Chamber: De Justin Turpel iwwert den Internationale Währungsfong (FMI)

view video on chd.lu 

Den FMI ass eng ganz Geschicht, wou ville Leit op der Welt d’Grujelen ausginn, wann se dovunner héieren. Wa mir géingen ee Weltgendarm sichen, deen derfir suerge soll, datt deenen Räichen näischt geschitt, datt si ëmmer méi kréie, an dat op Käschte vun der Majoritéit vun der Weltbevëlkerung, da wier den FMI deen ideale Kandidat dofir!

déi Lénk wäerten dësem Gesetzprojet net zoustëmmen – well entgéint deem, wat behaapt gëtt, et hei net drëms geet de Leit an de Kriselänner an der Eurozone ze hëllefen. Ech erkläre mech:

Déi sougenannte Troika – den FMI, zesumme mat der EU-Kommissioun an der Europäescher Zentralbank – ass een vun de Haaptinstrumenter, deen zum totale Veraarmen vun Länner uechtert d’Welt bäigedroen huet an ëmmer nach bäidréit.

Ugaang ass et mat de sou genannten Strukturhëllefen – ajustements structurels – an Afrika an Südamerika, mat desaströsen Konsequenzen fir d’Bevëlkerung vun deene Länner: drastesch Präissteigerungen fir Basisprodukter (Brout, Waasser, …), Privatiséierung vun ëffentlechen Infrasrukturen, bis hin zu Hongerrevolten …

Lo solle mir dem FMI ee remboursable Prêt vun 2,06 Milliarden accordéiere, fir, wéi et am Projet de loi heescht, “déi ökonomesch a finanziel Kris an d’souverän Schold an Europa ze bekämpfen”.

Ee vun deene Länner, wat bis elo am meeschten vun deene sougenannten Hëllefspäck profitéiert soll hunn, ass Griicheland.

Mee eng Hëllef fir d’Leit war et net: déi Hëllefspäck waren un Konditiounen gekoppelt, wéi d’Kierzung vun de Léin a Pensiounen, d’Sträiche vun soziale Transferten a massive Privatiséierungen vun ëffentleche Betriber an Allgemengutt.

Zanter datt d’Griicheland d’Programmer vun der Troika applizéiert, huet dat Land 25% vun sengem BIP verluer; de Chômage ass ëm weider 18% geklomm (fir lo bei 25% ze leien); an d’Staatsschold ass geklomm an huet 2013 176% vum BIP erreecht. An der Tëschenzäit ass all 4. griichesche Bierger aus dem System vun der allgemenger sozialer Sécherheet rausgeflunn!

A wa mir da kucken, wou déi Suen hikomm sinn, sou sinn – laut enger Etude vun ATTAC-Éisträich – vun deenen 207 Milliarden, déi bis Mëtt lescht Joer ausbezuelt gi waren, méi wéi ¼ un déi griichesch Banke gaang, d’Halschent (101 Milliarden) un auslännesch Banken an a Fongen (och zu Lëtzebuerg an vrun allem an Däitschland), an just 43,7 Mia an de griichesche Budget – déi selwecht Zäit huet de griichesche Staat awer misse 34 Mia fir Zënsen bezuelen!

Zanter datt d’Troika a Portugal hiert Onwiesen dreift, ass d’ëffentlech Schold vun 94% am Joer 2010 op 127,8% am Joer 2013 an d’Luucht gaang. Parallel dozou goufen 800.000 Aarbechtsplazen zerstéiert, a méi wéi ¾ vun de Portugisen a Portugal kommen um Enn vum Mount mat deem, wat hinne bleiwt, net méi aus!

Ëmmer méi Kanner leiden Honger, a ginn dowéinst an d’Spideeler bruecht, Spideeler, déi wéinst de Spuermoossnamen, déi se opgezwong krut hunn, net méi déi néideg Mëttelen hunn, fir de Leit adequat ze hëllefen!

Dat ass dat wat weider wäert geschéien, wa mir onsen Accord zu deeër Politik ginn, andeems mir dësem Projet de loi zoustëmme géingen.

Wat d’Verscholdung vun de Länner ugeet, sou wier et natierlech wichteg iwwert d’Alternativen zu der desaströser Politik vun FMI, EZB an EU-Kommissioun ze diskutéieren, dobäi och iwwert déi reell Ursaache vun der Krise a wéi een déi bekämpfe kann. Mee dofir geet d’Zäit haut net duer, an ech sinn iwwerzeegt, dat mir nach dorop zréck komme mussen.

Ech well zum Schluss awer nach eppes ervirsträichen, deem mir ons bewosst musse sinn: Wann den sozialen Zesummenhalt an Europa a Fro gestallt gëtt, wann d’EU Sozialofbau, Aarmut a Chômage weider dreiwt, da sichen ëmmer méi Leit falsch Léisungen am Zréckzéien op Nationalismen, Rassismus, Friemefeindlechkeet a rietsextrem Tendenzen. Europa fënnt nëmmen dann d’Ënnerstëtzung vun senge Bierger, wann jidder Bierger an sengem Alldag positiv d’Auswierkungen vun Solidaritéit an sozialer Ofsécherung verspiert. An d’Politik vum FMI an der EU steet deem de Moment am Wee!

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe