Question parlementaire concernant le traitement par l’ITM des dossiers en matière d’inégalités de salaire entre femmes et hommes.

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je vous prie de bien vouloir transmettre la question parlementaire suivante à Monsieur le Ministre du Travail, de l’Emploi et de Economie sociale et solidaire.

L’égalité salariale entre les femmes et les hommes et consacrée par les articles L. 225-1 et suivants du Code du travail: « Tout employeur assure, pour un même travail ou pour un travail de valeur égale, l’égalité de salaire entre les hommes et les femmes ». Le non-respect de ce principe constitue une discrimination par référence au sexe des salarié.e.s visée à l’article 454 et suivants du code pénal.

L’ITM a comme mission le contrôle de l’application de l’ensemble de la législation relative aux conditions de travail – dont le respect de l’égalité salariale entre les femmes et les hommes – et à la protection des salariés ayant un contrat de travail. En 2018 l’ITM a mis en place un service d’accueil concernant la thématique de l’égalité salariale entre les hommes et les femmes.

Le rapport de l’Inspection du Travail et des Mines (ITM) pour l’année 2022 précise que l’ITM a été saisie par 8 dossiers en matière d’inégalités de salaire entre femmes et hommes mais ne fournit pas d’informations supplémentaires sur les suites données à ces dossiers. Les rapports plus anciens de l’ITM montrent dans ce contexte que le nombre de dossiers traités en matière d’inégalités salariales n’a guère évolué depuis le lancement du nouveau service pour se situer toujours entre 5 et 12 dossiers par an.


Partant je voudrais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre :

  1. Quelles sont les missions du service mis en place en 2018 concernant la thématique de l’égalité salariale et comment ont-elles évolué depuis 2018 ? Le service est-il également chargé du traitement des dossiers ouverts et repris dans les rapports annuels de l’ITM ?
  2. Comment la charge de travail du service (nombre de requêtes traitées) a-t-elle évolué depuis sa création ?
  3. Quelles suites ont-été données aux dossiers traités par l’ITM concernant les inégalités salariales entre femmes et hommes ? Quelles mesures ont été prononcées ? Dans combien de cas la situation a-t-elle été régularisée et dans combien de cas des amendes ont-été prononcées ?
  4. Dans combien de dossiers en matière d’inégalités salariales par lesquels l’ITM a été saisis le/la/les salarié.e.s ont-ils/elles saisi le tribunal ?
  5. De quelle manière l’ITM intervient-elle dans les cas cités sous 4) tout en sachant qu’il incombe aux salarié.e.s concerncées de soumettre au juge des éléments de fait susceptibles de caractériser une inégalité de rémunération ?

Veuillez croire, Monsieur le Président, à l’expression de mes sentiments respectueux.

Myriam Cecchetti

Députée

Mindestloun: +3,2% ginn net duer fir gutt dovunner kënnen ze liewen.

Ried vum Myriam Cecchetti

Här President,

De Mindestloun ass zu Lëtzebuerg net héich genuch. En ass net héich genuch par rapport zu den duerchschnëttleche Léin déi zu Lëtzebuerg bezuelt ginn an domat och net héich genuch aus dem Bléckwénkel vun der EU-Direktiv iwwer d’Mindestléin an Europa.

Mee virun allem ass en net héich genuch fir zu Lëtzebuerg en anstännegt Liewe kënnen ze féieren, net bei deene Logementspräisser an och net mat Steierkreditter a sozialen Hëllefen.

Zum Ausdrock kënnt d’Diskrepanz tëscht de Liewenshaltungskäschten an der Héicht vum Mindestloun, wann een de Budget de reference vum Statec erunzitt. D’CSL huet sech d’Méi gemaach an hirem Avis fir deen op d’Joer 2023 ze simuléieren, ausgoend vum Basiscalcul vum STATEC aus dem Joer 2019. Dobäi kënnt sinn op e Montant vun 2330 Euro fir eng Persoun eleng. Den Netto vun engem Mindestloun ass allerdéngs e gutt Stéck vun dësen 2330 Euro ewech, wat näischt anescht heescht wéi dass des Leit trotz enger Vollzäitaarbecht onfräiwëllege Verzicht bei Basisbesoin’en mussen üben. Des Leit sinn also dem Aarmutsrisiko ausgeliwwert. An de meeschte Fäll wäert sech dëse Verzicht bei de Liewensmëttel, der Hygiène oder den Ausgabe fir Kultur néierschloen, wëll de Präis vun enger Wunneng oder vum Transport – falls een net mam ëffentleche ka fueren – sinn net einfach sou ze reduzéieren.

Dorunner ännert och dëst Gesetz mat der Upassung vum Mindestloun un d’Entwécklung vun de Léin aus de Joren 2020 an 2021 net vill. Déi 3,2% si besser wéi guer keng Opwäertung, dat stelle mär hei net a Fro. Dofir stëmme mär dësen Text och mat. Mee och mat dëser Opwäertung an trotz Steierkreditter läit den Netto vum Mindestloun ronn 240€ ënnert dem Referenzbudget fir eng Persoun.

Här President,

Ech erënneren dowéinst och gär un d’Debatt iwwer de Mindestloun, déi ech am Juni vun dësem Joer an der Chamber ugefrot hat. Deemools hu mir eng Erhéijung vum Mindestloun opgrond vun de Critèrë vun der neier EU-Direktiv hei gefuerdert. Déi beseet, dass en dezent Liewe mam Mindestloun muss méiglech sinn a recommandéiert dofir de Mindestloun op 60% vum Mediansalaire z’erhéijen oder op 50% vum Salaire moyen.

Deemools hunn eis den neien Aarbechtsminister an de Riedner vun der LSAP-Fraktioun erkläert, dass sinn der Meenung wieren, dass d’Upassung, iwwer déi mir elo hei ofstëmmen, am Prinzip géif duergoe fir sech mat der Direktiv ze konforméieren oder zumindest ganz no drun ze kommen.

Mir stellen awer elo fest, dass dat net de Fall ass. D’CSL mécht sech als eenzeg d’Méi dat mol ze rechnen a stellt fest, dass de Mindestloun bei 54,9% vum Mediansalaire läit an eng Erhéijung em 9,3% néideg wier, fir op 60% ze kommen. De Mindestloun misst domat mindestens bei circa 2530€ leien. Dat deckt sech zimmlech genee mat dem, wat mir deemools als minimale Montant genannt hunn.

Geet een elo vum Salaire moyen als Referenz aus, misst et souguer eng Erhéijung sinn em 15,1%, also 350€ méi wéi haut.

Mir bleiwen dowéinst och bei eiser Fuerderung fir dass de Mindestloun un de Salaire médian gekoppelt gëtt an an Zukunft ëmmer dofir gesuergt soll ginn, dass dëse bei 60% vum Montant soll leien, den am Virjoer als Salaire median bezuelt ginn ass. Deementspriechend soll des Upassung vum Mindestloun och all Joer passéieren an net just all zwee Joer.

Här President,

Ech soen nach e Wuert zu der Haltung vum Patronat. Dass dëst net Demandeur fir eng Erhéijung vum Mindestloun ass, ass zumindest net iwwerraschend. Allerdéngs versti mer och net ganz, wéi sech iwwer e Manktem u Main d’oeuvre ka beschwéiert ginn, wann ee gläichzäiteg net bereet ass déi Leit, déi sou dréngend gebraucht ginn och anstänneg ze bezuelen. Wëll loosse mer net vergiessen: eng Opwäertung vum Mindestloun bedeit eng Opwäertung vun all de Léin an den ënneschte Lounschichten, wat natierlech och Beruffer an dem Beräich méi attraktiv maache kann.

Wat awer besonnesch stéiert ass déi ofschätzend Haltung, déi de Salarié’en hei entgéint bruecht gëtt. Leit déi an den Entreprisë schaffen an de Méiwäert schafen, ginn hei einfach just als Käschtefacteur ofgedoen.

Dobäi ass d’Patronat de gréissten eigentleche Käschtefacteur fir de Staat an d’Allgemengheet ginn an de leschte Joren, wëll et ass d’Patronat, wat mat Aiden a Kompensatioune – Stéchwuert Indexmanipulatioun – zougeschott gëtt.

D’Index-Tranchë mussen nees voll ausbezuelt ginn!

No de neiste Statec-Previsiounen, déi weiderhin eng héisch Inflatioun fir 2022 an 2023 virgesinn, bréngen d’Majoritéitspolitiker schonn déi nächst Index-Manipulatiounen an d’Spill. Mä esou eng Flucht no fir wäert de Problem just nach vergréisseren. Fir déi Lénk gëtt et an der aktuellerSituatioun just eng vernënfteg Léisung : D’Index-Tranchë mussen nees voll ausbezuelt ginn!

D’Regierung huet sech mat hirer Index-Manipulatioun zolidd verkalkuléiert. Se huet am Fréijoer drop vertraut, datt d’Inflatioun sech am Laf vum Joer géing normaliséieren ouni en alternative Plang am Tirang ze hunn. Elo gesäit de Statec nach zwou weider Index-Tranche kommen, är datt iwwerhaapt déi Tranche vum Juli 2022 am Fréijoer 2023 soll ausbezuelt ginn. D’Këscht vun der Pandora, déi d’Koalitioun Ufank des Jores opgemaach huet, riskéiert elo Land a Leit zolidd an d’Laberenten ze bréngen.

Wärend d’Stéit vun Dag zu Dag duerch de Kafkraaftverloscht ëmmer méi ënner Drock geroden, ass d’Upassung vun de Salairen a Pensiounen un d’Inflatioun bis Abrëll d’nächst Joer staark a Fro gestallt. De Steierkredit, deen d’Index-Manipuléierung géigefinanzéiert huet, rappt riseg Lächer an de Staatsbudget an déi verréckelt Index-Tranchë riskéieren sech ze kumuléieren. D’Regierungsparteie wäerte viraussiichtlech probéieren sech iwwert d’Walen am Oktober 2023 ze rette fir déi waarm Gromper un déi nächst Regierung weider ze ginn. Mä och dat wäert de Problem net léisen.

Fir déi Lénk gëtt et an der aktueller Situatioun just eng vernënfteg Léisung : D’Index-Tranchë mussen nees voll ausbezuelt ginn. Amplaz mat weideren Index-Manipuléierungen nach weider Kaddoen un dat ganzt Patronat ze verdeelen, also och un déi Betriber déi praktesch keng Energie-Käschten hunn an déck Gewënner verbuchen, soll d’Regierung gezielten Hëllefen asetze fir déi kleng Betriber, déi tatsächlech Schwieregkeeten hunn. Déi vulnerabel Stéit mussen zousätzlech zu den ausbezuelten Index-Tranchen nach weider ënnerstëtzt ginn, an zwar mat deene Staatsmëttelen, déi soss rëm musse fir weider Steierkreditter verpolvert ginn.

Mir stellen eis op alle Fall op e waarmen Hierscht a wäerten eis och weiderhi mat ganzer Kraaft fir d’Interessi vun de Salariéen a Retraitéierten asetzen an all weider Index-Manipulatioun bekämpfen.


L’indexation des salaires doit être rétabli entièrement !

Suite aux nouvelles prévisions du Statec, qui continuent à anticiper une inflation importante pour 2022 et 2023, des représentants de la majorité commencent déjà à préparer le terrain pour les prochaines manipulations au système de l’indexation automatique des salaires. Mais cette fuite vers l’avant ne fera qu’aggraver le problème. Pour déi Lénk, la seule solution raisonnable est de rétablir entièrement le système de l’index.

Le gouvernement a commis une erreur d’appréciation sérieuse avec sa manipulation de l’index. Elle a parié au printemps sur une baisse significative de l’inflation au cours de l’année sans considérer des scénarios alternatifs. Aujourd’hui, le Statec prévoit encore deux autres tranches indiciaires avant même que la tranche de juillet 2022 ne soit versé au printemps 2023. La boîte de pandore ouverte par la coalition en début d’année risque de coûter cher au pays et à la population.

Alors que les ménages perdent leur pouvoir d’achat au jour le jour, l’adaptation des salaires et des retraites à l’inflation est sérieusement mise en cause jusqu’en avril 2023. Le crédit d’impôt qui a contre-financé la manipulation de l’index pèse lourd sur le budget d’État, tandis que les tranches indiciaires reportés risquent de se cumuler. Les partis gouvernementaux essayeront probablement de sauver la face jusqu’aux élections législatives en octobre 2023 avant de refiler la patate chaude au prochain gouvernement. Mais cela ne résoudra pas le problème.

Pour déi Lénk, la seule solution raisonnable dans la situation actuelle est de rétablir entièrement le système de l’indexation automatique des salaires. Au lieu de prévoir de nouvelles manipulations et de distribuer encore davantage de cadeaux au patronat tout entier, y compris aux entreprises qui n’ont pratiquement pas de coûts énergétiques et qui affichent de gros bénéfices, le gouvernement doit mettre en place des aides ciblées aux petites entreprises qui sont réellement en difficulté. De l’autre côté, les ménages vulnérables doivent être soutenus en sus de l’adaptation des salaires et des retraites à l’inflation avec des aides ciblées, financées par de l’argent public qui autrement servira à payer de nouveaux crédits d’impôt.

En tout cas, nous prévoyons de rudes débats en automne. déi Lénk continuera de s’engager de toutes ses forces pour les intérêts des salarié.e.s et retraité.e.s et combattra toute nouvelle manipulation de l’index.

EU-Direktiv iwwer Mindestléin leet de Fanger an d’Wonn : De Mindestloun zu Lëtzebuerg ass ze déif !

Déi nei EU-Direktiv déi viraussiichtlech an e puer Méint a Kraaft triede wäert schaaft e verbindleche Kader fir d’Festleeë vum Mindestloun an den EU-Memberstaaten. Och wann se kee Montant virschreift, fuerdert se d’Memberstaaten op dofir ze suergen, dass de Mindestloun  en dezent Liewe fir déi betraffe Salarié’en soll erméiglechen. Och Lëtzebuerg ass hei direkt viséiert, wëll dat wat scho laang gewosst ass, gëtt mat der Dokumentatioun vun der EU-Kommissioun  beluecht : de Mindestloun bei eis ass net héich genuch. D’Regierung muss elo handelen.

An enger Aktualitéitsstonn haut an der Chamber erklären déi Lénk, dass Lëtzebuerg bei den zwee zentrale Punkte vun der proposéierter Direktiv net konform ass. Éischtens ass de Mindestloun no de Berechnunge vun der Kommissioun net héich genuch fir de betraffene Salarié’en en dezent Liewen z’erméiglechen. Laut der Direktiv misst de Mindestloun dofir entweder 60% vum Bruttomedianloun oder 50% vum Bruttoduerchschnëttsloun entspriechen. De Mindestloun zu Lëtzebuerg kéim awer hei just op 54% respektiv 44%. Den Ecart ass deemno also net kleng a mécht eng substanziell Erhéijung néideg fir konform mat de Critère vun der Direktiv ze sinn.

Donieft steet Lëtzebuerg och bei der Couverture punkto Kollektivverträg schwaach do. 59% vun de Salarié’en zu Lëtzebuerg hunn e Kollektivvertrag, der proposéierter Direktiv no sollen et  awer 80% sinn. Lëtzebuerg ass deemno eent vun deenen EU-Länner, dat en Aktiounsplang wäert mussen opstelle fir dësen Taux drastesch no uewen ze bréngen.

déi Lénk hunn haut an der Chamber op dës Defiziter opmierksam gemaach an d’Regierung mat zwou Motiounen opgefuerdert, fir sou séier wéi méiglech aktiv ze ginn a sech sou fréi wéi méiglech mat der Direktiv konform ze setzen.

Dass eng europäesch Direktiv muss kommen, fir dass sech d’Regierung mat der Lounentwécklung an de Liewensbedingunge vu Salarié’en mat klenge Léin auserneesetzt, ass scho schlëmm genuch. Scho säit laange Jore warne Gewerkschaften a sozial Organisatioune virun der Lounschéier, déi ëmmer méi wäit ausernee geet. Mat Ausnam vu Rumänien sinn och a kengem anere Land an der EU souvill schaffend Leit vun Aarmut betraff opgrond vun ze déiwe Léin. An dat an engem Land, an dem d’geschaffte Stonne pro Joer an d’Produktivitéit vun de schaffende Leit mat am héchste sinn. Et gëtt deemno héich Zäit, dass d’Regierung sech dësem Thema sérieux unhëlt !


La directive de l’UE appuie là où il fait mal:
Le salaire social minimum au Luxembourg est trop bas!

La nouvelle directive européenne qui entrera en vigueur dans les prochains mois crée un cadre contraignant pour la détermination des salaires sociaux minimaux dans les pays membres de l’Union Européenne. Même si aucun montant précis n’est prévu, la directive demandera aux pays membres de mettre en place des salaires minimaux qui permettent aux salarié.e.s qui en dépendent de vivre dans des conditions dignes. Le Luxembourg est également visé par cette directive, car la documentation de la Commission Européenne confirme le constat qui s’est formé depuis longtemps: le salaire social minimum est trop bas. Le gouvernement doit agir dès maintenant.

déi Lénk explique cet après-midi lors d’une heure d’actualité à la Chambre des Députés que le Luxembourg ne remplit pas les deux conditions cruciales du SSM sur lesquelles insiste la directive. Premièrement et selon les calculs de la Commission Européenne, le salaire social minimum n’est pas assez élevé pour permettre aux salarié.e.s qui en dépendent de vivre en dignité. Selon la directive un salaire sera digne ou décent s’il correspond au moins soit à 60% du salaire médian brut ou à 50% du salaire moyen brut. Au Luxembourg, ces taux ne seraient que de 54% respectivement de 44%. L’écart est donc important et impose une augmentation majeure du SSM pour qu’il soit conforme à la directive.

