Et geet och besser: déi Lénk déposéiere Verfassungstext.

Fir der Diskussioun ronderëm eng Reform vun der lëtzebuergescher Verfassung en neie Moment a virun allem eng Alternativen ze ginn, deposéieren déi Lénk haut an der Chamber eng Propose fir eng nei Verfassung.

Déi ugekënnegt Verfassungsreform vun der Regierung kennt net virun. Hunn d’Majoritéitsparteien, awer och d’CSV iwwerhaapt de politesche Welle fir d’Verfassung wierklech ze reforméieren? Eng richteg Bedeelegung vun de Bierger*inne bleift weider aus a grondsätzlech Diskussioune solle guer net éischt en public opkommen. Dat ass och dorunner ze gesinn, dat vu Regierungssäit aus un kuerzfristegen Verfassungsännerunge gebastelt gëtt, z.B. dem “etat d’urgence” a lo och un der Finanzéierung vun de Kierchen. Et schéngt wéi wann déi e bëssi méi kriddeleg Froe séier am Viraus iwwer onduerchsiichteg Prozedure gekläert gi sollen, fir de Recht vun der Reform zur belangloser Formalitéit ze maachen.

Eng gutt, zäitgeméiss an nohalteg Verfassung kann sou net entstoen. Den Text, deen aktuell virleit, ass iwwerdeems einfach inakzeptabel.

De Mëtteg huet de Serge Urbany eng Propose fir de Verfassungstext offiziell am Parlament agereecht. Eng éischt Versioun vun dësem Text gouf scho virun enger Zäit op engem spezielle Site vun déi Lénk public gemaach, op deem all Artikel eenzel kommentéiert gi konnt.

An de lo proposéierten 203 Artikelen définéieren déi Lénk de Staat als en demokrateschen, sozialen, laizistesche Rechtsstat. Par rapport zum Text deen aktuell an der Chamber diskutéiert gëtt developpéieren déi Lénk d’Grondrechter vill méi. Hei ginn déi sougenannte soziokulturell Rechter vun der 2.Generatioun mat de klassesche Fräiheete verbonnen. Emweltrechter an Déirerechter si virgesinn, genee sou wéi eng nei Definitioun vun der Citoyennetéit déi net méi eleng un d’Nationalitéit gebonnen ass, eng Verstäerkung vum Pouvoir vum Parlament par rapport zur Regierung, nei Elementer vun der partizipativer an direkter Demokratie, eng Reform vum Staatsrot an eng d’Ersetze vum monarchistesche Prinzip bei der Exekutiv.

déi Lénk sinn iwwerzeegt, dat eng wierklech emanzipatoresch an antizipatoresch Verfassung, déi och nach an 100 Joer soll inspiréieren, méi wäit goe muss wéi einfach nëmmen e schwaache Reflet vun der Realitéit ze liwweren.

Hei den integralen Text.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe