Brexit: Eis Aschätzungen an der Chamber

An eisen Aen war de Referendum iwwer de Brexit am Vereenegte Kinnekräich duerch zwee zentral Facteure gekennzeechent:

1 – De Vote vun den Aarbechter an de sozial Schwaachen, déi majoritär fir de Brexit gestëmmt hunn. Si sinn déi gréissten Affer vun där Politik vun de leschte Joerzéngten, déi duerch Sozialofbau a groussem Drock op d’Léin gekennzeechent war. Des Politik gouf awer net just vun der EU, mee virun allem och vun de Regierungen zu London bedriwwen.

2 – D’Angscht, déi den dreiwende Facteur an der Campagne war. Engersäits bei der Brexitcampagne, déi Angscht viru Migranten, virun allem aus osteuropäesche Länner, verbreet huet an anerersäits och d’Remaincampagne, déi de Leit Angscht virun den ekonomesche Konsequenze vum Brexit gemaach huet.

 

Eng fortschrëttlech Perspektiv gouf et souguer bei de Verteideger vun der Europäescher Unioun net. Dat verwonnert och net. D’Unioun baséiert virun allem op Competitioun tëscht de Memberstaaten an tëscht hire Bewunner an de Leit déi schaffen. Säit laangem gi bal ausschliesslech Initiativen an Ugrëff geholl, déi eis sozial Acquis’en a Fro stellen, ëffentlech Budget’en kierzen an ëmmer méi Beräicher vun der Ekonomie an den ëffentleche Servicer dereguléieren.

Mir sinn der Meenung, dass een an der europäescher Politik op kee Fall op de business as usual dierf zréckkommen. Mir wëllen dowéinst kuerzfristeg folgend Initiativen op europäeschem Niveau gesinn:

1 – E Moratoire op de Fräinhandelsaccord’en. D’EU kann net CETA, TTIP an aner Accord’en ofschléissen, während grad den Austrëtt vun engem Memberstaat aus dem marché unique verhandelt gëtt.

2 – Eng fundamental Debatt iwwer d’Ausriichtung vun der europäescher Politik. Dozou gehéiert fir eis och eng Afrostellung vun den Traité’en.

3 – Sozial Initiativen am Interesse vun de Leit, wéi z.B. eng fortschrëttlech Direktiv Detachement, en europäesche Mindestloun oder eng Aarbechtszäitverkierzung op europäeschem Niveau.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe