DEINE FRAGE: Sprooch, kleng Betrieber a Loyer

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Mech géif interesséieren wéi eng partei hei am Land interessen diruner huet sech fir eis letzebuergesch Sprooch anzesetzen d’ass déi obligatoresch gett . An och dofir d’ass et manner grouss Betrieber sondern méi kleng Betrieber mat Qualitéit an Léiwt zum Beruff an Frendlegkeet zum Client den Wirtschaftsmaart beherrschen.
An dann mist och nach een sech dofir ansetzen d’ass déi aal Gebeier mat Charakter, an déi Symbol vun Letzebuerg sin, sollen ennert Gedenkschutz stoen an Plaaz d’ass se ofgerappt gin, an duerch nei modern Wunnengen ersaat, gin wou guer naischt duerstellen… jiddereen schwetzt vun méi Grengfläsch an Wunnengen zou normalen Praiser. Do helleft just Loyers Praisser méi eroof ze setzen ( gesetzleg) an daat fir Wunnengen , Haiser an Lokaler. An Plaaz un nei Gebaier ze denken. ( wou déi bestehend Grengfläsch forthellt) Stoppt de Bauwahnsinn an Korruptioun wou aal Haiser mat Styl an Charakter, déi schon puer 100 Joer do stin oder Joer 10 ten einfach ofgerappt gin an Letzebuerg doduerch sain eenzegartegen Charme verléiert….. Wunnengen sin genuch do an stin eidel well Praisser ze héisch sin, an Promoteuren Drock machen fir ze ofzekaafen an ofzerappen…

ANTWORT

Merci fir Är Froen.
Letzebuergesch Sprooch: déi Lénk well d’letzebuerger Sprooch als Kommunikatiounssprooch virun allem an de Créchen an an deenen eischten Schouljoeren förderen. Eng Obligatioun fir d’Letzebuerger Sprooch gett et schon op deenen Plaatzen wou dat Senn mecht, z.B. an den öffentlechen Administratiounen.
Allerdengs si mir der Meenung, dat een d’Realitéit vun der Kulturenvielfalt zu Letzebuerg positiv ennerstetze muss, dat heescht, dat een net sollt anhand vu Sproochen Leit ausgrenzen.
Kleng Betrieber: déi Lénk setzt fir verstäerkten regional Produktion an. Déi lescht Joeren hunn gewisen, dat d’Konzentratioun op multinational Konzerner, déi ad hoc delocaliséieren wann se hiere Wellen net duerchgesaat kreien, e Fehler ass.
Wunnen an Loyer: Wei Dir richteg festgestallt hudd, ass dest een Thema, dat an dese wahlen immens wichteg ass, an vun allen Parteien besaat gett.
déi Lénk setzt op e Package vu Mésuren, fir déi aktuell desolat Situatioun an de Greff ze kreien. Eis Mésuren beinhalten e.a. e massiven Öffentleche Wunnengsbau, uewer-Grenzen fir de Loyer an Aalbausanéierung.
All eis fuerderungen fannt dir am Kapitel 5, vun eisem Wahlprogramm: http://elodeilenk.org/2013/08/21/5-wohnen/
Wichteg ass, daat déi Lénk de Schrett mecht och d’Promoteuren an d’spekulanten zur Verantwortung ze zeihen. Spekulatiounen op aal Gebéier iwwert eng laang Dauer féieren grad dozou, daat dei Gebeier verfaalen. Doweinst well déi Lénk Spekulatioun op Wunnraum matt heijen Stéieren andämmen.
Mir hoffen Iech Är Froen beäntwert ze hunn.
bescht Gréiss,

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe