DEINE FRAGE: Wéi wellt dir äre Programm finanzéieren?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Als bewossten an treien Dei Lenk Wieler waert et Iech net iwwerraschen dass ech Ierch an aerer Partei an 99% vun den Faell zoustemmen. ech sin am haerz bluttrout an sinn och iwwerzeecht dass dir definitiv gudd approchen hutt fir dess land en steck mei gerecht ze man. ech fannen zb ennert aneren aer approche zum index nemmen richteg… eng fro stellt sech bei mir trotzdem dei ganzen zait : wei well dir aer ganz virsaetz an aerem programm finanzeieren? d’raichtumverdeelung vun uewen no ennen, wei dat zb duerch eng mei staark besteierung vun den entreprises (va vum gewenn) gescheien, waert jo secher net dozou feiere  dass sech mei entreprises dozou entscheeden mei an letzebuerg z’investeieren, vu dass dat sie an dem ament mei kascht. wat mengt dir dann zur gefor vun enger allgemenger kapitalflucht, eraus aus letzebuerg an hin zu emerging markets? dir schwetzt och vun engem emschwong, weg vun enger finanzieller ofhaengegkeet vum bankensekteur hin zur enger mei nohalteger reindustrialiseierung… mengt dir wierklich, dat geif d’arbeschtsplaazen vun engem emmer mei schwaechelnden secteur tertiaire kenne kompenseieren?

ech sinn gespaant op aer anetwert, meng stemm haenkt dess keier dovunner of. idealismus ass richteg an noutwenneg an deser kapitalistescher gesellschaft, mais dar blot vum himmel schwieren geet hautesdags nemmei duer.

ANTWORT

Här E.,
Är Froe si méi wéi berechtegt. Ech versiche kuerz Elementer vun Äntwerten ze gin:
1) Als gesellschaftsverännernd Kraaft hu mer et ze din mat enger Realitéit déi net vun eis, mee géint eise Wëllen geschafe gouf:
-de Kontext vu Liberaliséirung vun de Kapitalmäert;
-den europäesche Kontext vun der “concurrence libre et non faussée des marchés”.
-d’Entwicklung vun der Lëtzebuerger Ekonomie a Richtung Finanziariséirung an Désengagement vum Staat (Arcelor, Cargolux, Post…).
Domatt ass och e stoarke politeschen Drock an der Gesellschaft verbonnen, deen déi bestehend Verhältnisser zwar net ëmmer legitiméiert, mee virun allem als alternativlos duerstellt.

2) Alternativen a Verännerungsweër musse realistesch sin, d.h. si mussen de Leit déi hei wunnen och kënnen Entwicklungsperspektive bidden. Kritik eleng geet net duer, revolutionär Rethorik och net, “dat Blot vum Himmel schwieren” scho guer net, do hu der recht.
Mer hun awer eng Rei vun Usätz geliwwert déi, menge mer, och haut scho realistesch wiren:
-méi staark Reguléirung vun der Finanzplaatz;
-méi staarken Engagement vum Staat iwwer öffentléch Investitiounsfongen ;
Dat fir d’Ofhängegkeet vu privaten (inländischen an ausländischen) Investisseuren erofzesetzen an domat och hinnen Drockméiglechkeeten ze huelen. Hei am Land hu sech vill Suen och an öffentlécher Hand akkumuléiert, déi ee sënnvoll hei kann ékonomesch notzen (ouni selwer an den “emerging markets” héich Renditen unzestriewen, wéi dat z.B. den öffentléche Pensiounsfong mécht).
-Förderung vun enger industrieller Basis a Vernetzung mat der Fuerschung ;
Geet dat duer fir aner Réckgäng ze kompenséieren, wéi der mengt, wee kann dat wëssen? Mécht een awer näischt, da gin déi Réckgäng awer sécher méi schlëmm ze verkraften!
-regional Kooperatioun;
-Asetzen fir eng aner Politik an Europa.

3) Et muss zu enger Conscience kommen, dass d’Ekonomie de Leit alleguer gehéiert! An dass si doriwwer selwer bestëmme mussen.
An do muss et zu gesellschaftleche Géigebewejunge kommen. Déi get et schon zum Deel, bei Gewerkschaften, bei verschiddenen Associatiounen. Dee Géigendrock muss sech och an Europa maachen a mécht sech och do ëmmer méi.
Ouni gesellschaftleche Géigendrock ass näischt méiglech. D’Réappropriatioun vun der Politik a vun der Ekonomie ass zu deem Präiss!

4) Natirléch wert esou eng Entwicklung net vun denen higeholl gin, déi vun der aktueller Situatioun profitéieren.
All sozial Erneierung, all Reguléirung vum Spillraum vun de privaten Akteuren vun der Ekonomie huet nach ëmmer an der Geschicht zu Gejäits vun Ënnergank gefouert. An dach hu grat déi Gesetzer d’Geschicht weiderbruecht. Esou ass de Sozialstaat haut entstanen.

5) Kapitalflucht? Wa Kapitalflucht nëmme ka verhënnert gin wann een all Fuederunge vun deër Säit nogët, da féirt dat an eng Spiral vun Ofhängegkeet. An do si mer dran.
Also muss een haut och déi froen déi um Rudder sin (oder ouni wesentlech Ännerung vun der Politik un d’Rudder wëlle kommen): wat maach Dir dann, fir déi ëmmer méi grouss Ofhängegkeet ze verhënneren? Wat maach Dir, fir eng eegestänneg Politik, fir d’Demokratie an Zukunft nach ze erméiglechen? Wivill Chancen hu der scho verpasst?
Dofir ee Beispill: d’Finanztransaktiounssteier, dat ass déi (minimal) Steier op den Emsätz vun de Finanztransaktiounen.
Zéng Länner an Europa, doranner all eis Nopeschsstaaten, och Merkel an Hollande, wëllen se aféiren, net esou Lëtzebuerg.
Dobäi gesäit dee Virschlag fir dass déi Steier och op den Emsätz vun alle Gesellschaften opgehuewe get déi an europäische Länner agedroe sin – och wann d’Emsätz op Finanzplaatze an Europa gemeet gin déi net beim Accord matmaachen.
Domat wir Kapitalflucht tëschent den europäische Länner de Riggel virgeschoben an et giffe nei Steier-Ressourcen och fir Lëtzebuerg kommen, wa Lëtzebuerg da giff mat Frankräich oder Däitschland asw. matmaachen. Wa Lëtzebuerg net matmécht, kritt et och keng Steiereinnahmen.
Wourop warde mer? Virwat stelle mer eis op d’Säit vun der “City” vu London?

6) Op den “emerging markets”, déi der uschwätzt, get souwisou investéiert, haut schon. Mee déi Haptmäert, fir Wueren a fir Finanzproduiten,sin ëmmer nach an Europa an och d’Kapital – d.h. deen aus de Leit hei erausgepresste Finanzpouvoir – ass ëmmer nach europäisch.
Léisunge mussen an Europa gesicht gin, duefir ass eng europäisch alternativ Politik néideg, déi och a Richtung méi öffentléchen Afloss, Reindustrialiséirung, Regionaliséirung vun de Wirtschaftsstréim, Emverdeelung asw. geet.

7) Doriwwer eraus mengen ech dass wann déi Ännerunge déi mer proposéieren werte kommen – an also majoritéitsfäheg werte sin! – dass dann villes méiglech gët, well dann ass och d’politesch Legitimatioun – an de politesche Pouvoir – do fir se ëmzesetzen.
Et ass näischt esou upassungsfäheg wéi d’Kapital well se jo och dann nach weiderhi Gewënner och hei wëlle maachen.

8) Mer mussen haut ufänken ëmzedenken, och wa mer haut net mehrheetsfäheg sin. Mer hu net am leschten Détail Léisungen, besonnesch och well d’Oppositioun net all Informatiounen huet déi eng Regirung huet.
D’Regirung huet z.B. Etuden déi aner Weër opweisen, z.B. an der Stolindustri, a bestëmmt och an anere Sekteuren (z.B.Cargolux), déi se awer zréckhält, well se net an hir Strategie vun Upassung u gewëssen ekonomesch Intressen, z.B. denen vun den Investitiounsfongen, passen.
Mee et ass wichteg haut schon déi ze stäerken, déi en Emdenke fuederen! Fir dass se an der Châmber méi Drock op d’Regirung kënne maachen, fir dass se an der Châmber besser kënnen d’Uleiesen vun der Gesellschaft erfirbréngen.

Ech hoffen Iech iwwerzeegt ze hun, ärer Iwerzeejung als déi Lénk-Wieler och weiderhin kënnen trei ze bleiwen.

Serge Urbany, Deputéierten déi Lénk

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe