Eng alternativ Ried zur Lag vum Land – vum Serge Urbany

Ried als PDF

Motion

Ech wëll eis Siicht op d’Lag vum Land europäisch ufänken.

Am Juli huet Lëtzebuerg d’Présidence vun der EU.

Dora wert wuel wesenléch d’Léisung vun der griichescher Kris faalen.

D’Geschäft mat de Staatsscholden ass allgemeng e lukrativt Geschäft.

Well et e Monopol vun de Finanzmäert ass.

Och mat de griicheschen Obligatiounen get op de Finanzmäert spekuléiert a gi vill Sue gemeet, mat dene selwechten Instrumenter déi och zur Kris 2008 gefouert hun: Derivater, Titrisatiounen, Wetten asw.

Well d’Zentralbanken Staate net kënnen direkt finanzéiren, garantéiert d’EU de Finanzmäert dat Geschäft am Fall vu Griichenland a vun anere Länner.

Ënnert drastesche Conditiounen fir d’Bevölkerung, déi am soziale Noutstand ass.

Esou kann et net weider goen. Griichenland ka net – dat seet all Ekonomist – weiderhin fir héich Renditen op de Finanzmärt suergen andeems et seng Bevölkerung nach weider ausgequetscht.

Esou Scholde sin duefir net méi ganz zréckzebezuelen, däerfen och net zréckbezuelt gin!

D’Hardliner an der EU setzen aplaatzt op eng vernünfteg Léisung, zu deër déi nei Regirung bereet ass (mer hun hir Virschléi publizéiert), op de Grexit, den de-facto-Ausschloss vu Griichenland aus dem Euro, en äusserst geféierleche Szenario.

D’EZB mécht währenddem alles fir d’Finanzmäert ze stäerken – fir d’lescht duerch déi 60 Milliarden déi se all Mount kréien, duerch en Opkafprogramm vun Obligatiounen op de Finanzmäert. Duefir steet leschten Enns och de Steierzueler riicht.

Kee kann awer mëttelfristeg eng nei  Finanzkris duerch Ustiechung duerch e Grexit, an duerch Iwerschwappen op aner schwaach Länner, ausschléissen.

Dat giff och eis direkt betreffen – als Staat a Garant an als Bankeplaatz.

Esou eng nei Finanzkris giff och d’Pensiounsreserv, déi gréisstendeels op de Finanzmäert plazéiert ass, voll treffen. Dat giff déi Pensiounsverschlechterungen ausléisen, déi fir dee Fall am Gesetz stin.

D’Léisung vun der griichescher Kris geet eis duefir direkt eppes un.

Déi lescht Finanzkris 2008 hat eis Milliarden u Bankerettunge kascht. An u successiven Austeritéitsprogrammer duerno, déi sech haut nach widderhuelen. Irland – och e klengt Land mat enger iwwerdimensionéierter Bankeplaatz – ass deemools bal faillite gaangen!

Ech froe mech: wéi laang maachen d’Leit an Europa dat nach mat?

An ech wëll déi Zukunft net kennen, déi en Ausenanerfallen vun der EU an en erëm Opliewen vum Nationalismus aus dem leschte Jorhonnert eis wert bréngen.

Da kann och de “Friddensprojet  Europa” a Fro gestallt gin, deen an der Ried vum Premier erwähnt gouf.

Et ass duefir net egal wéi déi griichesch Kris geléist get. Lëtzebuerg huet als klengt offent Land mat enger vulnerabler Finanzplaatz absolutt keen Intérêt um Zesummefaale vum Euro a vun der EU.

Duefir solle mer zu Bréissel – elo schon a besonnesch während der Présidence vu Lëtzebuerg – Léisungen ënnerstëtzen déi d’sozial Situatioun verbesseren an e Scholdeschnëtt virgesin, bei engem wierkleche Reformprogramm deen d’Suën do hëllt wou se – och a Griichenland – sin. Mer hoffen duefir dass Lëtzebuerg sech net bei de nächste Verhandlungen op d’Säit vun den Hardliner stelle wert. Dat wir net an eisem Intérêt. An dat giff och eist Land an eng schwireg Lag versetzen.

En 2. Aspekt, dee net wierkléch an der Regirungserklärung virkënnt, ass déi sozial Situatioun, déi sech och hei am Land verschlechtert huet.

Wéi all Joer hu Statec, CSL a Caritas Zuelen an Explikatioune geliwwert déi vun engem soziale Réckgang a virun allem vun engem Zouhuele vun den Ongläichheete zënter de Krisejore schwätzen.

Esou ass den Armuttsrisiko vun 13 op 16% geklomm (2007-13), e.a. duerch de Coût vum Logement.

Lëtzebuerg ass Europachampion wat d’Armuttssituatioun trotzt enger Arbécht ugeet.

De chômage ass geklommen, wéi mer all wëssen.

All Moossinstrumenter vun den Ongläichheeten an der Gesellschaft gin an d’Luut. Si moossen eis net par rapport zu anere Länner mee par rapport zu eis selwer. Si beliichten den Zesummenhalt vun enger Gesellschaft.

“Was wir befürchtet hatten, ist also nunmehr eingetreten: die Nachwirkungen der Krise und die Massnahmen der Regierung séit 2010 haben sprichwörtlich dazu gefährt, dass die Reichen immer reicher und die Armen immer ärmer werden” (Caritas Sozialalmanach 2015).

Ech kann hei net op déi Austeritéitspäck an op déi strukturell Reformen am Sozialwiesen agoen, déi dat bewierkt hun.

Ech wëll au contraire d’Opmierksamkeet op déi Moossname riichten, déi nach komme werten.

E gudden Abléck dora get de nationale Reformplang – dat sin d’Engagementer vun der Regirung am Kader vun der europäischer makroökonomescher Politik – deen d’Regirung viru kuerzem der Press an zwou Parlamentskommissiounen virgestallt, an dun op Bréissel geschéckt huet.

Ouni Débat hei an der Chamber (ech komme bei eiser Motioun drop zréck, well dat wir eng Debatte wert gewiescht!) deelt also d’Regierung am PNR fir 2015 folgendes mat an engagéiert sech dofir zu Bréissel:

-Bei der Alterspolitik wëll d’Regirung d’Diskussioun iwwer eventuell weider Pensiounsreformen ee Joer virzéien, si wëll d’préretraite-solidarité ofschaafen an och un denen anere Préretraite fréckelen an de Reclassement professionnel reforméiren, wat iwrijens och bedeit dass een eléischt nu 10 Joer eng indemnité d’attente kritt. D’Regirung a Bréissel wëllen déi eeler Leit méi laang schaffe loossen, während vill Jonker keng Arbécht hun.

-Mee och an der Pflegeversécherung soll no Käschtespuereffekter gesicht gin. Scho beim Zukunftspak sin hei 3,5% gespuert gin. Wann ee weess dass elo schon d’Besoinen a ville Fäll ganz anescht évaluéiert gin, da weess een dass d’Leeschtungen a Fro gestallt gin.

-Déi selwecht Suerg get et beim Gesondheetswiesen wou eng Reform ugekënnigt ass. Duerch de contrôle médical vun der d’Sozialversécherung soll d’Krankegeld éischter kënne gestrach gin an de Loun ewech faalen.

-Mer fannen et zwar gudd dass méi geziilt mat dene Jonken geschafft get fir si an d’Arbécht ze féiren. Mee déi Efforten, esou luewenswert se meeschtens sin, hun awer net als Haptgewiicht, d’Betriber ze encouragéiren besser Arbéchtsplaatzen a besser Paien ze bidden. D’Fraen solle sech besser undin (Dress for success). Wéi ass et mat der Unerkennung vun der qualifizéierter Arbécht fir jonk Qualifizéierter mat CCM, déi elo eléischt no 7 a net méi no 2 Joer erfolge soll? Wéi ass et mat der Unerkennung vun der qualifizéierter Arbécht no 10 Joer z.B. am Botzsekteur? Wat fängt eng Fra bei PEDUS mam “Triple A social” un wa sech hir Situatioun op der Plaatz verschlechtert?

-Zur “Formatioun vun de Salairen”, wéi dat am Bréisseler Jargon heescht: Mer huelen zur Kenntnis dass d’Regirung den Index zu Bréissel verteidigt, awer mat der Bemierkung dass e kengesfalls méi wéi eng Kéier am Joer erfalen dierf, wat zwar de Moment wéinst der wirtschaftlécher Rezessioun net schwéier ass (2014 an 2015 erfale keng Tranchen!), mee wat einfach weist dass de manipuléierten Index vun 2012 erëm séier agefouert wert gin wann d’Präisser klammen.

Doniewt ass awer de Stëllstand bei de Realléin effektiv.

Bei de Kollektivvertragsverhandlungen blockéiert d’Patronat.

De Mindestloun läit ënnert der Armuttsgrenz.

De qualifizéierte Mindestloun get op ville Plaatze net respektéiert. Dat selwecht gëlt fir d’Lohnfortzahlung am Krankheetsfall. Eléischt nodem d’Gewerkschafte Recht viru Geriicht kritt hun, gin d’Gesetzer géint déi Urteeler einfach en défaveur vun de Leit emgeännert.

D’Arbechtszäit sin déi längsten an Europa.

D’PAN-Gesetzgebung iwer d’Organisatioun vun den Arbéchtszäiten bitt kee Schutz virun iwerdriwwe laangen Zäiten an Iwwerstonnen. Mer fäerten dass et bis zum Enn vum Joer net am positive Sënn wert iwerschafft gin, wéinstens héire mer näischt an déi Richtung.

D’ITM huet jorleaange Stillstand geübt bei der Iwerwaachung vun den Arbéchtsrechter. Wéi et weidergeet, ass nach net ze gesin.

Et kann och net duer goen fir d’sozial Acquisen an der Ried zur Lag vum Land héichzehalen, a gläichzäiteg déi sozial Acquisen konkret a Fro ze stellen.

Mer bräichten au contraire en ambitiöse Programm deen d’Ongläichheeten an den Armutt bekämpft an d’Arbécht opwert.

Mer werten duefir och eis Proposition de loi zu de mëssbräichlechen Entloossungen, e.a. a Betriber déi Gewënner maachen, an der zoustänneger Chamberkommissioun zur Diskussioun stellen a verlaangen dass d’Regirung dozou Stellung hëllt.

Eis Alternativen generell decke sech a ville Punkten mat de Fuederungen déi d’Gewerkschaften regelméisseg beim 1.Mee an och soss erhiewen, a mat dene vun de Sozialorganisatiounen wéi der Caritas.

Mer werten eis zesumme mat hinnen géint all Dereguléirungen um Arbéchtsmaart wiren, déi – esou huet de “World Economic Outlook” vum Internationale Währungsfonds et leschte Mount nogewisen – kee positiven Effet op d’Produktivitéit an op de Wuesstum hun.

Lëtzebuerg huet en Intérêt drun, eng relativ gläich Gesellschaft ze sin, an deër sech jiddfereen doheem fillt an unerkannt get. Dat ass och eng Viraussetzung fir déi international Erausfuederungen ze meeschteren, wéi d’Migratioun oder d’Klimapolitik. Mer verlaangen duefir vun der Regirung dass se an déi Richtung aktiv get.

3. gi net déi richteg Conclusiounen aus dem Luxleaks-Skandal gezun.

Et get an der Ried vum Premier vill dovu geschwat, mee virun allem an Hibléck op den Image an de Schued fir d’Land.

Kee Wuert iwwer de Schued deen an anere Länner ugeriicht gin ass, och an Entwicklungslänner, mat denen Détournementer vu Steieren, mat der Steierfluch.

Mer hun an dem vun eis gefroten Débat iwer Luxleaks konkret Propositioune gemeet wéi “Steiertricksereien” an Zukunft misste verhënnert gin.

Mer erwarden och dass d’Regirung voll kooperéiert mat der Taxe-Kommissioun vum Europaparlament.

Mir appelléiren un d’Regirung, dass Lëtzebuerg onbedingt dem Virschlag vun enger Finanztransaktiounssteier vun 11 Länner, dorënner all eise Noperen, bäitrëtt. Dee fréiere Finanzminister Frieden huet an deër Fro ëmmer no London gekuckt fir dat ofzeleenen, haut schafft e selwer do.

Mer brauche par contre keen TTIP et Cie, well dat kënne keng gudd Accorden sin – een dervun jo schon ënnerschriwwen, mat Canada!

Mir mengen och dass Lëtzebuerg als Land a wirtschaftléch Schlësselgebidder muss investéiren, wou dat net genuch de Fall ass, wéi d’Loftfahrt, d’Stolindustrie, awer och an d’alternativ Energien denen hiren Undeel schummenswert niddreg ass.

Mer wëllen och verstärkt op d’Kooperatioun iwwert d’Grenzen ewech setzen.

Och de Logement kann sech nëmmen entwicklen wa mer staatléch Mëttelen massiv dran investéiren, wéi déi vum Fonds de compensation, wou no laangem Insistéiren vun eis endlech en Ufank schengt gemeet ze gin.

Mer mengen och dass an der Logement-Politik et net duergeet fir eng Loyerssubventioun anzeféiren, mee dass misst d’Reform um Mietgesetz duefir benotzt gin, generell eng Mietbrems anzeféiren.

Natirlech gehéiert zur wirtschaftlécher Entwicklung e Schoulsystem dee net ausschléisst mee zesummeféiert. An eiser Interpellatioun iwer d’Beruffsausbildung hu mer Pisten opgewisen a mer kooperéire gäre weider mat der Regirung an déi Richtung.

A natirléch gehéiert eng Fiskalitéit dozou déi de Räichtum och wierklech emleet, am Sënn vun enger erëm méi gläicher Gesellschaft. Mer brauche keng “ganz räich a keng ultra räich individuell Persounen” (HNWI an UNWI) hei am Land, déi herno eise Steiersystem ruinéiren.

Grat an engem globaliséierten Emfeld muss de Staat handlungsfäheg bleiwen an däerf sech net hindreiwe loossen. Dat ass eng Fro vun demokratescher Souveränitéit fir déi mer och an der EU antrieden.

 

4. Mer brauche kee kënstléche “Nation Branding”, mee e Vollék dat reell zesummewiisst.

E Vollék wou jiddfereen dozou gehéiert, dee laangristeg hei schafft a wunnt, och wann e vu sengem perséinleche Statut a vu senger Geschicht a senger Kultur hir eng aner Nationalitéit huet.

Et geet hei em d’Demokratie, d’Argumenter si bekannt an ech wëll se net widderhuelen.

Et sollt een dat och net mat der spezifischer Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg verwiesselen.

Eis Sproochesituatioun war nach ëmmer an ass auch haut eis 3-Sproochechkeet, fir déi mer an Europa beneid gin an déi eis weiderbrengt.

Mer sollten awer trotzdem net vergiessen dass Franzéisch ëmmer elitär vermëttelt gin ass.

Mer brauchen duefir 2 Saache prioritär: d’Léiere vum Lëtzebuergeschen als Schrëftsprooch (z.B: iwer d’Alphabetiséirung op lëtzebuergesch, déi mer als Iddi an d’Debatt erabruecht hun) an iwer eng méi mëndléch Erugoensweis un d’Franzéischen besonnesch am Ufank vun der Schoul.

A mer brauche méi Iwersetzungen an der Politik, och hei vun de Chamberdebatten, wa mer wëllen d’demokratesch Matbestëmmung am Land weider entwicklen.

A mer brauchen en erweiderten Zougank zur letzebuerger Nationalitéit, zesummen mat der Erweiderung vum Awunnerwahlrecht. Dat ass awer grat dat wat d’Parteie vum Neen bis elo verhënnert hun.

Desweideren brauche mer eng ganz Rei vun demokratesche Reformen: méi Matbestëmmungsrechter vun de Leit, méi Rechter fir d’Legislativ géintiwwer vun der Exekutiv, a Wahlen an engem Wahlbezierk.

Mer giffe gären de Premier beim Wuert huelen beim Opbriechen vun den (Zitat) “décke Schlässer déi soulaang d’Diere vun der Transparenz zougespart hun”. Mee ech wëll ee Beispill gin: elo verlaange mer scho méintelaang eng Lëscht vun de staatléche Vertrieder a Verwaltungsréit, esouguer d’Presidentekonferenz huet sech dem Uleies ugeschloss. Virwat huet de Premier déi Lëscht net gëschter dem President iwwerreecht?

Och wann d’Pressefräiheet an den Zougank zu Informatiounen zurecht als Ziil genannt get, virwat gin déi Leit net geschützt (och an Zukunft net, Braz), déi d’Luxleaksaffär opgedeckt a verbreet hun?

Duefir wëlle mer dass deen Debatt em d’Demokratie weidergeet, och nom Referendum vum 7.Juni a bei der Reform vun der Verfassung.

Mer hun duefir och eng eegen, alternativ Verfassung ausgeschafft.

Mer brauchen eng funktionnéirend Demokratie déi sech op all d’Leit erstreckt.  Eis lëtzebuerger awer och eis ausländesch Matbiergerinnen a Bierger musse léieren dass si d’Träger vun der demokratescher Souveränitéit sin a keen aneren.

An dass se musse mateneen auskommen.

Duefir heescht och eise Slogan – aus Oppositiounssiicht, aus sozialkritescher Siicht, am Intressi vun de Leit déi schaffe gin an Affer vun der onsozialer Politik sin, fir dass se kënne politesch matbestëmmen – beim Referendum vum 7.Juni: JO. DEMOKRATIE STAERKEN. An 3x Jo stëmmen!

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe