Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7
Virun engem hallwe Joer hunn Dausende Leit hei zu Lëtzebuerg géint den TTIP – dat transatlantescht Handelsofkommes mat den USA – demonstréiert. D’Plattform Stop TTIP hat dozou opgeruff, eng Plattform un där sech bal déi ganz lëtzebuerger Zivilgesellschaft zesummefënnt: Gewerkschaften, Ëmweltverbänn, Konsumenteschutz-, ONG’en a Baueren-Organisatiounen.
Si alleguerten deelen déi selwecht Analys: den TTIP, respektiv dat wat vun him bis lo bekannt ass, riskéiert, datt eis Ëmwelt- a Sozialstandarden erofgesat ginn an de Konsumenteschutz ënner d’Rieder kënnt.
Seele virdrun ass et an eiser Gesellschaft esou eng grouss an esou eng breet Allianz gi vu repräsentativen Organisatiounen, déi sech kloer an eendeiteg géint den Projet vun der EU-Kommissioun ausgeschwat hunn.
Well: den TTIP hëlleft just deene grousse multinationale Firmen, déi duerch dat Ofkommes op praktesch kéng Norme méi musse Rücksicht huelen. Den TTIP ënnerhielegt déi demokratesch a sozial Rechter vun de Bierger. Duerfir ass de Widderstand zu Lëtzebuerg an an Europa immens grouss a mer hunn gesinn, datt och an den USA d’Widderstänn ëmmer weider wuessen.
Bis elo sinn a waren déi Lénk awer déi eenzeg an der Chamber, déi sech kloer fir en Stopp vu Verhandlungen ausgeschwat hunn, esou wéi dat och d’Plattform gefrot huet.
Wéi d’lescht Woch verschidde Verhandlungsdokumenter geleakt goufen, hunn mer en Wiessel an der Attitüd vu LSAP, Gréng an esouguer bei Deeler vun der CSV gesinn: Hir Befierchtungen – esou huet et geheescht – wiere wouer ginn: esouwuel wat de Schutz vun de Konsumenten ugeet ewéi och déi ominéis Schiedsgerichter, déi et multinationale Firmen an Zukunft erlabe solle géint Länner ze kloen, wann hir Profitter wéinst neie Gesetzer kinnte beanträchtegt ginn.
Datt et lo zu engem Ëmdenke bei verschiddene Politiker ze komme schéngt, ass natierlech gutt, just: den TTIP huet nach en klénge Brudder: de CETA, en Fräihandelsofkommes mat Kanada, an deem praktesch alles dat drasteet, wat beim TTIP zu Recht kritiséiert gëtt. An de CETA ass schonns vun der EU-Kommissioun fäerdeg ausgehandelt.
Genee wéi beim TTIP ass et och beim CETA net kloer, ob déi national europäesch Parlamenter iwwerhaapt gefrot gi – an esouguer wann se géife gefrot ginn, kann et sinn, datt deen Accord scho virdru virleefeg an Kraaft trëtt an datt esou Fakte geschafe ginn, déi net méi réckgängeg kënne gemaach ginn.
Viru knapp 2 Wochen huet dat wallounesch Parlament seng Regierung opgefuerdert am EU-Rot géint dat virleefegt Akraafttriede vum CETA ze stëmmen an den Dag drop huet och den hollännesche Senat an deem Sënn ofgestëmmt.
Wann ee kritesch vis-à-vis vum TTIP ass, da muss een och kritesch géint de CETA sinn. D’Plattform Stop TTIP huet dozou opgeruff, datt och zu Lëtzebuerg esou eng Initiativ am Parlament geholl gëtt.
Duerfir hu mär als Lénk eng Motioun an der Chamber deposéiert an där d’Regierung opgefuerdert gëtt, sech géint de CETA auszeschwätzen, a wann se géif am EU-Ministerrot iwwerstëmmt ginn, zumindest duerfir ze suergen, dat den Accord net a Kraaft trëtt iert eis Chamber doriwwer ofgestëmmt huet.
Domadder verhënnere mer, datt CETA zu Bréissel stëllschweigend ofgeseent gëtt, ouni datt d’Chamber sech muss domadder befaassen.
Mer hoffen, datt elo endlech och déi aner Parteie Faarf bekennen, net nëmme beim TTIP, mee och beim CETA.
Marc Baum, député déi Lénk