Eis Leit.

déi Lénk hu vill Gesiichter. Mir sinn eng villfälteg Beweegung. Bei eis ginn et keng Parteipresidenz, keng Beruffspolitiker a keng Hierarchie. Eis Leit, déi eis no bausse Vertrieden sinn eis zwee Spriecher. An eis Leit déi, di politesch Orientéierung vun déi Lénk zesummen decidéieren, sinn vertrueden an der Nationalkoordinatioun (NAKO). 

Portes-Paroles / Spriecher

Gary Diderich

De Gary Diderich ass 1982 gebuer an ass zu Déifferdéng grouss ginn wou hien elo wunnt. Säin éischt politescht Engagement hat hien mat 16 Joer bei der Jugendsektioun vum Mouvement écologique. Hien huet Philosophie studéiert an vun 2002-2017 bei enger Associatioun geschafft déi duerch non-formal Bildungsprojeten den sozialen Wandel ennerstëtzt huet. 2019 huet heen bénévole bei LIFE „de WG Projet“ lancéiert fir abordabel an kooperativ Wunnformen ze schafen.

Den Gary schafft als Integratiounsberoder an de Gemengen déi den Pakt vum Zesummeliewen ennerschriwen hunn.

Zënter 2016 ass heen Co-Spriecher vun déi Lénk an vun 2011-2020 wuar de Gary Gemengeconseiller zu Déifferdéng. 

Carole Thoma

D’Carole Thoma ass 1990 gebuer an ass zu Diddeleng opgewuess a wunnt och haut nach do. Hatt huet zu Kaiserslautern Bauingenieurwesen studéiert a schafft säit 5 Joër am Bréckebau zu Lëtzebuerg. Während senger Studienzäit ass hatt 2011 Member vun déi Lénk ginn, huet als éischt bei der neigegrënnter Sektioun zu Diddeleng matgeschafft an huet sech dono och um nationale Plang politesch engagéiert. Säit 2015 ass hatt Co-Spriecherin vun déi Lénk.

D’Carole ass niewt der Parteipolitik och gewerkschaftlech engagéiert. Als Studentin ass hatt Member vum OGBL ginn a säit 2018 ass et am Comité vun der lokaler Sektioun vun der Gewerkschaft. Säit 2019 ass hatt zudem Member vun der Chambre des Salariés.

National Koordinatioun

De Kongress wielt all Joer eng National Koordinatioun (NaKo). Dëst Gremium ass zueleméisseg onbegrenzt, muss awer paritär besat ginn. All Member ka kandidéieren an all Member vun déi Lénk kann un de Versammlungen deelhuelen. D’NaKo féiert déi Lénk dat ganzt Joer iwwer, hëlt déi wichteg politesch a finanziell Entscheedungen.

Member-innen vun der NaKo (24.03.2024)

ARENDT Patrizia
CORREIA DA VEIGA Ana
ERPELDING Thessy
GOKSOY Esin
HANSEN Brenda
MOUSEL Tania
OBERWEIS Nathalie
OE Julie
REULAND Nathalie
ROSAS Liliana
SCHNEIDER Bellamy
SMIT Julie
THOMA Carole
URBANY Katia
WIES Line


Elus sur la liste des hommes :
ALIJA Féliz
BAUM Marc
BILTGEN Laurent
BURGGRAFF Marc
DIDERICH Gary
FISCH Laurent
FOETZ Guy
LOMBARDI Boris
MAHMOUD SAEED SAYED AHMED Moussa
MARQUES André
MULLER Ben
STIEBER Mara
THÜMMEL Jean-Claude
TONNAR Serge
WAGNER David

D’Membere vum Koordinatiounsbüro (gewielt den 28. Mäerz 2024 vun der Nationaler Koordinatioun)

Ana Correia Da Veiga
Thessy Erpelding
Carole Thoma
Line Wies
Gary Diderich
Marc Baum
Ben Muller
André Marques
David Wagner

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe