Mee si bréngen och eng ganz Rei vu Risike mat sech, déi am Moment nëmmen ongenügend gereegelt sinn. Dofir ass et wichteg d’Evolutiounen ze verfollegen, se ze verstoen an ze antizipéieren. Net nëmme vun engem techneschen oder ekonomesche Standpunkt aus, mee och wat déi ethesch, sozial, gesellschaftlech, juristesch an ekologesch Froen ubelaangt.