One Minute Silence

Dëse Freideg ginn am russesche Sotschi déi zweeanzwanzegst Olympesch Wanterspiller erëffnet. An eben deem Land, dat an de vergaangene Wochen a Méint wéint massiven Aschränkungen vun de Mënscherechter zolitt an der Kritik stoung.
Virun allem wéint dem sougenannten “Anti-Homo-Propaganda”-Gesetz, wat “d’Reklamm-maache vun net-traditionelle sexuelle Bezéihungsmodeller” an der Ëffentlechkeet ënner Strof stellt. Opgrond vun dësem Gesetz sinn zum Beispill Symboler wéi de Reeboufändel oder Händchenhalen vun enger gläichgeschlechtlecher Koppel an der Ëffentlechkeet strofbar.
Dës verschlechtert d’Situatioun vun der LGBT-Minoritéit a Russland drastesch, wou elo schon en homophobt Klima an der Gesellschaft herrscht.
Jugendlecher ginn vu rietsradikale Gruppen erniddregt, mësshandelt oder suguer ëmbruecht. Dës Aktiounen ginn dack gefilmt an an de sozialen Netzwierker verbreet. D’Täter brauchen an deene meeschte Fäll keng strofrechtlech Verfolgung ze fäerten. Dëst ass d’Situatioun an deem Land, an deem d’Welt während den nächsten knapp dräi Wochen zu Gaascht wäert sinn.

Fir sech mat all denen, déi am Alldag an och per Gesetz keng Stëmm méi hunn, solidaresch ze weisen, rifft d’Aktiounsbündnis #GayFolksMovement zu der One Minute In Silence-Aktioun op.
Dës Schweigeminutt wäert dëse Freideg, den 7. Februar, zäitgläich och an anere Stied weltwäit, virun der russescher Ambassade stattfannen.

Mir lueden dofir jiddwer Ënnerstëtzer, dee sech fir universell Mënscherechter a géint Verfolgung an Ënnerdréckung vu Minoritéiten asetzt, dozou an, sech eiser Aktioun unzeschléissen an deen Dag virun d’Ambassade ze kommen.

Den offizielle Programm:

  • 16:45 – Rassemblement an der Rue Cyprien Merjai
  • 17:14 – Schweigeminutt “One Minute In Silence”

Am Sënn vun der Kampagne, déi vun der Hirschfeld-Eddy-Stiftung vum däitschen LSVD-Verband an d’Liewe geruff ginn ass, luede mer jiddwer Participant op,  sech zum Zeechen vu Protest, an de Fuerwe vu Russland, d’Aaebraaen blo an en roude Schnurres ze molen resp. eng Guy Fawkes-Maske ze droen. Dës Mask, déi duerch Mouvementer wéi Anonymous oder den Occupy-Beweegungen bekannt ginn ass, steet haut wéi keen zweet Zeechen fir grenziwwergräifend Solidaritéit an de Kampf géint Ënnerdréckung.

  • Rosa Lëtzebuerg a.s.b.l.
  • SCHMIT-Z, schwul-lesbischen Zentrum Trier e.V.
  • LSVD Saar
  • Déi Lénk
  • Piratepartei Lëtzebuerg
  • Jonk Piraten
  • JDL
  • JSL
  • Couleurs Gaies, Centre LGBT Metz
  • Jonk Gréng
  • CET – Centre pour l’égalité de traitement
logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe