PdL 6923 – Ännerunge fir d’Chargéen am Secondaire

1) Em wat geet et am Gesetzesprojet?

D’Gesetz bréngt eng Rei Ännerungen, Upassungen a Präzisioune bei de Konditioune fir d’Chargéen am Secondaire. De Rôle vum Chargé mat CDD gëtt op en temporäre Remplacement begrenzt. D’Tâche vum Chargé mat CDI gëtt vu 24 progressiv op 22 Stonnen erof gesat an domadder ugepasst un d’Tâche vun de brevetéierte Proffen. D’Gesetz bréngt och Upassunge bei der Reserve vun den Enseignanten.

2) Wat ass wichteg ?

Grondsätzlech geet dëst Gesetz an déi richteg Richtung, well et den Asaz vu Chargée mat CDD begrenzt (wat een awer hätt méi däitlech kéinten an d’Gesetz schreiwen) an eng Verbesserung vun de Konditioune fir d’Chargéë mat CDI bréngt. Allerdéngs kann dat nëmmen en Ufank sinn. Den Ofbau vun der Zuel vun de Chargéë par Rapport zu de brevetéierte Proffe gëtt domadder net direkt an Ugrëff geholl.

3) Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dofir! Och wa nach vill ze maache bleift, bréngt d’Gesetz awer eng Rei Verbesserungen.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 57 Stëmmen dofir an 3 dogéint. De ganzen Dossier ass HEI ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe