Vun den Déngschtleeschtungen déi am ëffentleche Besëtz si ka jidderee profitéieren. Nëmme wann déi ëffentlech Servicer verdeedegt an ausgebaut ginn, ass den Zougank vun der ganzer Bevëlkerung zu elementare Rechter garantéiert, wéi zum Beispill dem Recht op Educatioun, Gesondheet oder Mobilitéit. Et geet ënnert anerem drëms, sech géint d’Privatisatioun an d’Liberalisatioun vun den ëffentlechen Déngschtleeschtungen ze wieren.