Op den 1. Januar 2025 leeft de Präisdeckel um Gaspräis fir d’Stéit aus an den Deckel um Stroumpräis gëtt nei festgeluecht (Projet de loi n°8428), sou dass d’Stéit méi fir hiert Elektresch musse bezuelen. Donieft falen och d’Hëllefe bei den Holzpellets a beim Mazout ewech.
De Premier Luc Frieden huet dat partiellt Enn vum Präisdeckel op der Energie a senger Ried iwwer den Etat de la Nation am Juni 2024 ugekënnegt an dat domat begrënnt, dass d’Präisser sech erëm normaliséiere géifen an doduerch den Deckel ab 2025 auslafe gelooss ka ginn.
Dat ass awer esou net richteg. D’Präisser um Gas an um Elektresch leie weider däitlech iwwer dem Niveau vu virum russeschen Ugrëff op d’Ukrain. D’Gas-Präisser klamme säit Méint erëm a mir wësse jo, dass de Stroumpräis vum Gaspräis ofhänkt. Geopolitesch Onsécherheeten a Kricher wäerte sécher net dozou bäidroen, dass d’Präisser zréckginn.
Wat bedeit dat fir d’Stéit?
D’Chambre des Salariés huet opgrond vun den Zuele vum Statec berechent, dass en duerchschnëttleche Stot, dee mat Gas hëtzt, 2025 640€ méi fir Energie wäert musse bezuele wéi 2024. Fir Stéit, déi an erneierbar Energien investéiert hunn a mat Wärmepompel hëtzen, wäert d’Hausse op d’nächst Joer souguer bei 1070€ leien.
Dat heescht also, dass all d’Stéit betraff sinn an däitlech méi fir hire Grondbedarf un Energie mussen ausginn. Doriwwer eraus gi Stéit déi méi Stroum brauche wëll se op erneierbar respektiv stroumbedriwwe Geräter ëmgeklomme sinn (Wärmepompel, Elektroauto…) elo finanziell bestrooft. En Ureiz fir d’energeetesch Transitioun gëtt esou net geschaf, och wann ee bedenkt, dass staatlech Hëllefe fir Photovoltaik beispillsweis och nach reduzéiert gi sinn.
Inkohärenz vun der Regierung
D’Regierung geet oniwwerluecht vir andeem se engersäits zouléisst, dass Stéit déi sech an d’Energietransitioun lancéiert hunn elo däitlech méi staark belaascht ginn duerch méi héich Stroumpräisser, wärend se anerersäits Subventioune fir Photovoltaik-Anlagen an Elektroautoen erofschrauft. War et bis elo esou, dass iwwer de Präis an iwwer ëffentlech Subventioune versicht gouf de Leit Investitiounen a propper Energie oder an energiespuerend Geräter méi no ze bréngen, mécht déi heite Regierung elo de geneeë Géigendeel. Se mécht des Investitioune manner interessant. D’Ambitioun beim Remplacement vu Gas- a Masuttsheizungen gouf am neie PNEC och nach erofgesat, eng Decisioun, déi och an dës Entwécklung passt.
Mir kënnen also net gesinn, dass d’Regierung bestrieft wier fir d’Ofhängegkeet vun Energieimporter a fossille Brennstoffer ze reduzéieren, andeem se de Leit en attraktive Klimaschutz géif proposéieren. Am Géigendeel souguer, se erschwéiert de Klimaschutz.
Konfusioun bei de Stroumpräisser ab 2025
Déi nei Tarifikatioun vum Elektresch, déi den ILR viru puer Woche präsentéiert huet, schaaft zousätzlech Onkloer- an Onsécherheete fir d’Stéit. Mir hunn des Decisioun kritiséiert an do besonnesch och den Zäitpunkt, deen um 1. Januar 2025 mam partiellen Enn vum Stroumpräisdeckel zesummefale wäert an doduerch de Leit mat enger Präishausse ënnergejubelt wäert ginn. Domat gëtt natierlech kee Vertraue bei de Leit geschaf. Dobäi kënnt, dass och des nei Tarifikatioun besonnesch riskéiert Leit ze treffen, déi schonn investéiert hunn an nei Geräter a beispillsweis an den Elektroauto.
An och hei ass et kontraproduktiv, dass d’Hëllefe fir Photovoltaik-Anlagen a Batterië säit Oktober reduzéiert sinn, wëll grad déi Infrastruktur et Stéit kéint erlaben ausserhalb vun de Peak-Zäite Stroum kënnen ze benotzen, beispillsweis aus der Batterie déi daagsiwwer geluede gouf.
Energiepräisdeckel fir ee Joer integral verlängeren!
Aus de genannte Grënn fuerderen déi Lénk eng Verlängerung am Joer 2025 vum aktuell nach bestoende Präisdeckel. D’Regierung soll waarde bis d’Präisser wierklech erëm op de pre-Krisenniveau zréckgefall sinn an de Stéit op dem Wee ab Januar gepeffert Energierechnungen z’erspueren.
déi Lénk hunn dofir eng Petitioun lancéiert.
Natierlech soll de Staat net éiweg e Präisdeckel finanzéieren. Prioritär soll de Staat de Finanzement vun der energeetescher Transitioun verstäerken anstatt wéi elo geschitt de Géigendeel ze maachen. Nëmmen andeem déi erneierbar Energieproduktioun an ëffentlecher an a Biergerhand (beispillsweis mat Kooperativen) verstäerkt opgebaut gëtt, kënne mir eis no an no manner ofhängeg maachen vun den internationalen Energiemäert, déi arbiträr Präisser bewierken an ëmmer am Interesse vu groussen Investoren a Spekulante fonctionnéieren.
Kuckt eise Pressekonferenz u fir méi iwwert den Thema Energie Präisdeckel erauszefannen.