Etat de la Nation: d’Ried vum Serge Urbany

Serge Urbany (déi Lénk) – Här President, et ass wéi all Joer un der Zäit e Bilan ze zéien.Deen ass natierlech geprägt vun der Ried vum Premier. An deen huet sou muenches ze verdeedegen, no de Kritike vun der leschter Zäit a no esou enger laanger Zäit un der Spëtzt vun enger Koalitioun mat der selwechter Partei.Huet dës Koalitioun an där Zäit dann elo de « Perimeter vun der Fairness no an no ëmmer erëm erweidert », wéi et an der Ried heescht?Ech wëll dat unhand vu 4 gëschter genannte Beispiller ënnert d’Lupp huelen:- Éischtens, wéi kann een d’Schoulbichergeld fir Famillje mat niddregem Akommes fir de Bewäis vu wuessender Fairness mobiliséieren, wa gläichzäiteg d’Kannerzoulage – och fir déi selwecht Famillje – zënter Joren substantiell u Wäert verléieren duerch hir Des-Indexéierung ?

– Zweetens. Sécher hunn d’Platzen an de para-scolairen Institutiounen, wéi de Maisons Relais, zougeholl an dat ass absolut ze begréissen. Awer och hei ass et e wäite Wee tëschent der an Aussiicht gestallter Gratuitéit an der Erhéijung vun den Tariffer am Kader vun de Spuerprogrammer vun der Regierung.

-An drëttens, wann och d’Zuel vun de Schüler, déi ouni Ofschloss sinn, erof gaangen ass, esou ännert dat awer näischt um ongerechte – ewell mussen e jo soen onfairen – Zougank vun den Aarbechterkanner zum mëttleren oder héigeren Unterricht. Dat verschlechtert sech nach eng Kéier duerch de Sproocheproblem. Portugisesch Kanner verloossen d’Schoul zu 81% nom ënneschte Sekundarunterricht oder drënner, 18% gin an de méi héige Sekundarunterricht, 1% op d’Héichschoul – 1% ! De Schoulofschloss ännert och näischt um Jugendchômage deen an d’Lut geet.

-Véiertens, d’betriblech Weiderbildung betrëfft an deene meeschte Fäll einfach eng bestëmmten eenzel Plaatz am Betrib a gëtt och nach dacks beluecht vun deenen am beschte qualifizéierte Leit – si kann also eng uerdentlech Beruffsausbildung mat engem allgemeng unerkannten Diplom net ersetzen.

Méi allgemeng: ass eis Gesellschaft méi gerecht – méi fair – ginn an all deene Joren ?
D’Ziffere vum STATEC soen eis de Géigendeel, och wa keen se well héiren.
45% vun de Leit wieren aarm wann et keng sozial Transferte géif ginn.

Mee trotz soziale Prestatiounen an trotz Mindestloun sinn nach 10% vun de Leit, déi eng Aarbecht hunn, aarm.

D’Léin a ville Secteure stagnéieren a ginn zréck, trotz wuessender Gewënnlaag. Dat wichtegst Verhältnis fir ze wësse wat an enger Gesellschaft lass ass – d’Verhältnis tëschent Aarbecht a Kapital – verschlechtert sech weiderhi fir déi Leit déi schaffe ginn.

D’Léin ginn och op ville Platzen net méi duer, z.B. am Secteur vun der Hotellerie an der Restauratioun, wou all 2. net méi wéi de Mindestloun verdéngt.

Si gin och net méi duer am Bausekteur oder am Botzsekteur, wou och déi meescht e Liewe laang um Mindestloun leien a wou honnerte vu Botzfraen zënter Jore géint eng Armada vu Patronsaffekote fir wéinstens de qualifizéierte Mindestloun no 10 Joer Arbécht streiden.
Kann ee soen, déi Tendenzen an Entwécklungen hätte näischt mat der Regierungspolitik ze dinn, mat den Aschnëtter bei den universalen sozialstaatlechen Mechanismen wéi dem Index oder dem Kannergeld, oder – vill méi hannenerëm – mat offizieller Lounmoderatiounspolitik, déi de Patrone bei Sozialkonflikter a Kollektivvertragsverhandlungen de Réck stäipt. Dacks si Salariéë betraff, déi kee Walrecht hunn.

« Machen wir uns nichts vor. Es geht hier um die Verteilungsfrage”, seet d’Caritas an hirem Sozialalmanach.

Déi Verdeelungsfroe ginn an der “Lag vun der Natioun” net ugeschnidden. Dobäi misste se hei op d’mannst problematiséiert ginn.

Si bestëmmen awer och weiderhin déi alldeeglech Politik.

Och an den Ukënnegungen an der Ried gëschter.

D’Aspuerungen an der Budgetspolitik – a wéi soll een dat anescht nennen wéi all Gewerkschaften dat och maachen, nämlech Austeritéitspolitik – sollen bis zu de Walen nach bis zu 300 Mio. nei Reduktiounen ausmaachen. Déi 900 Mio d’lescht Joer gi natierlech weiderhin kumulativ matgeschleeft.

D’Katastropheszenarien ginn awer emol bis nächst Joer e bësse manner staark developpéiert. Op eemol ass d’Schold, entstanen duerch d’Hëllef fir d’Banken, net méi grat esou dramatesch, an déi negative Auswierkungen vun der Austertéit op d’Konjunktur ginn elo ervirgestrach – ech menge bal ech géif meng eege Rieden hei zum Budget oder zur Lag vun der Natioun vu virun engem Joer héieren.

Mee trotzdem bleift d’Richtung vun den Aspuerungen déi selwecht:

– Am Sozialberäich soll op deene Leeschtungen gespuert gin, déi och “exportéiert” musse ginn – wat ech fir en diskriminatoreschen Ausdrock halen, handelt et sech hei dach ëm déi Leit déi duerch den “Import” vun hirer Qualifikatioun an hirer Aarbecht derzou bäidroen, de Räichtum hei am Land ze erschafen.

-Bei der Fleegeversécherung sollen d’Assuréen weider bezuelen aplaz dass op den ëmverdeelenden Effet vum Budget zréckgegraff géif ginn.

-Beim Chômage – Chômageversécherung kann ee jo net méi soen zënter dass d’Patronskotisatioun do op Null gesat gouf, wann ee well e bësse méi wäit an der Geschicht zeréckgoen – beim Chômage also sollen d’Zoumuttbarkeetsregelen fir eng Aarbecht mussen unzehuelen, geännert ginn. Fir déi Jonk z.B. gëtt dervu geschwat, si missten och Platzen an der Hotellerie an der Horesca unhuelen – also dem Secteur mat deene meeschte Mindestléin. Et ass wuel dervun auszegoen dass dat den Inhalt vum “Pacte Jeunes” wäert sinn, deen hinnen eng Aarbechtsplaz no spéitstens 4 Méint soll garantéieren.

Egal wat een dovunner hale kann ob dat elo gudd oder schlecht ass fir déi eenzel Jugendléch, Fakt ass awer – an dat ass net ze widderleën – dass domat de Staat Sue spuert an dass e Lounniddregsekteur hannen dru stécht.

Och d’RMG-Bezéier sollen “a vill méi groussem Mooss wéi bis haut” nëtzlech Aarbecht bei Staat a Gemenge maachen. Dobäi läit dee Prozentsaz laut Caritas-Bericht elo scho bei 86%. Wat soll dann do nach vill an d’Lut gesat ginn?

-Et soll och bei de Gemenge gespuert ginn. Gemenge kréien zwar eng méi soupel Tutelle an d’Ofschafung vum Distriktskommissär versprach.

Mee an enger Etude déi den Inneminister ausgerechent bei der Zentralbank an Optrag ginn huet, do geet riets vu neie Budgetsnormen, vu méi Kontrollméiglechkeeten duerch den Inneminister, vun europäeschen Obligatiounen, an engem Wuert: vun enger renforcéierter finanzieller Tutelle vun der Regierung iwwer d’Gemengen.

Et gëtt jo och mat där Declaratioun hei näischt geännert um Kader den déi ganz Politik zu Lëtzebuerg an Europa bestëmmt – an och weiderhin bestëmme wäert.

– Mer hu viru kuerzem de Fiskalpakt gestëmmt, deen déi ëffentlech Mëttelen vum Staat, vun de Gemengen a vun der Sécurité sociale an der Würgegrëff hëlt.

Nach dëst Joer soll dat Gesetz mat qualifizéierter Majoritéit gestëmmt ginn, dat d’Instrumenter duerfir liwwere soll. Dat Gesetz kann duerno net méi mat einfacher Regierungsmajoritéit ëmgehäit ginn.

-Mer hunn den Index manipuléiert bis an d’Joer 2016. Am Joer 2015 erfält keng Tranche.
D’Auswierkungen op d’Kafkraaft vum Salariat maachen sech also weiderhin verstäerkt spierbar.

-An deene kommende Joren wäerten sech och déi nei Aschränkungen fir d’Rentnerinnen a Rentner bemierkbar maachen.e.a. duerch Ajustement- an aner Manipulatiounen.

An zum Schluss gëtt fir no 2014 mam décken Hummer gedreet – an dat elo schonn demnächst op Bréissel geschéckt, woumat och déi nächst Regierung wärt belaascht ginn.
Da soll d’TVA erhéicht gin, eng indirekt an domat keng solidaresch Steier, déi besonnesch déi trëfft, déi wéineg verdéngen.

Awer déi fundamental Fiskalreform, déi d’Suen op dem Pol vun der Gesellschaft hëlt wou se sech ëmmer méi accumuléiert hunn – bei de Gewënner an den Akommessen op Kapitalbesëtz – där gëtt elo schonn eng kloer Offouer erdeelt – an domat eigentlech och geleeëntlech heibannen geäusserte Fuerderungen vun der LSAP (ausser si huet dat ni esou richteg gemengt).

Et ass nämlech net normal dass 2002 d’Stéit an d’Betriber nach ongeféier gläich Direktsteiere bezuelt hunn, haut d’Betriber awer nëmmen 35% an d’Stéit 65%. Dobäi bezuelen d’Stéit och nach d’TVA déi elo soll erhéicht ginn. Wou ass do nach iergend een Equiliber? Eng Fairness?

Eng progressiv Steierreform – dat muss de Knackpunkt vun de gesellschaftlechen Ausenanersetzungen ginn.

Well ouni si weider Ofstrécher bei de soziale Leeschtungen onvermeidlech.
E sougenannten “Zukunftsblock” a Form vun Investitiounen a Bildung a Recherche ass sécherlech e wichtege Bestanddeel vum Budget.

Well den Total vun den ëffentlechen Ausgaben um PIB ass iwwregens mat 42% ee vun deenen niddregsten an Europa.

An ech mengen och dass et domadder net duergeet.

Aplaz d’Kapital vun der BGL elo erëm ze verloossen, wou et eppes abréngt, an aplaz bei der Cargolux net verstäerkt wëllen anzeklammen fir déi Problemer an dem Secteur ze léisen, no der Katastroph mat dem kataresche Kinnekshaus, menge mer dass de Staat all Méiglechkeete soll notzen fir selwer an der Wirtschaft aktiv ze ginn.

Ech héieren eng gewëssen Zäertlechkeet vis-à-vis vun der Industrie eraus, déi géint eng « Industriefeindlechkeet » vun de Lëtzebuerger a Schutz geholl gëtt.

Mat Zäertlechkeet ass et awer hei net gedoen. “Déi grouss Patronen, déi kënnen net nëmmen huelen; déi grouss Patronen, déi mussen och ginn” Sot de Staatsminister virun engem Joer hei. Plusieurs voix: Très bien! Wéi ass et domat, ech hätt hei gären eng kloer Äntwert. An Tëschenzäit huet den Här Mittal nämlech d’Schléissung vun 2 Wierker – Schëffleng a Rodange – ugekënnegt, obschonn an enger Etude, déi vun der Regierung wéi e Staatsgeheimnis ënner Verschloss gehale gëtt, offensichtlech d’Viabilitéit vun deene Wierker schwaarz op wäiss bewise gëtt.

Fir d’Zukunft ze sécheren, musse mer net do emol fir d’éischt déi iwwerliewensfäheg Betriber erhalen, déi an eis Industrielandschaft passen, aplaz eis Jugend als Garçonen an Serveusen lasszeschécken?

Ech well hei fir e richtegen Zukunftsfong plaidéieren, deen d’Wirtschaft erëm méi autonom an dynamesch maache kann, iwwerall do wou se et brauch a wou se et gewënnbréngend maache kann, z.B. och am Logementsekteur.

Dee Fong soll 1. gespeist ginn vun der Reserve vun der Sécurité sociale, ir déi muss, wéi an Zypern, geholl ginn fir d’Lächer vun iergend enger zukünfteger Finanzkris ze stoppen.
An 2.soll d’Iddi vun enger Finanztransaktiounssteier ënnerstëtzt ginn, déi mat 0,01% prozentual gesinn der Fongenindustrie zu Lëtzebuerg net schuet, awer dem Land eng wierklech zolidd finanziell Kompensatioun kéint bréngen.

Domadder wier ech bei dem Steiergeheimnis op der Bankeplaz fir auslännesch Kapitalanleger.

Natierlech wäert ech hei net kritiséieren wat mer als déi Lénk jorelaang verlaangt un.
Mer héiere jo dann och dass d’Finanzplaz dorobber virbereed ass a bis 2015 keng schwaarz Steiergelder aus dem Ausland méi wäert hunn.

D’Finanzplaz werft natierlech nach ganz aner Problemer op, déi z.B. mat der Besteierung vun den internationalen Industriegemengen ze dinn huet.

D’Roll vun der Finanzwirtschaft, an iwwerhaapt d’Roll vum privaten, internationale Kapital a vu senger Kontroll wäert ouni Zweifel den Haaptproblem vun der demokratescher Souveränitéit weltwäit bleiwen.

Hei muss et zu engem Paradigmewiessel kommen, an dozou kënnt et nëmmen duerch d’Fuerderung och vun Transparenz.

Well schlussendléch sin déi krisenhaft Erscheinungen, vun denen de Premier ugangs geschwat huet, wesentléch déi vun engem Vertrauensbroch. D’Leit hun emmer éi d’Gefill, weserntléch Saache virenthalen ze kréien an doduerch keng wierkléch demokratesch Selbstbestëmmung ze hun.

Mangelnd Transparenz an déi Prädominanz vu Privatinteressen bis an d’Politik eran – dat sinn zwou Säite vun enger Medail. Dat hu mer besonnesch däitlech bei Cargolux oder Wickréng-Léiweng gesinn. An dat spillt och eng Roll beim Opbau an Ëmbau vun Instrumenter vun Iwwerwaachung a Repressioun.

Duerfir wéilt ech zum Schluss de Premier paraphraséieren a soen: Jo, d’Leit sollten de Stolz op dat erëm gewannen wat se an dësem Land nach kënnen zum Positiven veränneren. Net alles ass iwwregens falsch, wat do ass, virun allem net de Sozialsystem, fir deen Generatioune virdrun gekämpft hunn, géint déi selwecht déi en haut a Fro stellen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe