DEINE FRAGE: Wat mecht déi Lénk géint steigend Kriminalitéit?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Leif Dei Lenk,

En Vue vun de Walen wier ech dankbar falls Dier mier d’ Positioun vun ärer Partei vis-à-vis vun der zounehmender Kriminlaitéit an eisem Land kinnt matdeelen a wéi eng Leisungsvierschléi Dier hutt.

Mat frendlechen Gréiss

E. M.

ANTWORT

Mir sinn eis wuel bewosst dass d’Kriminalitéit zu Letzebuerg zouhellt an e Problem ass. Mir sinn eis och bewosst dass d’Leit wellen an engem Emfeld liewen wou si ouni Angscht, och Nuets, sech am öffentleche Raum kenne bewegen. Mir wellen dat och.

Mir sinn der Meenung dass déi Äntferten, déi vill Parteien am Moment zu desem Problem ginn, net déi richteg sinn.

Kriminalitéit ass eng direkt Konsequenz vu steigender Armut, soziale Problemer, Ausgrenzung an Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft. Während puer Leit emmer méi hunn, hu vill anerer emmer manner. Et ginn immens vill Etuden déi ganz kloer beweisen dass et en direkte Lien gett zweschen steigender Armut an Ongerechtegkeet a steigender Kriminalitéit.

Kriminalitéit wert emmer en Deel vun enger Gesellschaft sinn déi ongerecht ass an op Profit vu verschiddene Weinege berout.

Dofir trieden déi Lénk fir eng Gesellschaft an, an der de Räichtum gerecht verdeelt ass, an der et keng Armut gett, an der jidfereen eng Wunneng an en gerecht Akommes huet, an der jidfereen kann deelhuelen an demokratesch matbestemmen op Letzebuerger oder Awanderer, an der mateneen amplatz geinteneen geschafft gett.

Mir sinn géint Videoiwwerwaachung vum ëffentlëche Raum, well se an eisen Aën eng Gefoër fir eng fräi an demokratesch Gesellschaft duerstellt an domadder also méi schued uriicht, wéi se kiint „Sëcherheet“ schaafen. D’ailleurs beweisen all Etüden zu dem Sujet, datt se naischt bréngt, well Kriminalitéit nët méi kléng gëtt, mee jhust verlagert gëtt.

Op Platzen wou Problemer sinn brauche mer net nach méi privat Secherheetsfirmen, mee méi sozialt Liewen. Eis Garen, Parken etc. musse belieft ginn, mir brauchen Platzen wou Menschen sech gären ophalen, och nach Owes speit. Dest muss och net emmer mat Konsum zesummenhänken. D’Politik ka vill machen fir flott Platzen wou Menschen sech treffen am öffentleche Raum ze förderen. Am Moment ginn awer z.B. an der Stad Letzebuerg virun allem deier Butteker a Prestige Projet’en gefördert. D’Stad ass no 6 Auer owes doud. Verschidde Quartier’en sin ausgestuewen, anerer ghettoiséieren. Et ass wichteg dass mer rem an alle Quartier’en eng Meschung vu Menschen kreien.

De soziale Servisser musse méi amplatz manner Mettel zur Verfügung gestallt ginn, mir setzen virun allem op Präventioun, op e richteg gudde Sozialsystem wou keng Menschen op der Streck bleiwen. D’Kriminalitéit kritt een duerfiir an eisen Aën jhust an de Grëff, wann een hiir Uersaachen bekämpft, an nët wéi elo, jhust hiiren Symptomer, ouni Erfolleg a reng repressiv, hannendrun leeft.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe