Am Géigendeel, d’Geschicht weist eis, datt se zwangsleefeg zu Konflikter féiert. Donieft kéinten déi kolossal Zommen, déi vun der Rëschtungsindustrie verschléckt ginn, op eng vill méi intelligent Manéier investéiert ginn. D’Bevëlkerunge sinn nëmme seele fir Oprëschtung an hunn nach vill manner Loscht Kricher ze féieren oder iwwert sech ergoen ze loossen. Dësen demokratesche Wëllen zur Ofrëschtung muss mat stännegem Drock op déi Responsabel duerchgesat ginn.