Dëse Rechner gëtt Iech just eng Indikatioun. De legale Maximalloyer hänkt vum Kapital of, dat an d'Wunneng investéiert gouf (Bau- respektiv Kafpräis, Renovatiounskäschten asw.), a just de Propriétär kann dat genee beleeën. D'Resultat kann dowéinst net als Basis fir juristesch Schrëtt benotzt ginn. Wann Dir mengt, datt Äre Loyer ze héich ass, kënnt Dir Iech un d'Loyerskommissioun (commission des loyers) vun Ärer Gemeng wenden, déi als eenzeg Instanz de Maximalloyer verbindlech festleeë kann.
Loyersdeckel F.A.Q.
-
Wunnen ass e Grondrecht, kee Luxus. Zënter Joerzéngte gëtt vill ze wéineg gebaut, an d’Präisser hunn sech vun de Léin ofgekoppelt — mëttlerweil ass all drëtte Stot Locataire, an ëmmer méi Leit gi vun hire Wunnkäschten erdréckt. Dobäi ass d’Knappheet zum Deel kënschtlech: Spekulanten halen Terrainen a Wunnengen eidel zeréck, well waarden hinnen dacks méi abréngt wéi bauen — sou laang de Buedem all Joer ëm 8 % u Wäert zouhëlt, lount et sech ze waarden. Fir eis ass kloer: all Stot huet e Recht op eng passend Wunneng, déi net méi wéi 25 % vum Akommes kascht.
-
Nee, d’Loyeren si vill méi séier geklommen ewéi d’Liewenskäschten: +93 % a 15 Joer, wärend de mediane Loun just ëm 25 % geklommen ass. Et sinn net d’Käschten, mä d’Immobilieblos, déi d’Loyeren no uewen zitt. En Deckel, dee sech um reelle Wäert vun der Wunneng orientéiert, mécht d’Loyere rëm bezuelbar.
-
Um Pabeier jo. D’Gesetz begrenzt de Loyer op 5 % vum investéierte Kapital. Mä zënter engem Urteel vun 2020 huelen d’Riichter dacks de Maartwäert amplaz tatsächlech investéierte Kapital, an domat ass den Deckel praktesch ausgehiewelt. An der Realitéit fixéiert de Maart d’Loyeren, an net d’Gesetz.
-
Mir wëllen d’Berechnung vum investéierte Kapital rëm un d’Kafkraaft vun de Stéit ukoppelen. Doduerch gëtt d’spekulativ Iwwerhëtzung vun den Terrainspräisser aus der Rechnung erausgeholl, sou datt de Loyer net méi d’Immobilieblos erëmspigelt.
-
D’Erfarung am Ausland weist de Géigendeel: an Däitschland, wou d’Loyere gereegelt sinn, ass d’Loyersbelaaschtung fir d’Stéit am Schnëtt erofgaang. Ouni Reegel entscheet net de Vermieter, mä de Maart an déi kënschtlech geschafe Knappheet — an dat um Réck vun de Locatairen. E klore Kader schaaft Rechtssécherheet fir béid Säiten.
-
Jo, a souguer ganz vill. Et solle minimum 15.000 Wunnengen zu Lëtzebuerg eidelstoen, an op de scho klasséierte Bauterraine kéinte laut Etüde ronn 161.500 Wunnengen entstoen — genuch fir ëm déi 371.500 Leit ze logéieren. D’Offer ass also do, se gëtt just zeréckgehalen, a besonnesch déi eidelstoend Wunnenge kéinten d’Offer u Wunnenge kuerzfristeg zolidd eropsetzen.
-
Nee: ronn 80 % vun de Leit, déi e Recht drop hätten, kréien d’Subventioun guer net. An do wou se ausbezuelt gëtt, leeft se dacks indirekt an d’Täsche vun de Vermieter. Dofir muss een de Problem bei der Wuerzel upaken an de Loyer direkt deckelen.
-
D’Mesuren, déi geholl ginn, dénge virun allem der privater Offer — Hëllefen a Steiervirdeeler fir Promoteuren an Investisseuren — a bréngen de Locatairen an de jonke Stéit, déi wëlle kafen, näischt. De Blockage ass politesch, net technesch: d’Politik leet sech net gär mat de grousse Grondbesëtzer a Promoteuren un. Dowéinst léisst d’Besteierung vun der Spekulatioun op eidele Wunnengen an Terrainen och nach ëmmer op sech waarden.
-
Jo, et ka sech eppes änneren — d’Wunnengsnout ass net vum Himmel gefall, mä d’Resultat vu politeschen Entscheedungen. Aner Länner a Regioune weisen, datt et geet: Däitschland huet d’Loyere reglementéiert an an der Wallonie an zu Bréissel ginn eidel Wunnenge mobiliséiert. D’Wunne muss kee Luxus bleiwen, och net zu Lëtzebuerg. Mä et brauch de politesche Wëllen dat z’änneren.