DEINE FRAGE: Zousätzlech Bauplaz?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Fro: Wëll déi Lénk Privat-Leit déi eng zousätzlech Bauplaz oder een Haus fir d’Kanner kaaft hunn, oft andeems se Scholden gemaach hunn, finanziell futti maachen?

ANTWORT

Nee, ganz kloer ass dat nët dat wat déi Lénk viséieren. Et geet eis virun allem em Spekulatioun, déi virun allem vunn Immobilièren an Promoteuren bedriwwen gëtt. Wann Haiser an Bauland iwwer Joerzengten eidelgeloos ginn muss een awer ufänken iwwer Steieren an no an no aaneren Mesuren Drock ze maachen dass do eppes geschitt. Soss kommen esou onökologesch Proposen wéi d’Erweiderung vum Bauperimeter an domadder emmer mei eng staark Zersiedelung. Mäer wëllen awer och duerch d’Grondsteier op d’Zweetwunnéng d’Solidaritéit stärken zwëschen den Leit déi méi Besëtz hunn wéi dat wat se direkt fir sech brauchen an den Leit déi guer keen Besëtz hunn. Iwwert déi Steier wëllen déi Lénk jo an den öffentlechen Wunnéngsbau investéieren, och iwwert d’Steier op eidelstoend Wunnéngen an Bauterrain’en. Dës Steieren sollen awer net vun Ufank un enorm sinn, mee sollen awer d’Bewosstsein dofir schaaffen dass an der aktueller Situatioun eng wiirklech Urgence besteet fir Wunnéngsraum ze schaaffen. Concernéiert Leit kréien als eng weider Steier opgebrummt mee vue que dass d’Grondsteier momentan méi bëlleg wei d’Hondssteier ass wäert dat éischter modeste sinn, se soll jo net op franséischen Niveau klammen. Ausserdeem, wann een den ganzen Programm vun déi Lénk kuckt, ginn d’Kleng- a Mëttelverdiener entlaascht (Waasser- an Energiekäschten, gerecht Steierpolitik, baibehaalen vum Index, Augmentatioun vum Mindestloun,…) – esou dass den Gesamtpackage favorabel wäert sinn fir déi jeweileg Leit.

Fir dass Proprietairen awer net méi Problemer dobäi hunn wéi soss eppes ginn et och eng Rei Méiglechkeeten: iwwert d’Agence Immobilière Sociale oder d’Immo Stëmm kritt een versëchert dass een regelméisseg een Loyer kritt an och alles a Stand gesat gëtt an ennerhaalen gëtt. Ähnlech favorabel Konidtiounen ginn applizéiert wann een fir Studenten Wunnraum verlount,…

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe