Et ass wichteg, effikass géint all Forme vun Ënnerdréckung an Diskriminatioun virzegoen, sou datt déi sozial Relatioune kënne a Richtung Gläichheet a Kooperatioun evoluéieren. Dofir ass et néideg, d’Pluralitéit vun den individuelle Charakteristiken unzëerkennen, mee och d’Erausfuerderungen a Saachen Diversitéit an hirem nationalen an internationalen soziale Kontext ze gesinn.