. Ceci n’est pas seulement opaque, mais ne permet pas non plus de populariser une autre consommation d’électricité. déi Lénk n’est pas opposé par principe aux différents tarifs d’électricité. Nous réclamons depuis longtemps des prix échelonnés pour l’eau et l’énergie afin de garantir une consommation raisonnable. Ce n’est pas le cas du tarif qui entre en vigueur le 1er janvier, il n’encouragera pas les économies d’énergie et ne prend pas en compte la consommation totale, mais uniquement le temps de consommation. Or, ce sont justement les économies d’électricité qui devraient être le principal objectif de l’organisation du réseau électrique, parce que l’électricité non consommée n’a pas besoin d’être fournie, même aux heures de pointe.

Rappelons également que les ménages luxembourgeois ne consomment qu’environ 15 % de l’électricité totale, tandis que l’industrie, le commerce et les immeubles de bureaux consomment 80 % de l’électricité. Les ménages ne disposent donc pas de la plus grande marge de manœuvre pour ajuster leur consommation d’électricité. Si la consommation d’électricité est trop importante pendant les heures de pointe en fin de journée, nous suggérons d’éteindre les surfaces publicitaires numériques et l’éclairage des vitrines pendant ces heures. Il est tout à fait absurde qu’une famille paie plus cher l’électricité si elle veut faire fonctionner son lave-vaisselle le soir après le dîner, alors qu’une publicité Luxair éclaire la rue devant la maison.

Question parlementaire relative à l’efficacité énergétique des entreprises

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je vous prie de bien vouloir transmettre la question parlementaire suivante à Monsieur le Ministre de l’Économie, des PME, de l’Énergie et du Tourisme.

Dans le cadre d’un accord volontaire conclu pour la période 2021-2023 entre le Gouvernement et la FEDIL en coopération avec My Energy GIE relatif à l’amélioration de l’efficacité énergétique dans l’industrie luxembourgeoise, les entreprises adhérentes s’engageaient à mettre en œuvre dess efforts particuliers pour atteindre l’objectif commun qui consistait en l’amélioration de 4,5 % de l’efficacité énergétique globale de l’ensemble des participants jusqu’à la fin de l’année 2023.

Une version révisée de l’accord volontaire est censée être en vigueur depuis l’année 2024.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre :

  1. Combien d’entreprises ont adhéré à cet accord volontaire pour la période 2021 à 2023 ?
  2. Quel est le poids total des entreprises adhérantes dans la consommation énergétique finale et dans le bilan des émissions de gaz à effet de serre du Luxembourg respectivement de l’industrie luxembourgeoise ?
  3. Quel taux d’amélioration moyen a été réalisée au niveau de l’indice de l’efficacité énergétique par l’ensemble des parties adhérentes à l’accord volontaire ? Combien d’entreprises adhérantes ont réalisé leurs objectifs en matière d’amélioration de l’efficacité énergétique globale ?
  4. L’évolution au niveau de l’indice de l’efficacité énergétique des entreprises adhérantes se distingue-t-elle de l’évolution de cet indice pour la totalité des entreprises industrielles ? Si oui, dans quelle mesure ?
  5. La révision de l’accord volontaire censée être entrée en 2024 a-t-elle été basée sur une évaluation de l’accord initial en vigueur entre 2021 et 2023 ? Si oui, quelles adaptations majeures ont été apportées à la nouvelle version de l’accord ?

Veuillez croire, Monsieur le Président, à l’expression de mes sentiments respectueux.

David Wagner
Député

Energiepräisser: Den Deckel muss drop bleiwen.

Enn 2024 leeft beim aktuelle politesche Stand déi staatlech organiséiert a finanzéiert Plafonnéierung vun den Energiepräisser aus. Laut Encevo, de Grupp an dem och Creos an Enovos dra sinn, géife mam Auslafe vun dësem Präisdeckel ab 2025 de Gas em 17% an de Stroum souguer em 60% méi deier ginn.  Mat dem staatlech  subventionnéierte Präisdeckel huet Encevo e Gewënn no Steiere vun 171 Milliounen € gemaach, eng däitlech Hausse par rapport zu 2022.  déi Lénk fuerderen ab 2025 en neie Präisdeckel, dee sozial an ekologesch och Sënn mécht an net Profitmargë vun Energiebetriber ofséchert.

Aus der Bilanz vun Encevo geet däitlech ervir, dass d’Steigerung beim Gewënn op déi héich Energiepräisser zréckzeféieren ass. Beim Verkaf vun Energie ass et eng Hausse vun 53% beim Ëmsaz, ronn 1,5 Milliarden € sinn do méi an d’Keese gefloss wéi nach 2022.[1] Dëst erkläert sech engersäits natierlech duerch déi méi héich Präisser fir de Client, anerersäits awer och dass aus dem Staatsbudget säfteg Beträg u Encevo gefloss si fir d’Präishaussen awer ze limitéieren.

Encevo selwer huet finanziell also keen Effort gemaach, mee konnt vun der Energiekris profitéieren. D’Stéit dogéint hu méi héich Präisser bezuelt an indirekt d’Stabiliséierung vum erhéijte Präis selwer iwwer de Staatsbudget matbezuelt. Encevo huet elo annoncéiert de sou geschafene Gewënn och nach iwwer Dividenden un d’Aktionäre verdeelen ze wëllen.

Des Dividende fléissen e.a. zréck un de Staat, mee se fléissen eben och un d’Spuerkeess – déi 2023 och Rekordgewënner erziilt huet – an un d’Poste, déi domat hir Servicer digitaliséieren an de Service um Client ofbauen. Virun allem awer fléissen se och un e chineesesche Staatsfong, dee 24% vum Kapital vun Encevo huet. Anstatt dass déi erziilte Gewënner wéinstens integral an d’energeetesch Transitioun investéiert ginn, landen se an de Bilane vun Entreprisen a Fongen, déi näischt mam Lëtzebuerger Energiesystem ze dinn hunn.

D’Präsentatioun vun dësen Zuele vun Encevo mécht op en Neits däitlech, dass d’Energiekonzerner ni hätte liberaliséiert dierfe ginn, wëll nëmmen duerch d’Liberaliséierung gëtt d’Dir fir Investoren op der Sich no Rentabilitéit iwwerhaapt mol opgemaach. D’Produktioun souwéi d’Transmissioun an d’Distributioun vun Energie gehéieren zu der Basisinfrastruktur, déi eng modern Gesellschaft brauch fir ze fonctionéieren. Dofir mussen se an der ëffentlecher Hand sinn a se dierfen net primär opgrond vun enger Rentabilitéitslogik un Investore verschleidert ginn.

D’Iwwerféierung vun der Energieinfrastruktur an d’ëffentlech Hand géif dëse Beräich och demokratiséieren. Doduerch kéint eng méi ambitiéis energeetesch Transitioun duerchgesat ginn an d’Präispolitik am Sënn vu sozialen an ekologeschen Aspekter gemaach ginn. Et ass an dëser Optik an där déi Lénk eng Staffelung vun den Energie- a Waasserpräisser froen. De Grondbedarf soll gratis sinn, wärend en exzessive Konsum u Waasser an Energie mat vill méi héije Präisser soll ageschränkt ginn.

Mir wëllen also en neien Energiepräissdeckel ab 2025 a fuerderen d’Regierung op méiglechst séier iwwer déi annoncéiert Präisshaussen Stellung ze huelen.


[1] https://www.encevo.eu/wp-content/uploads/2024/05/ENC_RA_final-version_DIGITAL_13052024.pdf


Prix de l’énergie: le plafond doit être maintenu.

Fin 2024, à politique inchangée, le plafond des prix de l’énergie, financé par l’État, expirera. Selon Encevo, le groupe qui comprend Creos et Enovos, l’expiration de ce plafond signifie une hausse de 17% du prix du gaz et même de 60% du prix de l’électricité à partir de 2025. Avec le plafonnement des prix subventionné par l’État, Encevo a réalisé un bénéfice après impôts de 171 millions d’euros, soit une augmentation significative par rapport à 2022[1]. déi Lénk réclame un nouveau plafonnement des prix à partir de 2025, doit prendre en compte des facteurs sociaux et écologique et ne pas exclusivement garantir les marges des entreprises.

