Bilan de la session parlementaire 2015/16

Déi zwee Deputéiert vun déi Lénk hunn op enger Pressekonferenz den 19. Juli de Bilan vum parlamentareschen Joer 2015-16 gemaach.
Den David Wagner huet ervirgestrach, dat déi Lénk déi eenzeg an der Chamber vertrueden Partei sinn, déi dem neoliberale Konsens an der Ënnerwerfegkeet géigeniwwer der Finanzplaz eppes entgéint setzt. Et hätt een sech net vill Hoffnungen gemaach, dat dës Regierung eng méi sozial Politik maache géif, seet den Marc Baum an weist op déi dräi grouss Protester (Studieboursen, TTIP an Sozial- a Fleegeberuffer) hin, déi et zanter dem Ufank vun der Legislaturperiod géint d’Politik vu Blo-Rout-Gréng gouf. Mat konkreten Virschléi an enger intensiver Aarbecht versicht déi Lénk den Betraffenen eng Stëmm an der Chamber ze ginn.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe