PdL 6792 – Modifikatioune vum Code du travail

1) Em wat geet et am Gesetzprojet?

De Projet verbessert d’Ëmsetzung vum Inhalt vun 3 EU-Direktiven zum Schutz vu Salariéen, konkret:

1. de Schutz vun Transsexuellen,

2. d’Garantie vu Matbestëmmungsrechter vu Personaldelegéierten no enger grenziwwerschreidender Betribsfusioun,

3. d’Ausweidung vum Schutz vu Salariéë bei der Insolvenz vum Betrib.

2) Wat ass wichteg?

Et ass eng Verbesserung vum Schutz vu Salariéen an en Erophiewe vun de Sozialstandard’en, eng Upassung no uewen un europäesch Standard’en. Bei der 1. Ëmsetzung vun dësen Direktiven duerch den CSV-Minister Biltgen ass manner wéi de Minimum ëmgesat ginn. Bekanntste Konsequenz war de Fall OPE (Objectif Plein Emploi), wou d’Salariéë bei der Insolvenz net vum Fonds pour l’Emploi entschiedegt gi sinn, well OPE eng asbl a kéng kommerziell Boîte war, déi konnt Faillite goen. Dëst ass elo e.a. duerch dat neit Gesetz geännert.

3) Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dofir!

Mir hunn fir dëst Gesetz gestëmmt, well et eng Verbesserung am Interessi vun de Beschäftegten ass. Mee mer hunn awer och bedauert, datt vill Problemer weider bestinn (Diskriminatioun vun Trans’/Intersexuelle Mënschen oder beim Ausbezuele vum Chômagegeld, Indemniséierung vu Salariéen am Fall vun enger Faillite) an insistéiert, datt d’Regierung dës Chantieren elo séier misst ugoen.

Dëse Projet gouf eestëmmeg an der Chamber ugeholl.

All d’Dokumenter iwwer dëse Projet sinn HEI ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe