Govsat: déi Lénk géint Opkaf vu Kanäl um Satellit fir NATO-Militärdronen.

Virun 1 Joer ass hei e Gesetz gestëmmt ginn iwwer de Kaf, de Lancement an d’Exploitatioun vun engem militäresch-politesche Satellit (Govsat).

Haut stëmme mer e Kredit fir den Opkaf vu Kanäl um Satellit fir NATO-Militärdronen– als Beitrag zum Militäreffort NATO.

Dat hei ass fir eis net en einfach technesche Projet mat economesche Retombées.

All Militärausgabe sinn haut besonnesch ënnert d’Lupp ze huelen.

Well d’Situatioun haut beweist androcksvoll dass militäresch Mëttele vu grousser Envergure derzou bäidroe kënne fir Problemer onwarscheinlech z’aggravéieren, a si sécher net léise kënnen.

Soss wieren se laang am Mëttleren Oste geléist zënter dem Irak-Krich vun den USA.

De Syrien-Krich ass ebe just en aktuellt Beispill fir d’Geforen déi vun enger Krichsstrategie ausginn.

4 vu 5 permanente Membere vum UNO-Sécherheetsrot (USA, Russland, Frankräich, GB – alleguer Atommächten) intervenéiere mat schwéierem Krichsmaterial do virun allem aus der Loft.

Si intervenéiere mat onkloren – deelweis widderspréchlechen – Krichsziiler ënner engem Begrëff: Kampf géint den Terrorismus.

Dem enge seng Terroriste sinn awer net dem anere seng Terroristen.

Wat iwwregens och weist wéi onbrauchbar a wéi eminent politesch an dehnbar de Begrëff Terrorismus u sech ass.

Déi eng wëllen de regime change a Syrien, déi aner wëllen de Regime halen, e Regime dee selwer och Terror géint déi eege Bevëlkerung ausübt.

Déi eng hunn Alliéierten déi de Regime wëlle stierzen, déi aner deeër déi de Regime wëllen halen.

Ënnert deenen Alliérten ass och e grousst NATO-Land (Tierkei) wat schonn e militäreschen Zesummestouss mam UNO-Sécherheetsrotsmember Russland hat, ebe just wéinst den ënnerschiddlechen Ziler.

Theoretesche Géigner vun all de Krichsparteien ass eng maffiös Mäerderband IS oder Daesh , déi awer Handel mat der Tierkei dreift a bis un d’Zänn arméiert ass duerch de Waffenarsenal deen se aus der Opléisung vun engem anere Staat, Irak, bezunn huet, Resultat vun engem anere regime change-Krich.

Ënnert den Alliéierte sinn och dubios awer offiziell unerkannte Kalifater, aus deenen de Petroll kënnt, an déi d’IS laang derbäi ënnerstëtzt hunn e weidere Kalifat am Irak an a Syrien opzeriichten.

An dann ass nach d’Kurdefro am Hannergrond déi erëm d’Tierkei vu sengen NATO-Alliéierte wéinstens deelweis trennt.

Et misst een op d’mannst d’accord sinn dass mer et hei mat engem Polverfaass ze dinn hunn. Et ass den Echec vun enger Krichspolitik aus offensichtlech virrangeg ökonomeschen Intressen am Mëttleren Osten.

Ech wëll net vu Potentialitéite fir e Weltkrich schwätzen.

Mee déi aussergewéinlech Situatioun a Syrien misst dach zu wichtege Froen Ulass ginn, och bei esou engem Vote wéi haut.

1.stellt sech d’Fro vum Völkerrecht. Ween definéiert wat wou ze maachen ass? D’USA a GB am Irak? Russland an der Ukraine? Frankräich a Libyen a Syrien?

Oder awer d’UNO opgrond vun allgemenggëltegen Texter déi et awer gëtt, oder déi nach mussen zesummen ausgeschafft ginn?

Duerch dat wat déi läscht Zäit geschitt ass, gëtt d’UNO op de Niveau vun der Société des Nations virum 2.WK zeréckgefouert.

An um Wierk sinn deelweis déiselwecht Imperialmächten déi den 1.WK ausgeléist hunn.

An dat an engem sozial-economesche Kontext an Europa deen un d’30er Joren erënnert.

A mat Flüchtlingsstréim déi sech aus der Destrukturéirung vu ganze Länner erginn, net nëmmen duerch Kricher wéi a Syrien mee och duerch wirtschaftlech Destrukturéirung iwwer Fräihandelsaccorde wéi an Afrika.

2.stellt sech d’Fro vun de Bündnisstrukturen. Wéi séier ass een an e Krichsfall eragerutscht?

Mer hunn e NATO-Bündnispakt mat der Tierkei. Net auszedenke wat sech aus engem eskaléierende Konflikt mat Russland géif erginn.

An duerch de Bündnispakt an der EU si mer u Frankräich gebonnen. Et ass fir d’1. wou déi Bestëmmung aus dem Lissabon-Vertrag spillt. Wat heescht dee Blödsinn? Den IS ass kee Staat. Eng Mäerderband ass kee Staat. Géint wee gi mer do an de Krich? Mer menge generell: D’EU däerf kee Militärpakt sinn!

3.stellt sech d’Fro vum militäresch-industrielle Komplex déi schonn den US-President Eisenhower an de 50er Joren erkannt hat.

A si stellt sech och an der EU, duerch de Lissabonn-Vertrag an duerch Beschlëss déi ënner anerem virun 1 Joer geholl gi si fir d’europäesch Rüstungsindustrie als Weltpol auszebauen, mat enger Synergie tëschent militäreschen an zivile Beräicher.

Et ass kloer dass do e neie MIK amgaang ass ze entstoen, deen och d’Politik beaflosst. Wéi fir Russland, wéi fir d’USA, ass och fir d’EU e Regionalkrich wéi dee syreschen natierlech och en Testfeld fir nei Waffesystemer.

Et ass an dem Kontext wou mer dee Projet hei diskutéieren.

Hei handelt et sech em héichtechnologesch integréiert Deeler vu Waffesystemer.

NATO-Opklärungsdrone gin aktiv virun, während a no Waffegäng, dat steet kloer hei dran.

Dat kann een dach net nëmmen hei thematiséieren als eng wirtschaftlech gutt Operatioun?

Kann een elo nach soen, Lëtzebuerg hätt keng Krichsindustrie?

Ech mengen net.

Dronen – och Opklärungsdronen – ass näischt harmloses. Et gehéiert zum Krich. Et ass och krichsrechtlech diskutabel, besonnesch wann Ziler domat erausgesicht an viséiert ginn, déi fir Aktioune mussen hierhalen déi géint d’Krichsrecht verstoussen.

Kundus war esou en Zil. Et ass gutt a richteg dass eis Motioun ugeholl ginn ass, déi d’Bombardéiere vun engem Spidol am Afghanistan veruerteelt an eng Enquête verlaangt.

An och wann zivilrechtlech d’NATO sollt fir de Schued vun hiren Dronen opkommen, geet den Uerder iwwer eise Satellit.

Geleeëntlech ass och d’Fro opgeworf gi wat fir Apparater soss nach iwwer de Govsat a besonnesch iwwer déi aner SES-Satellite kënne gesteiert ginn, op net esouguer IS ka mäerderesch Aktiounen iwwer dee Wee plange kënnen.

Mer stëmme géint dee Projet hei well en eis international an engem geféierleche Moment op eng Aart a Weis positionéiert déi ze verwerfen ass.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe