Sie muss de Kanner d’Zesummeliewe an de Respekt virum Matmënsch bäibréngen, genee esou wéi néideg technesch Kompetenzen an e gutt Allgemengwëssen. D’Chancëgläichheet muss am Zentrum vum Schoulsystem stoen an dofir muss se och ëffentlech organiséiert sinn. D’Privatisatioun vun der Educatioun ass ofzeleenen, well se déi hierarchesch Gesellschaftsstrukturen reproduzéiert.