Il ressort clairement du bilan d’Encevo que l’augmentation des bénéfices est imputable aux prix élevés de l’énergie. Dans la vente d’énergie, le chiffre d’affaires a augmenté de 53%, ce qui corresponds à un plus de 1,5 milliard d’euros par rapport à 2022. D’une part, cela s’explique par les prix plus élevés facturés aux clients, d’autre part par d’importantes sommes provenant du budget de l’État pour compenser la hausse des prix.

Encevo elle-même n’a fait aucun effort financier, mais a pu profiter de la crise énergétique. Les ménages, en revanche, ont payé des prix plus élevés et ont indirectement contribué à la stabilisation de la hausse des prix via le budget de l’État. Encevo a annoncé vouloir distribuer le bénéfice ainsi généré aux actionnaires sous forme de dividendes.

Certes une partie de ces dividendes retournent à l’État, mais une partie va également vers la Caisse d’épargne – qui a fait des bénéfices records en 2023 grâce aux taux d’intérêts – et vers la Poste, qui digitalise ses services et réduira le service client. Mais surtout, ils affluent également vers un fonds d’État chinois, qui détient 24% du capital d’Encevo. Au lieu d’investir les bénéfices dans la transition énergétique, on les laisse gonfler les bilans d’entreprises et de fonds qui n’ont rien à voir avec le système énergétique luxembourgeois. La présentation de ces chiffres par Encevo montre une fois de plus que les sociétés énergétiques n’auraient jamais dû être libéralisées, car seule la libéralisation a ouvert les portes aux investisseurs en quête de rentabilité. La production ainsi que l’acheminement et la distribution de l’énergie font partie de l’infrastructure de base dont une société moderne a besoin pour fonctionner. Ils doivent donc être entre les mains du public et ne doivent pas être vendus à des investisseurs dont le seul souci est la rentabilité. Le transfert des infrastructures énergétiques vers le public démocratiserait également ce domaine. Ainsi, une transition énergétique plus ambitieuse pourrait être mise en œuvre et la politique des prix pourrait être élaborée en termes d’aspects sociaux et écologiques. C’est dans cette optique que déi Lénk demande un échelonnement des prix de l’énergie et de l’eau. Les besoins fondamentaux devraient être gratuits, tandis que la consommation excessive d’eau et d’énergie doit coûter nettement plus cher. Nous souhaitons donc un nouveau plafonnement des prix de l’énergie à partir de 2025 et exhortons le gouvernement à prendre position le plus rapidement possible sur le dé plafonnement des prix annoncé.


[1]  https://www.encevo.eu/wp-content/uploads/2024/05/ENC_RA_final-version_DIGITAL_13052024.pdf

Question parlementaire relative à l’allocation de vie chère et à la prime énergie pour l’année 2023

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je voudrais poser la question parlementaire suivante à Monsieur le ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil.

Le Fonds national de solidarité (FNS) a accordé pour l’année 2023 aux personnes qui en ont fait la demande une allocation de vie chère et une prime énergie sous forme d’un complément à l’allocation en question. La date limite pour introduire une demande d’obtention de l’allocation et de son complément était fixée au 31 octobre 2023.

Dès lors, je voudrais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre :

  1. Combien de personnes ont fait une demande d’obtention d’une allocation de vie chère pour l’année 2023 ?
  2. Combien de demandes ont été accordées par le FNS ?
  3. Comment le nombre de demandes respectivement de demandes accordées pour l’allocation de vie chère a-t-il évolué par rapport aux années précédentes ?
  4. Combien de personnes ont fait une demande d’obtention d’une prime énergie ?
  5. Combien de demandes ont été accordées par le FNS ?
  6. Comment le nombre de demandes respectivement de demandes accordées pour une prime énergie a-t-il évolué par rapport à l’année précédente ?
  7. Quel est le taux de non recours aux deux prestations estimé par vos services ?

Marc Baum
Député

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe