Marc Baum – E schwaarze Freiden

E schwaarze Freiden

Mir stinn nach alleguerten ënnert dem Schock vun deem, wat leschte Freiden zu Paräis geschitt ass: Hei goufen net nëmmen op eng feig a bestialesch Aart a Weis Mënsche massakréiert, hei hu mer eng Attack gesinn op d’Fundamenter vun eiser demokratescher a multikultureller Gesellschaft. Willkürlech sinn Honnerte Mënsche cibléiert ginn, Mënsche vun ënnerschiddlechster Nationalitéit, Relioun an Hierkonft. Leit, déi awer eppes gemeinsam haten, nämlech datt se zesumme gelieft hunn. Eng Attack op Wäerter wéi Fräiheet, Gläichheet a Bridderlechkeet, déi Wäerter, déi an der franséischer Revolutioun erkämpft goufen a géint all Grujelegkeete vum 20. Joerhonnert ëmmer nees op Neits hu misse verteidegt ginn.
An loosse mer et direkt soen: Déi Leit, déi dat dote gemaach hunn, waren net nëmme reliéis Fanatiker, et waren organiséiert Faschisten. D’Relioun ass do nëmmen de Virwand fir eng faschistesch a mënschenveruechtend Ideologie, wéi mer se viru véier Joer a Norwege bei engem Anders Breivik hu misse gesinn. Déi rietsextrem Faschisten an eise Länner an am mëttleren Osten hunn objektiv gesi gemeinsam Zieler:

1) wëllen se Angscht séinen, datt mer aus där Angscht eraus d’Fräiheeten an eis fräiheetlech Rechter opginn;

2) sollen dës Ugrëff eis Gesellschaft auserneendreiwen, eis opsplécken an national, reliéis oder kulturell Communautéiten, déi sech feindlech géigeniwwer stinn. Si wëllen eis demokratesch a multikulturell Gesellschaft duerch e sougenannte „Clash of cultures“ opléisen;

3) versichen se, eis an eng Krichslogik ze dreiwen, well de Krich, an d’Suitte vu Kricher, sinn net nëmmen hir Geschäftsgrondlag, mä och d’Bedingung, datt dës reaktionär Ideologie permanent wuesse kann.
Dësen dräi Ziler vun de Faschiste musse mer entgéinttrieden!

Duerfir däerfe mer och net d’Feeler aus der Vergaangenheet widderhuelen. Déi kriegeresch Reaktioun vum George Bush op d’Attentater vun 2001 huet d’Situatioun just verschlëmmert an de Bin Laden’en op der Welt just an d’Täsch gespillt. Déi dausende Leit, déi zu Lëtzebuerg deemools op d’Strooss gaange sinn a géint de Krich protestéiert haten, hu geahnt, datt milliounenfache Misär, deen imperialistesch Kricher mat sech zéien, de Problem net géif léisen, mä, am Géigendeel, nach verschlëmmere géif. Si sollte Recht behalen: Déi faschistesch Gruppe sinn esou staark wéi ni virdrun.
Millioune Leit vun ënnerschiddleche Reliounen an Nationalitéite sinn haut a ville Kontinenter op der Flucht virun dësem Terror. De Freideg hu mer e Bild dovunner kritt, wéi deen Terror ausgesäit, virun deem Leit op der ganzer Welt fortlafen. Duerfir sollt eis kloer sinn: Mënschen, déi viru Gewalt flüchten, muss eis Solidaritéit an Ënnerstëtzung gëllen. An et muss ee bäifügen: Och Honger ass Gewalt!

Jo, et gi Responsabeler fir dës Grujelegkeeten an et sinn net d’Réfugiéen, déi virun dëse Monstrositéite flüchte mussen. Wa mer wierklech wëllen nohalteg géint dës faschistesch an integristech Kräften an alle Länner virgoen, da musse mer ophalen, ganz Regiounen an en eenzegt Krichsgebitt ze verwandelen, mer mussen ophalen, Geschäfter mat deene Länner ze maachen, déi Gruppe wéi ISIS direkt oder indirekt finanzéieren. A mer mussen ophalen, duerch eng geckeg Wirtschafts- a Sozialpolitik, Mënschen an hiren an eise Länner de Buedem regelrecht ënnert de Féiss ewechzéien an sinn doduerch an d’Äerm vun deenen ze dreiwen, déi alles dat zerstéiere wëllen, wat mär „eis Wäerter“ nennen.

Nëmme wa mer eis deem faschistesche Fluch iwwerall entgéintstellen, wou mer e begéinen, nëmmen da kënne mer déi Leit würdegen, déi duerch hien ëmbruecht goufen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe