E muss flexibel, sécher, zouverlässeg a komfortabel sinn. Den Individualverkéier wäert ëmmer eng Roll spillen, mee wäert an Zukunft net méi kënnen op de fossille Brennstoffer berouen. Et ass och wichteg, onnéideg oder ongewollten Deplacementer ze reduzéieren. D’Transitioun hin zu enger nohalteger Mobilitéit wäert net vun haut op muer stattfannen. Et ass e mëttel- a laangfristege Prozess, dee mat a fir d’Bevëlkerung muss geplangt ginn.