Déi virherrschend Budgetspolitik besteet doranner, bei den Depensen ze kierzen fir ëmmer weider Steiersenkungen fir d’Entreprisen an déi verméigend Schichten ze finanzéieren.
Dat huet zu enger Ënnerfinanzéierung vun de Staate gefouert an zu enger spronghafter Erhéijung vun de sozialen Inegalitéiten. Eng Politik am Déngscht vun der grousser Majoritéit geet den ëmgedréite Wee : d’Recettë mussen erëm erhéicht ginn duerch eng gerecht Besteierung vun den Entreprisen an dem Kapital, fir nohalteg Investissementer an effikass staatlech Prestatiounen ze finanzéieren.