Et ass e Phänomen, deen d’Mënschheet säit hiren Ufäng begleet an deen d’Gesellschafte beräichert. Dat wat ee muss bekämpfen, sinn d’Ursaache vun der onfräiwëlleger Migratioun: Krich an Aarmut, Diskriminatioun a Verfollgung. D’Zesummeliewen, och wann et schlussendlech vun de Leit gedroe gëtt, muss vun den ëffentleche Autoritéite besonnesch opmierksam begleet ginn. Et ass eng transversal Thematik, déi sech an alle Politikberäicher erëmfanne muss.