Si wuesse ganz ënnerschiddlech op, kréie ganz verschidde Viraussetzungen aus hirem familiären a sozialen Ëmfeld mat op de Wee, mee stinn awer alleguer ënnert dem selwechte Leeschtungsdrock. Covid19 an ekologesch Krise schränke Jonker staark an hirem selbstbestëmmten Opwuessen an an hunn Afloss op hir Liewenschancë bei Bildung an Aarbecht. Déi Jonk si vun all dem betraff, dierfen awer net un de politeschen Entscheedungen Deel huelen. déi Lénk wëllen d’sozial Rechter vu Jonke stäerken a si iwwer d’Zukunft matentscheede loossen.