PdL 7050: Budget fir d’Joer 2017

1)     Em wat geet et am Gesetzprojet?

De Staatsbudget regroupéiert all d’Recetten an d’Depensen, déi de Staat am kommende Joer erwaart respektiv plangt an ass ee Pilier vun den ëffentleche Finanzen, nieft dem Budget vun de Gemengen an der sécurité sociale.

De Budget erfëllt wichteg Aufgaben, wëll en de Finanzement vum Fonctionnement vum Staat, wéi d’Administratioun, an d’ëffentlech Daseinsvorsorge, wéi d’Ausgabe fir Gesondheet, Schoul, Ëmwelt asw. assuréiert. En huet eng staark steierend Funktioun, wëll en d’Investissementer an ëffentlech Infrastruktur a Servicer finanzéiert. Iwwer d’Staffelung vun de Steieren an Taxen, déi de Staat anzitt an d’sozial Transfert’en, spillt de Budget och eng wichteg Roll an der Ëmverdeelung vum Räichtum.

De Budget huet also e maassgeeblechen Afloss op d’Entwécklung vum Land.

2)     Wat ass wichteg?

D’national Budget’en sinn encadréiert vu Regelen op EU-Niveau, déi de Gestaltungsspillraum vun de Länner staark aschränken. Wëll déi Regelen awer ondemokratesch sinn an ekonomesch wéineg Sënn maachen, hu mir se ëmmer kritiséiert. Lëtzebuerg ass awer wéi aner europäesch Nord/Kärstaate manner staark ageengt wéi d’Länner am Süden an dee Spillraum notzt d’Regierung och deelweis aus fir eng Rei Investitiounen op de Wee ze bréngen.

Grondsätzlech si mir awer der Meenung, dass déi Investitioune bei wäitem net duerginn, fir de Réckstand an der ëffentlecher Infrastruktur, deen sech iwwer Joerzéngte gebilt huet, wettzemaan. Dëse Réckstand weist sech um Wunnengsmaart, wou ëmmer manner Leit eng abordabel Wunneng fannen oder bei der Iwwerlaaschtung vum ëffentlechen Transport an de Stauen op de Stroossen.

Dat ass bedenklech, wëll de Steierdumping, den des an d’Virgängerregierunge bedreiwen, ëmmer méi Betriber an Aarbechtsplazen op Lëtzebuerg zéien, déi ëmmer méi Investitiounen néideg maachen. Duerch d’Reduktioun vun de Steieren (Betribsbesteierung geet vun 21 op 18% erof) fehlen dem Staat awer an Zukunft wichteg Recette fir déi Investitiounen ze tätegen.

3)     Wei hunn déi Lénk gestemmt?

Dogéint!

Och wann déi Lénk eng Rei positiv Elementer an dësem Budget gesinn an et kee Spuerbudget méi ass, si mir weiderhin der Meenung, dass dat staarkt Wuesstem vum Land duerch zolidd Investitiounen an d’ëffentlech Infrastruktur muss begleet a gesteiert ginn. Wëll nëmmen sou kënnen déi negativ Konsequenze vun dësem Wuesstem absorbéiert an d’Liewensqualitéit vun den Awunner an de Grenzpendler ofgeséchert ginn. D’Budgetsvirlag vun der Regierung kann déi Aufgaben net erfëllen.

De Budget gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl. All d’Dokumenter iwwer de Budget sinn hei ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe