D’Zukunft vun der Eurozone an de Bericht vun de 5 Präsidenten – Question élargie vum Serge Urbany

Meng Interpellatioun zur Zukunft vun der Eurozon an zum sougenannte 5-Präsidentebericht ass vun de 4 Fraktiounen an eng question élargie ëmgewandelt ginn.

Et ass ënner Protest wou ech mech dësem Exercice beugen, well eigentlech wollt ech net nëmme Froe stellen, mä och eegen Analysen an Alternativen entwéckelen. Ech halen et och fir e Feeler, datt mer net direkt no der Summerpaus hei bannen en Debat iwwert de sougenannten 5P-Bericht ofgehal hunn. Elo erliewe mer, datt Deeler dovunner schonn ëmgesat ginn, ouni datt mir eis konnten dozou positionéieren.

An deem Kontext, Här Minister, bieden ech iech fir d’éischt emol op folgend 2 Froen eng Äntwert ze ginn:

– Wéi bewäert d’Regierung d’Tatsaach, datt während der Preparatioun vun dem 5P-Bericht, déi schonn am Hierscht 2014 ugaang ass, a no der Verëffentlechung am Juni 2015, bis haut, wou d’Ëmsetzung vun der 1. Phase vun deem Bericht schonn amgaang ass, an der Chambre keen Debat zu dësem Bericht stattfonnt huet?

– Wéi gedenkt d’Regierung sécher ze stellen, datt d’Chamber (an all aner wichteg Akteuren um nationale Plang) an alle weideren Diskussiounen iwwert d’Reform vun der Eurozon voll matt agebonne gëtt?

Duerno, Här Minister, géif ech gären der Regierung hir Positioun zu deem Bericht kennen a bieden Iech, op folgend Froen eng präzis Äntwert ze ginn:

– Wéi bewäert d’Regierung déi generell Ausriichtung vum 5P-Bericht?

– Ass d’Regierung net der Meenung, datt d’Eurozon en demokrateschen an e sozialen Defizit huet, déi derzou féieren, datt hir Legitimitéit ëmmer méi an Europa a Fro gestallt gëtt, an datt dësen Defiziter am 5P-Bericht net genuch Rechnung gedroe ginn ass?

– Wa jo, huet d’Regierung eege Virstellungen, wéi dem Demokratie- an Sozialdefizit ka begéint ginn an huet d’Regierung dës Virstellungen an d’Diskussiounen am Eurogrupp matt erabruecht?

– Wéi eng konkret Positioun huet d’Regierung am Eurogrupp par rapport zu de Mesurë vun der sougenannter 1. Phase ageholl?

– Ass d’Regierung dermat averstanen, datt d’Kommissioun schonn an der 1. Phase – direkt an indirekt – verstäerkte Pouvoire soll kréien, fir déi national Politiken nach méi enk ze kontrolléieren an ze beaflossen, an dat ouni eng reell Verstäerkung vun de Pouvoire vun de nationale Parlamenter an dem Europaparlament?

– Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung par rapport zu dem geplangte Comité budgétaire européen an zu deene geplangten nationalen Autorités de la compétitivité? Ass d’Regierung der Meenung, datt dës Gremien tatsächlech gebraucht ginn? Deelt d’Regierung d’Meenung vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB, datt déi geplangten national Autorités de la compétitivité d’Tarifnegociatiounen wäerten zu Gonschte vum Patronat beaflossen?

– Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Proposë vum 5P-Bericht zur sougenannter 2. Phase eng valabel Ausgangsbasis fir d’Diskussioun iwwert eng weider Reform vun der Eurozon duerstellen?

– Méi konkret, wéi steet d’Regierung zu der Propositioun fir den „Euro-Plus-Pakt“ vun 2011, deen eng Koordinéierung vun der Wirtschaftspolitik virgesäit, unhand vu Kritäre déi notamment d’Lounpolitik betreffen, an d’Gemeinschaftsrecht ze iwwerhuelen an domadder e verbindleche Charakter ze ginn?

– Ass d’Regierung net der Meenung, datt eng Harmoniséierung vun de Betribssteieren en essentiellt Element vun enger Wirtschafts- a Währungsunioun ass an datt dës Fro am 5P-Bericht net genuch thematiséiert ginn ass?

– Ass d’Regierung net der Meenung, datt dem Europaparlament eng zentral Roll bäi der Definitioun vun enger gemeinsamer Wirtschafts- a Währungspolitik muss zoufalen an datt d’Propose vum 5P-Bericht an deem Beräich net wäit genuch ginn?

Ech hoffen op dës Froen Äntwerten ze kréien déi och kënnen eng Basis fir den Débat de consultation sinn, deen am Fréijoer soll iwwer d’Zukunft vun der Europäescher Unioun an der Eurozon stattfannen, als Reaktioun op meng Demande d’interpellation.

Serge Urbany

Députéierten

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe