Mee et geet net duer fir just Gesetzer iwwert Meenungs- an Informatiounsfräiheet ze erloossen, et muss een sech och d’Moyen’e gi fir se konkret ëmzesetzen. Ënnert anerem muss eng wierklech pluralistesch an onofhängeg Medielandschaft garantéiert sinn, d’Rechter vun de Journaliste musse gestäerkt a geschützt ginn an déi ëffentlech Institutioune mussen en e méiglechst fräien Zougank zu den Informatioune bidden.