Le Luxembourg est de plus défaillant en ce qui concerne les conventions collectives. Uniquement 59% des salarié.e.s au Luxembourg sont actuellement couverts par une convention collective tandis que la directive proposée en demande 80%. Le Luxembourg se trouve donc parmi les pays membres qui devront établir un plan d’action pour sérieusement augmenter ce taux.

déi Lénk a constaté ces déficits aujourd’hui à la Chambre des Députés et invité le gouvernement avec deux motions à l’appui de réagir au plus vite et mettre le Luxembourg en conformité avec ladite directive dès son entrée en vigueur.

Il est pourtant déplorable qu’il faut une directive européenne pour que le gouvernement s’attèle enfin à résoudre la problématique de l’évolution des salaires et des conditions de vie des salarié.e.s au SSM. Les syndicats et les organisations sociales mettent en garde depuis longtemps contre la croissance des inégalités de revenus. Le Luxembourg est derrière la Roumanie le pays au sein de l’Union Européenne avec le taux de pauvreté laborieuse le plus élevé et ceci dans un des pays où les salarié.e.s travaillent le plus d’heures par an. Il est donc grand temps que le gouvernement agisse enfin avec des mesures adaptées!

Ligen iwwert den Index

Ligen 1 : Den Index ass sozial ongerecht.

Den Index war ni als Deel vun der Sozialpolitik geduecht, mee reng fir d’Léin an d’Rentnen un d’Inflatioun d’unzepassen. Dofir kritt och all Salarié an all Rentner a Rentnerin déi 2,5%. Eng gerecht Lounpolitik geet iwwert eng gerecht Verdeelung vum geschafene Räichtum. Aarbecht soll gerecht bezuelt ginn. Dofir muss een zu Lëtzebuerg zum Beispill de soziale Mindestloun erhéijen. Eng gerecht sozial Politik kann een duerch eng gerecht Steierpolitik maachen, déi et erlaabt d’Ongläichheeten ze behiewen. Eng Manipulatioun vum Index profitéiert eleng de Patronen. Déi 2,5% vun enger Indextranche, déi ausfält, fléissen nämlech an hir Profitter! Dat ass net sozial gerecht, mee e Kaddo vun all Lounofhängegn u säi Patron! D’Argument von der sozialer Ongerechtegkeet, dat gäre vun de Patrone benotzt gëtt, déngt dozou d’Salariat ënnert sech ze splécken, an dës Spléckung erlaabt et de Patronen sech ze beräicheren. Dofir : D’Fangere wech vum Index !

Ligen 2 : D’Indexmanipulatioun ass solidaresch.

D’Manipulatioun, déi d’Regierung proposéiert, ass alles anescht ewéi solidaresch. Déi sougenannte Kompensatiounsmoossname ginn nämlech duerch d’Steiergelder finanzéiert, déi zu zwee Drëttel vun der Akommessteier an der TVA kommen. Dat heescht vun de Lounofhängegen an de Rentner a Rentnerinnen. Op der enger Säit huelen de Staat an d’Patronat de Leit also eng Indextranche, an op där anerer Säit bezuelen d’Leit déi sougenannte Kompensatioun fir déi geklauten Tranche selwer. Dat ass jo wuel ee schlecht e Witz. Vun der Manipulatioun profitéieren natierlech just d’Patronen. A Wierklechkeet sinn d’Leit also solidaresch mat den Entreprisen. Et ass eng Solidaritéit an eng eenzeg Richtung. Déi 2,5%, déi déi Lounofhängeg an d’Rentner an d’Rentnerinnen net kréien, fléissen an déi souwisou scho fett Gewënner vun de Patronen. Déi freeë sech natierlech iwwert déi Solidaritéit.

Ligen 3 : D’Situatioun ass exzeptionell wéinst dem Krich.

D’Explosioun vun den Energiepräisser war den Ausléiser fir d‘Tripartite, déi schlussendlech zur der aktueller Indexmanipulatioun gefouert huet. D’Regierung hëlleft de Betriber awer net geziilt wéinst den héijen Energiepräisser, mee verdeelt ondifferenzéiert d’Suen un all d’Entreprisen, egal ob se un den héijen Energiepräisser leiden oder net. Eng Bank profitéiert also genau sou vill, wéi eng Entreprise, déi wierklech Schwieregkeete mat den Energiepräisser huet. Dat weist, dass de Krich just als Virwand genotzt gouf. Dat nennt ee wuel Zynismus. En plus kréien déi Betriber, déi am meeschte Verschmotzen eng zousätzlech Hëllef fir dass se sech d’Verschmotzungsrechter um Maart vun den CO2 -Zertifikater weider kënne leeschten. Eng staatlech Hëllef, déi Sënn an Zweck vum Emissiounshandel ënnergrueft. Amplaz dass grouss Konzerner mat de néideg Moyenen op méi klima- an ëmweltfrëndlech Produktiounsweisen ëmklammen, kréie se vum Staat gesot: “Verschmotzt roueg weider!”. Dat ass ee Signal wat natierlech och déi gären héieren, déi mat CO2-Zertifikater spekuléieren.

Lige 4 : Den Index gëtt net a Fro gestalt.

Dat wichtegst um Index ass dass en automatesch ausbezuelt gëtt nodeems de Leit hir Kafkraaft ëm 2,5% erofgaangen ass. Duerch d’Ophiewe vum Automatismus, gëtt den Index strukturell ugegraff. Och wann d’Regierung gären erzielt dass keng Tranche wäert ausfale, esou ginn et dofir keng Garantien. Ausserdeem ass den Index ee Mechanismus deem säi Funktionement gesetzlech festgehalen ass. Eng Ännerung vum dem Gesetz, déi den Automatismus ausser Kraft setzt ass alles anescht wéi ee staarkt Bekenntnis zum Index. Säit der éischter Manipulatioun ass et ëmmer erëm zu Manipulatioune komm, déi Lounofhängeger a Rentner a Rentnerinne mussen ausläffelen. Wann een den Index manipuléiert, da stellt een e ganz a Fro.

Lige 5 : D’Entreprisë sinn a Schwieregkeeten.

Et geet natierlech net all den Entreprisë gutt. Mee den Index ass dorunner net schold, soss wiere jo vill méi Entreprisen vill méi reegelméisseg a Schwieregkeeten. Sue mat der Strenz iwwert all d’Entreprise schëdden, sou wéi d’Regierung dat mam “Solidaritéitspak” mécht, ass och keng Léisung. Well hei gëtt jo net deenen Entreprise gehollef, déi Schwieregkeeten hunn, mee hei gëtt ondifferenzéiert all den Entreprise gehollef. Op se Problemer duerch d’Energiepräisser hunn oder net. Kuerz nom Tripartite-Accord hunn dann och eng Rei Entreprisen, dorënner Banken, sech mat hire Rekordprofitter gebretzt. Da kënnt ee sech natierlech domm vir.

Lige 6 : Et fält keng Indextranche ewech.

Nodeems den Accord ënnerschriwwe gouf, ass gesot ginn, dass all d’Indextranchen, ausbezuelt géife ginn. Mee wéi et ausgesäit ass d’Inflatioun méi héich wéi Ufanks geduecht. Et géingen also méi Indextranchen ufale wéi d’Regierung dat gemengt hat. Et huet bis elo nach kee garantéiert, dass all Tranchen, déi ausfält och erëm ausbezuelt gëtt. Ganz am Géigendeel, d’Ausbezuelen vun all den Tranchen gëtt schonn a Fro gestalt. Sou gëtt déi nächst Manipulatioun scho virbereet.


Les mensonges sur l’index

Mensonge 1 : L’index est socialement injuste.

L’index n’a jamais été pensé comme un outil de la politique sociale, mais pour adapter les salaires et pensions à l’évolution réelle des prix. Pour cette raison, chaque salarié.e et chaque retraité.e profitent des 2,5%. Une politique salariale plus juste passe par une meilleure répartition des richesses créées. La travail doit rémunéré de manière équitable. Pour cette raison, il faudrait par exemple augmenter le salaire social minimum au Luxembourg. Une politique sociale juste passe par une politique fiscale juste qui permet de gommer les inégalités. Une manipulation ne profite qu’au patronat. Car les 2,5% d’une tranche indiciaire supprimée viennent gonfler leurs bénéfices ! Ce n’est pas juste, c’est un cadeau du/dela salarié.e à son patron. L’argument de l’injustice sociale de l’index, que le patronat utilise à tout bout de champ, sert à diviser les salarié.e.s. Cette division permet aux patrons de s’enrichir. Donc : Pas touche à l’index !

Mensonge 2 : La manipulation de l’index est solidaire.

La manipulation proposée par le gouvernement est tout sauf solidaire. Les soi-disant mesures de compensation sont financées par le budget de l’État dont les deux tiers des recettes proviennent de l’impôt sur les salaires et de la TVA. Ce sont donc les salarié.e.s et retraité.e.s qui paient les compensations. D’un côté le gouvernement et le patronat supprime une tranche indiciaire et de l’autre côté, les salarié.e.s et retraité.e.s lésé.e.s par cette tranche supprimée paient eux-mêmes leur « compensation ». C’est une mauvaise blague. Seul le patronat profite de la manipulation. Les gens sont donc solidaires avec les entreprises. Les 2,5% refusés aux salarié.e.s et retraité.e.s viennent gonfler leurs bénéfices déjà considérables. C’est une solidarité à sens unique. Le patronat dit merci.

Mensonge 3 : La situation est exceptionnelle à cause de la guerre.

L’explosion des prix de l’énergie était à l’origine de la réunion tripartite qui a finalement abouti à une manipulation de l’index. Or, le gouvernement ne propose pas d’aides ciblées aux entreprises pâtissant de la hausse des prix, mais il distribue de l’argent à toutes les entreprises sans se poser de questions. Une banque profite donc autant qu’une entreprise vraiment menacée par les hausses de prix de l’énergie. Cela montre que la guerre n’est qu’un prétexte. Cela s’appelle du cynisme. En plus, les entreprises polluant le plus reçoivent des aides supplémentaires afin qu’elles puissent continuer à acheter à des prix modérés leurs certificats CO2 qui sont des droits de pollution. C’est donc une aide étatique qui sape les fondements mêmes du système d’échange de quotas d’émission. Au lieu de faire en sorte que les multinationales se dotent de productions moins polluantes, l’État leur dit: “Continuez à polluer!”. C’est de la musique pour les oreilles de ceux qui spéculent avec les fameux certificats de CO2.

Mensonge 4: L’index n’est pas remis en question.

L’index se définit par le fait qu’il est automatiquement versé aux salarié.e.s et retraité.e.s après que leur pouvoir d’achat a baissé de 2,5%. La suppression de l’automatisme est une attaque structurelle contre le mécanisme de l’index. Bien que le oguvernement répète sans cesse qu’aucune ne tranche ne sera supprimé, personne n’a pu donner de garanties. De plus, l’index est un mécanisme dont le fonctionnement est fixé par une loi. Un changement de cette loi dans le but de supprimer l’automatisme n’est pas vraiment une profession de foi pour l’index. Depuis la première manipulation du mécanisme, les manipulations, que les salarié.e.s et les retraité.e.s ont dû payer, se sont succédées. Lorsqu’on manipule l’index, on le remet en question.

Mensonge 5 : Les entreprises connaissant de grandes difficultés.

Bien sûr, il existe des entreprises avec des problèmes. Mais ces difficultés ne sont pas liées à l’index, sinon énormément d’entreprises auraient des difficultés beaucoup plus souvent. Distribuer de l’argent à toutes les entreprises sans différencier n’est donc pas la bonne solution. Parce que cette aide ne s’adresse pas aux entreprises en difficultées, mais à toutesles entreprises. Qu’elles souffrent de la hausse des prix de l’énergie ou pas. Peu après la signature de l’accord tripartite, de nombreuses entreprises, des banques notamment, ont d’ailleurs annoncé des bénéfices records. On a l’impression qu’on se moque de nous.

Mensonge 6 : Aucune tranche indiciaire ne sera supprimée.

Après la signature de l’accord tripartite, on nous a assuré que chaque tranche indiciaire impayé serait payé. Mais, il semble que l’inflation est plus importante que les responsables politiques ne l’avaient prévu. Il y aurait donc plus de tranches à payer que le gouvernement ne le pensait. Jusqu’à présent, il n’y a pas eu de garantie pour le paiement des toutes les tranches, bien au contraire, le paiement de certaines tranches est re mis en question. Comme ça, gouvernement et patronat  préparent la prochaine manipulation.

Après les amendements:  Pas touche à l’index!

Aujourd’hui, le gouvernement a présenté des amendements pour la loi tripartite sur la manipulation de l’index. Les références à l’année 2024 ont été supprimées, et, si nécessaire, les questions qui restent ouvertes vont être débattues lors d’une nouvelle réunion tripartite. Ainsi, les partis du gouvernement essaient de faire machine arrière sans perdre leur face. Mais on ne sait toujours pas si une tranche indiciaire sera supprimée ou pas.

La critique fondamentale de déi Lénk est donc confirmée. Début avril, la coalition voulait agir rapidement pour faire un cadeau aux entreprises. Sa décision se basait sur des scénarios trop optimistes et elle n’avait pas cerné l’intégralité des conséquences d’une manipulation de l’index. L’inflation reste à un niveau très élevé et de nombreux ménages risquent de voir leur pouvoir d’achat diminuer. Grâce à la pression de l’OGBL, de déi Lénk et d’autres organisations, le gouvernement s’est défilé.

déi Lénk campe sur sa position et s’oppose à toute manipulation de l’index. La loi sur cette la manipulation de l’index doit être retriée. Avec les centaines de millions d’euros que le gouvernement économiserait ainsi, il pourrait venir en aide aux ménages les plus vulnérables et aux entreprises qui pâtissent véritablement de cette crise, au lieu d’offrir une tournée générale au patronat.

Une manipulation de l’index est toujours une attaque structurelle contre le mécanisme de l’index qui est défini par son automatisme. Lorsqu’on manipule l’index, ne serait-ce qu’un peu, on le remet intégralement en question.

Donc: Pas touche à l’index !

Communiqué par déi Lénk.


Och no den Amendementer:  D’Fangere wech vum Index!

Haut huet d’Regierung Ännerunge vum Tripartitesgesetz iwwert d’Indexmanipulatioun presentéiert. All Referenz op d’Joer 2024 gëtt aus dem Gesetzesprojet eraus geholl an déi oppe Froe solle wa néideg vun enger neier Tripartite diskutéiert ginn. Domadder probéieren d’Regierungsparteien zeréckzerudderen ouni hiert Gesicht ze verléieren. D’Fro, ob Tranchen entfalen, bleift weider oppen.

Mir fillen eis op e neits an eiser fundamentaler Kritik bestätegt. D’Koalitioun wollt Ufank Abrëll séier handele fir dem Patronat eng Freed ze maachen. Se huet hir Decisioun op Basis vun ze vill optimisteschen Zenarioe geholl an d’Konsequenze vun der Index-Manipulatioun net bis zum Enn duerchduecht. D’Inflatioun bléift awer weider op héijem Niveau an d’Leit riskéiere vill Kafkraaft ze verléieren. Duerch den Drock vum OGBL, déi Lénk an aneren Organisatioune krut d’Regierung elo kal Féiss.

déi Lénk bleiwe bei hirer Positioun a si weider géint all Form vu Manipulatioun vum Indexmechanismus. D’Gesetz vun der Indexmanipulatioun muss zréck gezu ginn! Mat deenen Honnerte Milliounen Euro, déi de Staat doduerch géif aspueren, kéint ee souwuel de vulnerabele Stéit, wéi och deenen Entreprisen, déi wierklech betraff sinn, gezielt duerch dës Kris hëllefen, amplaz dem ganze Patronat eng Tournée générale ze spendéieren.

All Manipulatioun vum Index ass ee strukturellen Ugrëff op de Mechanismus, deen duerch säin Automatismus definéiert ass. Wann een den Index manipuléiert, sief dat just e bëssen, da stellt een de ganze Mechanismus a Fro.

Also : d’Fangere wech vum Index!

Entrevue OGBL – déi Lénk: Pas de concessions sur l’index.

Une délégation de l’OGBL, emmenée par sa présidente Nora Back, a rencontré les députées et porte-parole de déi Lénk le vendredi 6 mai 2022. L’échange a porté en premier lieu sur la volonté du gouvernement de manipuler massivement l’index et le soi-disant « paquet de solidarité » censé cacher cette attaque contre le pouvoir d’achat des retraité.e.s et salarié.e.s.

Ni pour l’OGBL, ni pour déi Lénk, cette manipulation de l’indexation des salaires et des pensions n’est admissible. L’index constitue en effet le seul véritable outil permettant d’adapter les salaires et retraites au coût réel de la vie. Cette manipulation intervient en outre précisément à un moment où l’inflation est à l’un de ces plus hauts niveaux depuis des décennies. L’explosion des prix — les prix de l’énergie en particulier, mais également les prix des produits alimentaires — conduit à des situations où de plus en plus de salarié.e.s et de retraité.e.s rencontrent des difficultés à joindre les deux bouts.

Cette manipulation est également un nouveau coup porté aux plus jeunes qui ont déjà souffert le plus des répercussions de la pandémie de Covid. En effet, les indemnités d’apprentissage et les rémunérations minimales de stage pour les élèves et étudiants sont indexées et perdent par conséquent en valeur. Parallèlement, les apprentis et stagiaires ne toucheront pas de compensation.

Or, la désinformation sur l’index s’est intensifiée ces derniers mois. L’index n’a jamais été un levier de la politique sociale. Il s’agit donc aussi de lutter contre cette désinformation. Pour cette raison, la création d’alliance plus vaste avec la société civile sera indispensable.

A l’avenir, l’OGBL et déi Lénk ont décidé de renforcer leur coopération dans la lutte pour la défense des acquis sociaux des salarié.e.s et retraité.e.s.

Der Veraarmung de Kampf usoen. 300 Euro méi Mindestloun am Mount!

