En ass och ontrennbar mat der sozialer Fro verbonnen. Eng sozio-ökologesch Transformatioun ka nëmmen duerch e konsequent politescht Handelen an e méi déifgräifende Richtungswiessel ëmgesat ginn. Dofir muss een ënnert anerem wichteg Beräicher erëm ënnert demokratesch Kontroll bréngen, déi néideg ëffentlech Investissementer maachen an den aktuelle Wirtschaftssystem nei iwwerdenke, dee net mam Ëmweltschutz ze vereenbaren ass.