Déi europäesch Bevëlkerunge brauchen transnational Léisungen, well vill Problemer kënnen nëmmen um internationalen Niveau geléist ginn. Mee dee gemeinsamen europäesche Projet muss demokratesch, sozial an ekologesch sinn. Nei Reegele musse geschaaft ginn, fir datt d’Mënschen sech déi europäesch Konstruktioun nees uneegne kënnen.