Ëmmer méi schaffend Leit zu Lëtzebuerg kommen a finanziell Schwieregkeeten. Dës Entwécklung ass net nei a se huet nëmme bedéngt eppes mat der Covid-Pandemie ze dinn. D’Auswierkunge vun der Pandemie hunn awer däitlech gemaach, dass grad déi ënnerbezuelten an vum sozialen Ofstig bedreete Salariéë grouss Belaaschtungen op hirer Aarbecht mussen erdroen. Fir déi Lénk muss d’Äntwert op dës sozial Schiflag eng däitlech Erhéijung vum Mindestloun sinn.

D’Liewen zu Lëtzebuerg ass deier, ganz deier. Ee ganz groussen Deel vum Revenu geet bei ville Stéit fir d‘Wunneng drop a mëttlerweil ass d’Situatioun scho schwéier fir Leit mat uerdentleche Léin. En Duerchschnëttsloyer vu 1.600 Euro de Mount kann ee mat engem Loun deen ongeféier d’selwecht ass wéi de Mindestloun net méi stemmen. Fir vill Leit zu Lëtzebuerg sinn d’Léin ganz einfach net méi un d’Liewenskäschten ugepasst. Dat erkläert och firwat et hei am Land ëmmer méi working poor ginn. Am „Panorama social“ vun der Salariatskummer kann ee liesen, dass 11,9% vun de Salariéen zu Lëtzebuerg an dës Kategorie fält. All néngte Salarié verdéngt also ze wéineg fir säi Liewensënnerhalt. A kengem anere Land vun der Europäescher Unioun ass dee Prozentsaz esou héich!

Vill Salarié kämpfen haut fir besser Léin: am Botzsecteur verlaangt d’Personal méi héich Léin, eng Unerkennung vun hirer Beruffserfarung no 10 Joer an eng Opwäertung vum Loun op de Niveau vum qualifizéierte Mindestloun. Am Eenzelhandel sinn d’Salariéen dem Drock vun enger ëmmer méi grousser Flexibilisatioun ausgesat. D’Sonndesaarbecht an d’Aarbecht wärend de Feierdeeg gehéieren zum Alldag obwuel et sech hei net ëm eng Demande vun de Clienten handelt, mee eenzeg an eleng ëm d’Profitgier vun den Aktionäre vun de groussen Eenzelhandelsketten. D’Personal ass oft gezwongen hire Cheffen nozeginn a Sonndes oder wärend de Feierdeeg ze schaffe fir duerch Primmen hir schlecht Léin ze verbesseren.

D’Salariéen an deenen zwee Secteure sti stellvertriedend fir aner Secteuren an deenen d’Belaaschtung duerch d’Pandemie vill méi grouss ginn ass an a kengem Verhältnis méi steet zu deene vill ze schlechte Léin déi do ausbezuelt ginn. Wa mir verhënnere wëllen, dass dës Leit an hir Famillen no der Pandemie wéinst hire schlechte Léin ëmmer méi an d’Laberente geroden, da musse mir elo politesch handelen.

De Mindestloun muss ëm 300 Euro de Mount eropgesat ginn, esou dass all Vollzäitbeschäftegten op mannst 60% vum Medianloun verdéngt.[1] Mir gesinn dréngende Bedarf no enger Debatt iwwert de Wäert vun der Aarbecht, besonnesch d’Aarbecht vun deene Leit, déi elementar a iwwerliewenswichteg Servicer verriichten. Dës Debatt ka sech net eenzeg an eleng op de Mindestloun limitéieren. Mir fuerderen e Recht op eng uerdentlech bezuelten Aarbecht fir jiddereen, Loungläichheet tëscht Fraen a Männer, eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit a staark Reegele wann et ëm d’Digitaliséierung vun der Aarbecht geet. D’Wirtschaft muss sech och den Erausfuerderungen upassen an eng sozioekologesch Neiausriichtung an all hir Iwwerleeunge mat abezéien.

Mee fir déi Lénk bleift d’Opwäertung vum Mindestloun déi absolut Prioritéit fir der Veraarmung vun all de Salariéë konsequent entgéintzewierken.

[1] Laut Statec louch de Medianloun 2020 bei 49.548€ pro Joer. 60% dovun si 29.729€, oder 2.477€ Loun am Mount. Aktuell läit de Mindestloun bei 2.201€ am Mount.


Il faut lutter contre l’appauvrissement. Une augmentation de 300 euros par mois du salaire social minimum !

De plus en plus de personnes travaillant au Luxembourg subissent des difficultés financières. Cette évolution n’est pas nouvelle et n’a qu’un lien limité avec la pandémie de Covid. Toutefois, ses effets ont montré clairement que ce sont précisément les travailleur.euse.s sous-payé.e.s et menacé.e.s de relégation sociale qui doivent supporter des conditions difficiles sur leur lieu de travail. Pour déi Lénk, la réponse à ce déséquilibre social doit passer par une augmentation significative du salaire social minimum (SSM).

La vie au Luxembourg est chère, très chère. Le coût élevé du logement absorbe une part de plus en plus grande du revenu disponible de nombreux ménages et cause désormais des difficultés, même pour les personnes ayant un salaire décent. Un loyer moyen de 1600 € par mois devient insupportable avec un salaire proche du SSM. Pour de très nombreuses personnes, les salaires ne sont plus adaptés au coût de la vie, ce qui explique aussi le nombre croissant de ce que l’on appelle les travailleur.euse.s pauvres. Selon le Panorama social de la Chambre des salariés (CSL), le Luxembourg compte 11,9% des travailleur.euse.s pauvres. Cela signifie qu’un.e salarié.e sur neuf a un revenu trop faible pour couvrir ses frais de subsistance. Dans aucun autre pays de l’UE, ce taux n’est aussi élevé !

De nombreux.ses travailleur.euse.s se battent pour de meilleurs salaires : dans le secteur du nettoyage, le personnel réclame des salaires plus élevés et une reconnaissance de leur expérience professionnelle après 10 ans et une revalorisation des salaires au niveau d’un salaire sociale minimum qualifié. Dans le secteur du commerce, les travailleur.euse.s sont à la merci d’exigences de flexibilité toujours plus grandes. Le travail les jours fériés et les dimanches devient la norme alors que cela ne reflète pas une réelle demande de la part des client.e.s, mais plutôt la faim effrénée de profits des actionnaires des grandes chaînes de distribution. Le personnel est souvent contraint de se plier aux exigences de la direction afin de compléter ses maigres salaires par des primes de dimanche et de vacances.

Les travailleur.euse.s de ces deux secteurs sont représentatif.ive.s d’autres secteurs de l’économie dans lesquels la charge de travail de la pandémie s’est considérablement accrue pendant la pandémie et n’est plus en rapport avec les salaires beaucoup trop bas. Si nous voulons éviter que ces personnes et leurs familles ne s’enfoncent encore plus dans les difficultés économiques dues à la faiblesse des salaires lorsque la pandémie se résorbera, il faut prendre des mesures politiques dès maintenant.

Le salaire social minimum doit être augmenté de 300 euros afin que tous les travailleur.euse.s à temps plein gagnent au moins 60 % du salaire médian[1].  Nous estimons qu’il est urgent de débattre de la valeur du travail, en particulier de celui des personnes qui fournissent des services de base et parfois vitaux dans cette société. Ce débat ne peut se limiter au seul salaire social minimum. Nous revendiquons le droit à un emploi correctement rémunéré pour tous, l’égalité salariale entre les femmes et les hommes, la réduction du temps de travail et la réglementation de la numérisation du travail. L’économie doit également faire face aux défis de la crise climatique et inclure une réorientation socio-écologique dans toutes ses réflexions.

Mais pour déi Lénk, la priorité absolue est d’augmenter le salaire social minimum afin de contrer résolument l’appauvrissement progressif des travailleurs et des travailleuses.

[1] Selon le Statec, le salaire médian annuel était de 49.548€ en 2020. 60% de cette somme correspondent à 29.72€, ce qui correspond à un salaire mensuel de 2.477€. Actuellement, le SSM est de 2.201€ par mois.

D’Fangeren ewech vum Index – Aktioun virum Sëtz vun der UEL um Kierchbierg

Dem Justin séng Ried kënnt dir hei liesen.

 

Et geet lo duer:

D‘Fangeren ewech vum Index!

Der Index ist die automatische Lohnanpassung an die Preisentwicklung indem Indextranchen die Kaufkraft wiederherstellen. Dieser Indexmechanismus,  der von unseren Vorfahren erkämpft wurde, der 1921 bei der Eisenbahn und im öffentlichen Dienst eingeführt und nach dem 2. Weltkrieg verallgemeinert wurde, für den wir 1982 demonstriert und gestreikt haben, hat bisher in Luxemburg andauernde Sozialkonflikte und größere Armut verhindert.

Den Unternehmerverbänden, sowie der CSV und der DP nach, soll es diesem Instrument jetzt an den Kragen gehen: Die Unternehmerverbände wollen den Index ganz abschaffen, die CSV will ihn „deckeln“, und die DP will nur noch eine Tranche pro Jahr ausbezahlen und zudem den Warenkorb manipulieren.

Die automatische Indexanpassung der Löhne, Gehälter und Pensionen, ist für viele Menschen das einzige Mittel um ihre Kaufkraft zu erhalten. Durch die Indexmanipulation der letzten zehn Jahren aber gingen den Menschen, die gegen Lohn und Gehalt arbeiten, bereits 1.500 Millionen an Kaufkraft verloren. Statt in die Realwirtschaft investiert zu werden, trugen diese Gelder zur Finanzspekulation und letztendlich zur Finanzkrise bei – was einer riesigen Umverteilung von unten nach oben gleichkommt. – Und was geschieht in Zukunft?

Laut der von der CSV angeregten „Deckelung“ sollen Indextranchen nur noch bis zum 2,5-fachen Mindestlohn ausbezahlt werden. Auf diese Weise würde die Lohnschere – der Unterschied zwischen den niedrigsten und den höchsten Einkommen – kleiner, wird behauptet. Das stimmt aber nicht: Höchstverdienern wird der Ausfall auf anderem Wege (Gehaltserhöhung, Tantiemen, Sonderzulagen) vielfach kompensiert werden, während die mittleren Gehaltsempfänger das Nachsehen haben; ihr Verdienst wird zunehmend entwertet. Sieht so soziale Gerechtigkeit aus?

Die DP und déi Gréng wollen den Warenkorb, der die Lebensteuerung misst, manipulieren – egal wie hoch der Verlust der Kaufkraft auch ist. Dagegen wehren wir uns: der Warenkorb muss die tatsächlichen Verbrauchergewohnheiten widerspiegeln; die Inflation muss richtig gemessen werden (Manipulation des Thermometers senkt nicht das Fieber…). Um die Entwicklung der Preise zu bremsen, müssen andere Mittel eingesetzt werden (Beispielsweise eine verbesserte Preiskontrolle, keine Taxenerhöhungen, …).

Die LSAP ihrerseits will die automatische Indexbindung der Einkommen „im Prinzip“ wieder herstellen – sobald „die Krise“ überwunden ist. Da die Krise aber in den nächsten Jahren nicht überwunden sein wird, wird die LSAP also die Indexmodulation fortsetzen. Und siehe da, übers Wochenende schwenkte die CSV ebenfalls um auf das Gewähren einer einzigen  Indextranche pro Jahr … Und schon sind sich CSV, LSAP, DP und Grüne einig:  Während der andauernden Krise soll weiterhin nur noch eine Indextranche pro Jahr ausbezahlt werden. Sieht so ein „Neuanfang“ aus?

Für déi Lénk – wie auch für die Gewerkschaften – steht fest: Die automatische Indexanpassung muss wieder bedingungslos und vollständig wiederhergestellt werden, sowohl bei den Löhnen, Gehältern und Pensionen, als auch bei allen Sozialzuwendungen (Kindergeld, …), und zwar ab 1. Januar 2014 – ohne Deckelung, ohne Manipulation, ohne Aufschub.

déi Lénk, 20. September 2013

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe