Un TICE à 100% sous gestion publique – Le chauffeur TICE à 100% au statut public !

Les employés du syndicat intercommunal de bus TICE ont appris lundi par la presse que le TICE allait être transféré à l’État. Dans sa déclaration, la ministre des Transports Yuriko Backes a déclaré que les conditions de travail du personnel du TICE ne devraient pas se détériorer. Mais pour déi Lénk, de nombreuses questions demeurent et les quelques informations parvenues au public ne nous satisfont pas.

déi Lénk est avant tout consterné par le fait que les communes du sud cèdent une propriété communale à l’État et renoncent ainsi en grande partie à leur capacité d’agir en termes de future politique de mobilité. Le transfert des transports scolaires et des lignes de bus, actuellement gérés par le TICE, aux compagnies de bus privées du RGTR n’est rien d’autre qu’une privatisation partielle de ce qui est encore un service public communal. La suppression de bus de nuit le week-end est également inacceptable pour déi Lénk, car cela signifie qu’après 23.00 heures le week-end, il n’y aura plus de transports publics dans les communes du Sud. Surtout pour les jeunes et les personnes sans voiture, une possibilité de mobilité disparaît. Les décisions quant aux besoins de mobilité dans le sud vont à l’avenir être prises à Luxembourg-Ville et non plus à Esch, Differdange ou Dudelange.

La nécessaire restructuration du TICE avec la transition vers l’électromobilité et l’extension de l’infrastructure pour les nouveaux bus constituent évidemment un défi financier majeur pour le TICE. Mais l’argent pour financer l’expansion et l’électrification du TICE existe, sinon auprès des communes, du moins auprès de l’État. Mais le gouvernement a eu la tâche facile et a su exploiter la désunion des communes et le faux jeu d’un certain nombre de collèges échevinaux pour prendre le contrôle du TICE.  Ainsi, le manque de courage des communes de prendre leur responsabilité nous a mis dans cette situation déplorable.

 

déi Lénk exige cependant que le TICE reste à 100 % dans un statut de droit public et que la gestion tienne compte des intérêts des usagers dans les communes du Sud. Évidemment déi Lénk exige également que le statut public de son personnel soit maintenu à l’avenir. Nous nous opposons également à toute privatisation et suppression de lignes et services. Nous craignons toutefois que, tôt ou tard, de nouvelles privatisations et restrictions n’apparaissent, ce qui accroîtrait également la pression sur le statut public du conducteur TICE.

Beaucoup plus d’investissements publics sont nécessaires dans les communes. Nous devons renforcer nos services et infrastructures communautaires et non les abolir ou les repousser. Cela s’applique ici tout particulièrement à la mobilité publique, qui s’est développée au fil des décennies dans les communes du sud grâce au TICE.

 

C’est pourquoi le soutien de l’État est bien entendu nécessaire pour que les communes soient en mesure de remplir leurs tâches dans l’intérêt des citoyens et des employés. Évoquer l’autonomie communale tout en refusant aux communes les moyens financiers nécessaires pour réaliser leurs missions est non seulement contradictoire mais hypocrite.


Den TICE zu 100% a ëffentlecher Hand – Den TICE-Chauffeur zu 100% am ëffentleche Statut!

Iwwer d’Presse sinn déi Ugestallte vum interkommunale Bus-Syndikat TICE de Méindeg gewuer ginn, dass hire kommunale Betrib un de Staat soll iwwergoen, den de Service an Zukunft matféiere soll. An hirer Stellungnam huet d’Transportministesch Yuriko Backes gesot, dass d’Aarbechtsbedéngunge fir d’Personal vum TICE net verschlechtert solle ginn. Mee fir déi Lénk bleiwen hei nach vill Froen op an déi puer Informatiounen déi an d’Ëffentlechkeet komm sinn, stellen eis net zefridden.

déi Lénk sinn an éischter Linn bestierzt iwwer d’Tatsaach, dass d’Südgemenge mam TICE e kommunale Besëtzstand un de Staat iwwerginn a soumat hir Handlungsfäegkeet punkto Mobilitéitspolitik vun der Zukunft gréisstendeels opginn. D’Cessioun vum Schülertransport a vu Bus-Linnen, déi haut vum TICE gefuer ginn u Privatbusentreprisen am RGTR ass näischt anescht wéi eng Deelprivatiséierung vun engem haut nach ëffentlech-kommunale Service. D’Astellung vun den Nuetsbussen um Weekend ass fir déi Lénk och net vertrietbar, wëll dat bedeit, dass no 23 Auer owes um Weekend kee flächendeckenden ëffentlechen Transport an de Südgemenge méi verkéiere wäert. Besonnesch fir jonk Leit a Leit ouni Auto verschwënnt domat eng Mobilitéitsoptioun am Süden. Wéi eng Bedürfnisser no Mobilitéit am Süden nach erfëllt solle ginn a wéi eng net, decidéiert sech an Zukunft also um Kierchbierg an der Stad an net méi zu Esch, Déifferdeng oder Diddeleng.

Déi néideg Ëmstrukturéierunge beim TICE mat der Transitioun an d’Elektromobilitéit an d’Vergréisserung vun den Infrastrukture fir déi nei Bussen si selbstverständlech eng grouss finanziell Erausfuerderung fir den TICE. Mee d’Sue sinn do fir den Ausbau an d’Elektrifizéierung vum TICE ze finanzéieren, wann net an de Gemengen, da beim Staat. D’Regierung hat awer liicht Spill a konnt d’Oneenegkeet vun den TICE-Gemengen an d’falscht Spill vun enger Partie Schäfferéit ausnotzen, fir d’Kontroll iwwer den TICE ze kréien. De fehlende politësche Wëllen vun de Gemengen fir hir Verantwortung z’iwwerhuelen huet eis an des Situatioun bruecht.

déi Lénk fuerderen dass den TICE  weiderhin zu 100% an engem ëffentlech-rechtlechen Statut an am Interessi vun den Usageren am Süde bedriwwe gëtt. Den ëffentleche Statut vum Personal muss an der Zukunft integral bestoe bleiwen a mir si strikt géint all Ofschafung oder Privatiséierung vu Servicer oder Linnen. Mir fäerten awer, dass et fréier oder spéider zu neie Privatiséierungen an Aschränkunge komme wäert, déi och den Drock op den ëffentleche Statut vum TICE-Chauffeur wäerte vergréisseren.

Et si vill méi ëffentlech Investitiounen an de Gemengen néideg. Mir mussen eis Gemengeservicer an -infrastruktur stäerken a se net ofschafen oder ofstoussen. Dat gëllt hei ganz speziell fir d’ëffentlech Mobilitéit, déi an de Südgemenge mam TICE iwwer vill Joerzéngten opgebaut ginn ass.

Dofir ass natierlech déi néideg Ënnerstëtzung vum Staat aus noutwendeg fir dass d’Gemengen och an d’Lag versat gi fir hir Aufgaben am Interesse vun den Ugestallten an de Bierger a Biergerinnen z’erfëllen. Vu Gemengenautonomie schwätzen an de Gemengen déi néideg finanziell Mëttelen dofir virenthalen ass widderspréchlech an hypokritesch.

Verschlechterung vun den Aarbechts- a Lounbedéngunge beim Kommunale Bussyndikat TICE – 110 Gemengebeamte verléieren hir Prime d’astreinte

déi Lénk weist sech alarméiert iwwer déi ugekënnegt Verschlechterung vun den Aarbechtsbedingunge beim Kommunale Bussyndikat TICE, wou 110 Persoune vum Personal hir Prime d’astreinte vun 22 Punkten (500 € de Mount!) ab November vun dësem Joer net méi sollen ausbezuelt kréien. D’Prime d’astreinte ass en Deel vum Loun an dësen eesäiteg decidéierte Lounofbau ass fir déi Lénk inakzeptabel. Dës Entscheedung gouf vu Lokalpolitiker gestëmmt, déi de Verwaltungsrot vum Bussyndikat TICE representéieren. Si hunn dës Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen duerchgesat, ouni d’Interessi vum Personal oder de finanziellen Impakt vun enger pensionabler Prime ze berücksichtegen.

Si argumentéieren, dës Prime wier net konform zur aktueller Gesetzgebung well se net cibléiert wier. Hei muss awer drop higewise ginn, dass déi Prime säit 1978 ob der Basis vun engem Accord mam deemolege Ministère, fix ausbezuelt gëtt. No 46 Joer kann een dovun ausgoen, dass et sech em e sozialen Acquis handelt, deen net sou einfach gestrach ka ginn. D’Personal vum TICE huet zu Recht fest mat dëser Prime gerechent a riskéiert elo wéint dëser zweiwelhafter Decisioun an d’Laberenten ze kommen.

déi Lénk steet op der Säit vum Personal a vun de Gewerkschaften, déi sech géint dës ongerecht Moossname wieren. Mir prangeren déi politesch Machenschaften un, déi sech tëscht dem Ministère fir Mobilitéit an den zoustännege Gemengen ofspillen, an déi elo op Käschte vun de Mataarbechter vum TICE ginn.

déi Lénk fuerdert en oppenen Dialog tëscht de politesch Verantwortlechen, dem TICE, den Aarbechter an de Gewerkschaften, fir eng gerecht a fair Léisung ze fannen, déi d’Rechter vum Personal respektéiert an hir sozial Ofsécherung garantéiert.

Sud-Gemengeréit vun déi Lénk

Marc Baum                        Myriam Cecchetti                         Gary Diderich                  Carole Thoma

Esch/Uelzecht                Suessem                                               Déifferdéng                       Diddeleng

Interessekonflikt beim TICE.

De läschte Méindeg, 16. Oktober 2023 huet sech de neien TICE-Kommitee a Büro konstituéiert.

Déi Käerjenger Gemeng ass mat engem Member, hirem Schäffen Frank Pirrotte (CSV) am Büro vum Interkommunale Syndikat TICE vertrueden.

Den Här Pirrotte, wuar Direkter vum Grupp Sales-Lentz, enger Privat-Bustransportentreprise, implantéiert zu Käerjeng. Hei hu mer et mat enger Situatioun vun Interessekonflikt ze dinn, wou et schwéier ze ënnerscheeden ass ob hien d’Interesse vu senger Gemeng oder déi vu sengem ehemalegen Employeur, wou hien zu de Führungsleit gehéiert huet, vertrëtt.

Déi rezent Privatiséierungsversich an d’Iwwerdroe vu Linne déi vum TICE desservéiert ginn, un RGTR-Busser, also un Privatfirmen ofzetrieden, sinn eng bedenklech Entwécklung, a mir froen eis eeschthaft ob hei net déi direkt Interesse vum Sales-Lentz an den Iwwerleeungen an Diskussioune matspille wäerten.

Mir fuerdere dofir déi aner Gemengen an den Innenministär op ,des Kandidatur respektiv déi Nominatioun net ze akzeptéieren, well déi zwou Verantwortungen net kompatibel an deontologesch a politesch ontragbar sinn.

Mat beschte Gréiss,

Marc Baum, Myriam Cecchetti, Gary Diderich a Carole Thoma, déi Lénk Gemengeréit vun Esch, Suessem, Diddeleng an Déifferdeng.

Jean-Claude Thümmel an Andrea Spigarelli fir déi Lénk Sektiounen Péiteng a Schëffleng.


Conflit d’intérêts au TICE.

Lundi dernier, le 16 octobre 2023, les nouveaux comité et bureau du TICE ont été constitués. La commune de Bascharage est représentée par un membre, son échevin Frank Pirrotte (CSV), au bureau du syndicat intercommunal TICE.

M. Pirrotte, ancien directeur du Groupe Sales-Lentz, une entreprise privée de transport par bus, implantée à Bascharage. On a ici affaire à une situation de conflit d’intérêts, où il est difficile de distinguer s’il représente les intérêts de sa commune ou ceux de son ancien employeur, dont il était l’un des dirigeants.

Les récentes tentatives de privatisation et le transfert des lignes desservies par le TICE vers les bus RGTR, c’est-à-dire vers des entreprises privées, constituent une évolution inquiétante, et l’on se demande sérieusement si les intérêts directs de Sales-Lentz ne joueront pas ici dans les délibérations et les discussions.

Nous appelons donc les autres communes et le ministère de l’Intérieur à ne pas accepter la candidature ou la nomination, car les deux responsabilités sont incompatibles et déontologiquement et politiquement insupportables.

Marc Baum, Myriam Cecchetti, Gary Diderich et Carole Thoma, les conseillers de déi Lénk d’Esch, Sanem, Dudelange et Differdange.

Jean-Claude Thümmel et Andrea Spigarelli pour les sections déi Lénk de Pétange et Schifflange.

Quelque chose se trame au TICE!

La période de faste qu’a connue le TICE, « Transports intercommunaux du canton d’Esch », ces dernières années, touche définitivement à sa fin. C’est du moins ce que suggère la lecture de rapports du comité du TICE et du « Concept global de transport en commun pour la région sud du Luxembourg ».

Ainsi, on peut lire dans le rapport du comité du 10 novembre 2022 que le président du bureau du TICE a informé les membres du comité d’une nouvelle convention entre le TICE et l’État. En raison de cette nouvelle convention qu’il s’agit encore de négocier, la participation de l’État au frais de fonctionnement du TICE devrait baisser d’environ 9 millions d’euros. Ce qui correspond à une coupe budgétaire claire de 17%, alors que d’ici 2028 le ministère des Transports publics table sur une croissance des transports publics de 25%. Une coupe de 9 millions d’euros de la subvention étatique est une attaque contre le TICE qu’on ne doit pas laisser passer. Si l’Etat maintient cette baisse, le TICE devra s’adapter à cette nouvelle réalité économique, ce qui veut dire :

  • une réduction du nombre de lignes de bus ;
  • une réduction de la fréquence de passage sur les différentes lignes ;
  • l’arrêt complet du transport scolaire.

Pour assurer ce service, il faudrait 35 bus en moins et, par conséquent, 35 salarié.e.s resteraient sur le carreau.

  • Et enfin : il n’y aurait plus de nouvelles embauche sous le statut de fonctionnaire.

Mais la création d’un « Réseau Région Sud » ne correspond pas à un agrandissement du TICE, au contraire.

En toute apparence, avec l’arrivée du tram rapide et la réalisation du « Corridor à haut niveau de service », la part du TICE au niveau des kilomètres globalement parcourus risque de diminuer encore. Luxtram SA est une entreprise de droit privé dont la ville de Luxembourg et l’État sont les principaux actionnaires. ET ces deux actionnaires poursuivent clairement une politique aggressive de réduction des coûts. Les salarié.e.s de Luxtram sont des employés privés qui ne jouiront jamais des conditions de travail et salariales plus avantageuses des fonctionnaires communaux.

Le principal argument du TICE pour embaucher à l’avenir des employés communaux et non des fonctionnaires est que le taux d’échec élevé à l’examen d’Etat et au Code 95, que doivent obligatoirement passer les futurs chauffeurs fonctionnaires avant de se faire embaucher crée actuellement une pénurie de personnel.

Le taux d‘échec à l’examen d’admission pour les secteur des transports communaux se situe entre 60 et 70% depuis 2018. C’est ce qui ressort d’une question parlementaire de déi Lénk à la ministre de l’Intérieur. Cette formation doit être revue et le centre de formation doit disposer des moyens nécessaires pour accomplir sa mission correctement.

D’après les informations de la presse, il y a eu depuis 2019 de nombreuses démissions au Centre de formation des conducteurs (CFC) et les infrastructures seraient dans un mauvais état. La ministre de Taina Bofferding ne répond pas à la question sur les raisons à l’origine de ces démissions et, dit-elle, le gouvernement ne peut pas chiffrer le manque de chauffeurs de bus. Mais elle affirme que des discussions avec les acteurs seraient en cours pour rendre le métier de chauffeur plus attrayant et pour adapter la formation.

La pénurie de chauffeurs est déjà importante et cela risque de s’aggraver encore. Nous sommes conscients de l’urgence, mais de supprimer la carrière des fonctionnaires dans le secteur n’est pas la bonne solution pour pallier la pénurie.

déi Lénk revendique:

  • un subventionnement adéquat du TICE;
  • une amélioration des conditions de travail et salariales des agents ;
  • le maintien du statut de fonctionnaire ;
  • l’extension de l’offre des transports publics et l’amélioration de la qualité de ce service public.

déi Lénk va continuer à se battre pour un transport public performant organisé par les pouvoirs publics.

Un transport public de qualité fait partie intégrante d’une politique de lutte contre les émissions de gaz à effet de serre. Seul un réseau performant incitera les gens à laisser leur voiture au garage. Dans le cadre du plan national de mobilité et du plan de mobilité de la ville d’Esch, le transport public fait face à d’importants défis. Nous voulons rappeler au ministre des Transports publics que l’on ne pourra pas s’attaquer à ces défis en sous-traitant le transport public à des acteurs privés.


Et deet sech eppes beim TICE!

Am Géigesaz zu de leschte Joerzéngten an deenen de Syndikat « Transports intercommunaux du canton d’Esch » bal exponentiell gewuess ass, soll et an Zukunft eriwwer si mam Ausbau vum ëffentlechen Transport.

Dat zumindest seet d’Lecture vun TICE Comité-Rapporten an dem sougenannten « Concept global de transport en commun pour la région sud du Luxembourg » viraus.

Am Rapport vum TICE-Comité vum 10. November 2022 ass nozeliesen, dass de President vum TICE Büro, d’Membere vum Comité iwwert eng nei Konventioun tëscht dem Syndikat TICE an dem Staat informéiert huet. Opgrond vun der, nach auszehandelnder neier Konventioun, soll den Apport vum Staat un de Funktiounskäschte vum TICE, ëm ronn 9 Milliounen Euro erof goen. Dëst entsprécht enger Kierzung vu ronn 17 Prozent. Dobäi geet ee beim Ministère des Transports publics dovun aus dat 2028 de gesamten ëffentlechen Transport ëm zimmlech genee 25 Prozent soll wuessen. Eng Kierzung vun 9 Milliounen Euro vun der staatlecher Subventioun ass eng Attack op den TICE déi een sou net ka stoe loossen. Sollt de Staat bei senger Kierzung bleiwen, musse Mesure geholl gi fir mat manner Geld eens ze ginn, dat bedeit:

  • Eng Reduktioun vun de Linnen déi vum TICE gefuer ginn
  • Eng Reduktioun vun der Frequenz op den eenzele Linnen
  • E komplett Astelle vum sougenannte Schülertransport.

Dëst géif eng Aspuerung vu 35 Busse bedeiten an eng Entloossung vu 35 Chauffeuren!

  • An zu gudder Läscht : Keng weider Astellunge vu Buschaufferen ënnert dem Statutt vum Fonctionnaire.

Mat der Créatioun vun engem « Réseau Région Sud » geet et awer net a Richtung Ausbau vum TICE. Au contraire.

Sou wéi et de Moment ausgesäit, wäert mat der Arrivée vum « Tram Rapide » an der Realiséierung vum sougenannte CHNS: « Corridor à haut niveau de service », d’Part vum TICE un de global gefuerene Kilometer signifikant zeréck goen. Beim Tram Rapide kënnt d’Firma Luxtram an d’Spill. Luxtram SA ass eng privatrechtlech Firma déi der Stad Lëtzebuerg an dem Transportministère als Haaptaktionär gehéiert. D’Ville de Luxembourg an den Transportministère verfollege mat Luxtram kloer d’Zil Aspuerunge beim Personal ze maachen. D’Leit déi bei Luxtram schaffen si privat agestallt a kommen domat ni an de Genoss vun de gudden Aarbechts- a Lounbedéngunge vu Gemengebeamten.

D’Haaptargument vum TICE Comité fir an Zukunft nëmmen nach Employés communaux a keng Fonctionnaire méi beim TICE anzestellen ass, dass se den Exame fir Fonctionnaire ze ginn net packen a well se de Code 95 – déi obligatoresch Formatioun um CFC entweder net packen oder d’Waardezäite beim CFC ze laang sinn.

Den Taux d’Echec beim Opnamexame fir de kommunalen Transportsecteur läit säit 2018 konstant tëschent 60 a 70%. Dat geet aus enger parlamentarescher Fro ervir, déi déi Lénk un d’Inneministesch gestallt hunn. Des Formatioun muss dréngend iwwerschafft ginn an da mussen och méi Moyen’en an des Formatioun an de Centre de Formation gestach ginn.

An der Press konnt een noliesen dass et beim CFC  säit 2019 sëlleg Leit demissionéiert hunn. D’Infrastrukture vum CFC sinn aktuell an engem schlechten Zoustand. D’Inneministesch Taina Bofferding geet net op d’Fro nom Grond vun dësen Demissiounen an. D’Regierung kéint och net wësse wéi vill Buschaufferen aktuell feelen. Mee si seet awer an hirer Äntwert dass Diskussioune mat den Acteuren amgaange wiere fir de Beruff vum Buschauffer méi attraktiv kënnen ze gestalten an d’Formatiounen unzepassen.

Elo feele Buschaufferen an an Zukunft wäerten der och nach méi gebraucht ginn.

Mir sinn eis dëser Drénglechkeet och bewosst, mee et ass dee falschen Usaz hei de Beruff vum Buschauffer ze bradéieren an d’Méiglechkeet op eng Carrière am Fonctionnariat quasi ofzeschafen.

Dofir fuerderen déi Lénk :

  • eng adequat Subventionéierung vum TICE.
  • Eng Verbesserung vun den Aarbechts- a Lounbedingunge vum Personal
  • D’Verdeedegung vum Statutt vum Fonctionnaire
  • Den Ausbau vun der Transportoffer a d’Verbesserung vun der Qualitéit vum ëffentlechen Transport

déi Lénk wäerten sech allgemeng och weider fir en performanten ëffentlechen Transport an ëffentlecher Hand asetzen.

Ee staarken ëffentlechen Transport ass ee wesentleche Bestanddeel vun der Reduzéierung vun den Zäregasen. Nëmmen ee gudden ëffentlechen Transportreseau mécht et méiglech, dass Leit op de Privatauto kënne verzichten. Am Kader vum Plan National de Mobilité an dem lokale Mobilitéitsplang zu Esch steet den ëffentlechen Transport viru groussen Erausfuerderungen. Mir rappelléieren dem gréngen Transportministère dass des Erausfuerderungen net mat enger Auslagerung vun de Servicer vum ëffentlechen Transport u privat Träger ze stemme sinn.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe