DEINE FRAGE: Sidd dir fir d’katalounesch Onofhängegkeet?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Gudde Moien,
meng Fro huet zwar net direkt eppes mat de Chamberwahlen ze dinn, mee d’Thema kéint duerchaus relevant während der nächster Legislaturperiod ginn: Wéi stidd dir dann zum momentanen Emanzipatiouns-/Onofhängegkeetsprozess a Katalounien? D’CSV wéi och déi meescht Parteien an Europe drécken sech jo virun enger klorer Äntwert. (wéi sou üblech)
Villmols merci a bonne chance fir d’Wahlen!

ANTWORT

Merci fir Är Fro.
Eng Stellung zu seperatisteschen Tendenzen an aanere Länner vu Letzebuerg aus anzehuelen ass schwéier an dacks zweeschneideg.
1. Mir kenne schwéier vu Lëtzebuerg aus den Katalanen virschreiwen waat hirt Verhältnis zum spuenesche Staat soll sin. Dat géife mir awer indirekt maachen, wann mir eng fest Meenung dozou anhuelen.
2. D’Onofhängegkeetsbestriewungen a Katalonien kommen souwuel vu der biergerlecher Droite (wéi CiU) wéi awer och vun der Gauche (wéi zB. Esquerra Republicana). Daat sin Mouvementer déi déif an der katalanescher Geschicht verwuerzelt sin (net ze vergiessen déi staark Repressioun ennert dem Franco).
3. Et kann een nie dës Bestriewungen pauschal bewäerten.
4. Fir éierlech ze sin, musse mer och zougin datt mir eis nie formal mat dëser Fro beschäftegt hun. Mir hun also keng Positioun als Partei dozou, quitte datt een dovunner ausgoe kann datt vill vun eise Memberen eng Meenung dozou hun. Awer net forcément déiselwecht.
4. Eis as et wichteg datt de Wëllen vun der Majoritéit vun de Mënschen respektéiert gëtt.
5. Hannert solchen Bestriewungen kennen genausou chauvinistesch/egoistesch Tendenzen stoen, wéi och emanzipatorescher. Et wier net korrekt eisersäits, ouni den Terrain ze kennen an ouni direkt betraff ze sin, virzeschreiwen wéi och déi lénk Onofhängegkeetsbeweejungen sech ze behuelen ze hun. Genausou wéi en Unisprof engem Arbechter net virzeschreiwen huet wéi den Arbechter sech organiséiere misst.
Mir hoffen Iech Är Froen beäntwert ze hunn.
bescht Gréiss

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe