Nei UN-Konventioun zur Ernährungshëllef: Fräihandelsdogma ass Schold un Armut an Honger

Interventioun vum Serge Urbany an der Chamber den 21.1.14:

view video on chd.lu

 

Här President,

Laut dem leschte Rapport vun der UN-Welternährungsorganisatioun  hunn am Zäitraum 2011-2013 geschätzten 842 Millioune Mënschen an der Welt u chronescher Ënnerernährung gelidden, daat mécht ronn 12% vun der Weltpopulatioun aus. All 3 ½ Sekonn stierft e Mënsch un Honger.

1967 ass eng éischt UN-Konventioun zur Ernährungshëllef ofgeschloss ginn, déi zum Ziel haat, iwwerschësseg Agrarproduiten  an déi sougenannten Entwécklungslänner  ze transferéieren.

Déi nei Konventioun vum Abrëll 2012 enthält wesentlech Fortschrëtter, wéi zum Beispill eng nohalteg Liewensmëttelhëllef, déi déi lokal Agrarproduktioun net  ënnerhiellegt an – sou wäit dat méiglech ass -d’Liewensmëttel oder hir Zousätz op lokalen oder regionale Marchéë keeft, an dat fir d‘Liewensmëttel-Autonomie vun de betraffene Regiounen z‘erhalen.  

Dëst si sécherlëch bedeitend Fortschrëtter, déi mär als Lénk och begréissen a firwaat mär och dëse Gesetzesprojet ënnerstëtzen.

Nawell ginn ët awer eng Rëtsch Kritikpunkte, déi dësem Accord dann awer och eng Aura vun Hypocrisie ginn:

Well et si grad ökonomesch Akteure vun deenen industrialiséierte Länner, déi déi natierlech Ressourcen vun deene Länner ausbeuten. Et si grad  Fräihandelsofkommessen, déi d’Agriculture vun deene Länner zum groussen Deel zerstéieren an duerch Phänomener wéi Land-Grabbing zum Spillball vu multinationale Konzerner maachen.

Multinational Konzerner  déi dann erëm kolossal Sommen an den Finanzzentren vun der Welt placéieren an domat – och zu Lëtzebuerg – d’Spekulatioun op Liewensmëttel unheizen.

Et ass och e Widdersproch, wann een déi betraffe Länner encouragéiere wëll, national Strategien géint d’Ursaache vum Honger ze entwéckelen, a gläichzäiteg an dëser Konventioun betount, dass d’Fräihandelsregeln vun der Welthandelsorganisatioun OMC Virrang virun de Regelen vun dëser Konventioun hunn.

Daat heescht also, datt déi Fräihandlesverträg weiderhinn virun enger nohalteger lokaler Entwécklung priméieren.

D’Ziler vun dëser Konventioun sinn och net contraignant vis-à-vis vun de räiche Geberländer – déi sech och weiderhin ausdrécklech an dëser Konventioun Verhandlungsfräiheet an der OMC virbehalen!

Besser kann een déi ékonomesch Intresse wuel net définéiren, déi och schänterlecherweis hannert esou Konventiounen géint Liewensmëttelhëllef stin!

Dat gesäit een och dodrun dass d’europäesch Kommissioun scho säi finanziellen Engagement hei begrenzt huet , obschonn – wéi de Staatsrot sarkastesch schreift – dës Haltung net konform ze si schéngt zu den Hëllefsufroen aus de noutleidende Länner.

Duefir, Här President, esoulaang déi eigentlëch Uersaache vum Honger an der Welt nët resolut ugaangen ginn, riskéiren esou Konventiounen eng Drëps op e woarme Steen ze bleiwen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe