Dofir mussen demokratesch Fore geschaaft gi fir eng reell Participatioun vun der Bevëlkerung ze erméiglechen. Wann eng méi laangfristeg Visioun fonnt ginn ass, da muss een sech d’Mëttele gi fir eng koherent Planung. Dat setzt och viraus, datt all Politikfelder sech no dësen Ziler orientéieren an datt d’Allgemengwuel iwwert Eenzelinteressi gestallt ginn.