Et ass eminent wichteg, alle Mënschen en Zougank zur Kultur an zum kulturelle Liewen ze erméiglechen. Dofir muss se och komplett dem Prinzip vun der Profitmaximéierung entzu ginn. De Sport spillt eng ganz positiv Roll fir d’Gesellschaft. Och wann de Leeschtungssport net däerf vernoléissegt ginn, sou ass et virun allem de Vollekssport, dee muss vun der Ëffentlechkeet ënnerstëtzt ginn.