PdL 6868 – Publikatioun vun net-finanziellen Informatioune vu verschiddene groussen Entreprisen.

Em wat geet et am Gesetzprojet?

Dëst Gesetz regelt d’Ëmsetzung vun enger europäescher Direktiv, déi virgesäit, datt grouss Entreprise all Joer mussen Informatioune publizéieren zu hirer Strategie a Saache sozial an ökologesch Responsabilitéit, souwéi a Saache Mënscherechter, Korruptiounsbekämpfung an Diversifikatioun vum Verwaltungsrot.

Wat ass wichteg?

Am éischten Abléck schéngt dat eng fortschrëttlech Iddi ze sinn, mä déi Direktiv geet net wäit genuch a huet ze vill Lücken. Éischtens emol zielt déi Obligatioun nëmme fir quotéiert Entreprise, Banken an Assurance mat engem chiffre d’affaires vun iwwer 35 Milliounen Euro, dat heescht nëmme fir ronn 6000 Firmen an der EU. Zweetens gëtt den Entreprisen eng grouss Fräiheet gelooss, wéi dee Rapport soll ausgesinn an drëttens gëtt et den Entreprisen extrem liicht gemaach, iwwerhaapt dolaanscht ze kommen. Wann eng Firm zum Beispill keng Strategie a Saache Responsabilité sociétale des entreprises (RSE) huet, da brauchen se just eng motivéiert Explikatioun ze ginn, firwat datt se keng huet.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dogéint! D’Regierung hätt d’Méiglechkeet gehat, déi Direktiv vill méi restriktiv ze interpretéieren. Si hätt zum Beispill kéinten en nationalen Aktiounsplang a Saachen RSE entwéckelen (Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land an der EU, dat nach keen huet). Et hätt een eng generell Obligatioun fir all Entreprise ab 200-300 Mataarbechter kéinten aféieren, fir esou e jäerleche Rapport ze maachen. Dat heescht, datt all Entreprise ab enger gewësser Gréisst sech muss e puer Gedanken iwwert nohalteg Entwécklung an hire sozialen Impakt maachen. Et hätt ee kéinten en eenheetleche Format virschreiwen, sou datt een déi eenzel Rapporte ka vergläichen an och fir eng gewëssen extern Kontroll suergen. Dat wär zumindest en Ufank vun enger fortschrëttlecher Politik gewiescht.

Mä natierlech huet d’lëtzebuerger Regierung näischt an déi Richtung gemaach. Si transposéiert mat dësem Gesetz nëmmen de strikte Minimum vun där Direktiv a notzt all d’Lücken an Ausnahme bis zum leschte Paragraf aus, fir datt esou wéineg wéi méiglech Obligatioune fir d’Entreprisen zu Lëtzebuerg iwwreg bleiwen. Alt erëm eng Kéier ginn all sozial- an ëmweltpolitesch Iwwerleeungen um Altoer vun der Kompetitivitéit geopfert.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 58 Jo-Stëmme géint zwou Nee-Stëmme vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe