Lag vum Land: D’Band tëscht Wuesstem a Wuelstand ass gerass.

Am Premierminister senger Ried zu der Lag vun der Natioun , bleiwen eng ganz Rei Froen op, op déi déi Lénk mat 4 wichtegen Erausfuerderunge fir d’Land aginn, nämlech d’Stäerkung vun der sozialer Gerechtegkeet, d’Bekämpfung vun der Wunnengsnout, déi ekologesch Zukunftsplanung an den nohaltegen Ëmbau vun der Wirtschaft vum Land.

Des Erausfuerderunge sinn enk matenee verbonne well se gläichzäiteg déi nefast Effekter vum ongebremsten an onkoordinéierte Wuesstem ënnersträichen an een Alternative Wirtschaftssystem duerstellen.

Bekämpfung vun der Wunnengsnout

D’Präisser an d’Loyeren um lëtzebuergesche Wunnengsmaart hunn Dimensiounen erreecht, déi ëmmer méi Leit virun existenziell Problemer stellen. An de leschten 10 Joer sinn d’Präisser em iwwer 40% geklommen, d’Loyeren em circa 30%. D’Léin sinn an dem Zäitraum awer just em gutt 13% eropgaang. D’Recht op Wunnen ass zu Lëtzebuerg keng Realitéit méi, eng Wunneng ass zu engem Luxusprodukt ginn.

Des Entwécklung ass op déi vill ze kleng Offer u Wunnraum zréckzeféieren, déi der grousser Demande net nokënnt. An engem Joer ginn zu Lëtzebuerg circa 3000 Wunnenge gebaut, dobäi missten et der laut LISER/Observatoire de l’Habitat tëscht 6500 a 7000 sinn. Staat a Gemengen hunn sech gréisstendeels aus der Verantwortung gezunn a baue just e Brochdeel vun dem, wat néideg wier, fir d’Präisser an de Grëff ze kréien.

déi Lénk gesinn 3 Grënn fir dëse Problem:

1 – eng eesäiteg Wirtschaftspolitik, déi baséierend op Souveränitéitsnischen a Steierdumping virun allem Finanzdéngschtleeschtungsbetriber op Lëtzebuerg zitt, a sou eng grouss Nofro schaaft u Logementer “haut standing” an zentraler Lag fir héichbezuelte Finanzspezialisten an un zentral geleeëne Bürosflächen;
2 – d’Dominanz vu Privatkapital, dat just op Rendite aus ass;
3 – d’Versoe vun de Regierungen, déi net bereet waren a sinn, an dëse Privatmarché anzegräifen.

Des Regierung – wéi och hir Virgängerinnen – ass net bereet un des Schrauwen dréien ze goen.

Fir déi Lénk féiert awer kee Wee laanscht e radikaalt Ëmdenken an der Wunnengspolitik. Se muss endlech no de Besoin’en vun Normalverdénger ausgeriicht ginn an dierf net weider enger desastréiser ekonomescher Entwécklung ausgeliwwert bleiwen. D’Dominanz vum private Marché muss gebrach ginn, andeem Staat a Gemenge vill méi Wunnenge bauen an d’Politik endlech de Privateegentum dem Gemengnëtzegen ënnergeuerdent gëtt.

déi Lénk hu konkret Virschléi ausgeschafft:

1 – An eiser Logementscampagne hu mer Proposen entwéckelt, wéi een eidel Wunnenge ka mobiliséieren an d’Spekulatioun op Terrain’en ka stoppen. Mir hunn erklärt wéi een d’Rechter vun de Locataire ka stäerken an hunn eng Infobroschüre iwwer d’Locatioun verdeelt. Donieft hu mir gewisen, dass d’ëffentlech Hand méi baue muss a méi Geld aus dem Rentefong dofir soll zur Verfügung gestallt ginn.
2 – Mir hunn eng Gesetzespropositioun iwwer d’frais d’agence am Kontext vun der Locatioun abruecht, fir d’Locataire sou direkt finanziell z’entlaaschten. Bis elo huet d’Regierung keng Stellung geholl.
3 – Eis Gemengeréit hunn e konkrete Virschlag fir d’Stäerkung vun de Rechter vun de Locataire gemaach, andeem sie an de Gemengeréit eng Opwäertung vun de kommunale Mietkommissioune verlaangt hunn.

 

Stäerkung vun der sozialer Gerechtegkeet

Insgesamt ass déi sozial Schéier hei am Land och trotz deem impressionnante Wuesstem vun iwwer 4% an de leschte Joer ausenee gaangen. Well Wuesstem eleng seet näischt iwwer déi ongläich Verdeelung vum geschaafte Räichtum aus.

Engersäits gi Joer fir Joer mam Wuesstem bis zu 15000 nei Aarbechtsplaze geschaaft an awer bleift de Chômage bei 6% op engem héijen Niveau fir eist klengt a räicht Land.D’Projektioune vum Stabilitéitsprogramm vun der Regierung gesi bis 2021 keng definitiv Léisung vum Chômageproblem viraus a ginn sech mat engem Chômagetaux vu 6,9% fir d’Joer 2021 zefridden. D’Bekämpfung vum Chômage ass fir des Regierung kee politescht Zil méi, de Chômagetaux gëtt just nach als eng Variabel ugesinn, iwwer déi um fräie Marché décidéiert gëtt.

Wéi erliewen d’Leit hei am Land de Wuesstem? Wat fir eng Realitéit huet fir sie de Wuelstand vu Lëtzebuerg?

D‘Leit déi zu Lëtzebuerg schaffen a wunne kréie besonnesch d’Offallprodukter vum Wuesstem ze spieren: Verstoppte Stroossen, Manktem un ëffentlechen Transportmëttel an Infrastrukture fir der staarker Mobilitéit vun de Leit déi de Wuesstem vun eisem Land unzitt Meeschter ze ginn. Dobäi kommen d’Verschmotzung vun der Ëmwelt, ëmmer méi prekär an onsécher Aarbechtskontrakter , iwwerflexibiliséiert Aarbechtszäiten an d’Explosioun vun den Immobiliëpräisser.

D’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg ass net méi ze garantéieren.

Schonn elo ziele mer 11% Working Poor am Land. Dat si Leit déi obwuel se eng Aarbecht hunn, dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn.

Wéi kann een d’sozial Ongerechtegkeet nohalteg bekämpfen?

Fir déi Lénk ass kloer dat d’Ofhängegkeet vun eiser Wirtschaft zu der Finanzplaz de Kär vun de soziale Problemer hei am Land ausmëscht. Mär fuerderen eng Exit-Strategie aus dëser konkurrenzieller an aggressiver Finanzpolitik, déi och eisen Nopeschregioune schueden um sozialen a wirtschaftleche Plang.

déi Lénk hu bis elo eng ganz Rei konkret Virschléi ausgeschafft déi dorop waarde vun der Regierung an Usproch geholl ze ginn:

1- déi Lénk hunn 2009 eng Proposition de loi ausgeschafft fir Mesurë géint licenciements économiques abusifs ze huelen.

2- Am Kader vum Kampf géint de Chômage, hunn déi Lénk och eng Rei Amendementer eragereecht déi d’Aarbechtszäitverkierzung an d’Rechter vun de Salarié‘en ënnerstëtzen.

3- déi Lénk hunn iwwer eng Interpellatioun, d’Regierung dozou opgefuerdert de Problem « Working Poor » a Betruecht ze zéien a konkret Léisungen auszeschaffen.

4- Fir den Aarmutsrisiko dem ëmmer méi Leit am Land ausgesat sinn ze senken, hunn déi Lénk mat enger Motioun d’Upassung vum Mindestloun un d’Bestëmmunge vun der Europäescher Sozialcharta gefuerdert. Dat géif eng Erhéijung vum Mindestloun em 20% bedeiten.

 

Ekologesch Zukunftsplanung

Den onkontrolléierte Wuesstem vun enger Wirtschaft, déi eleng op kuerzfristegem Profit baséiert, geet net nëmmen op Käschte vun de Leit, déi där Logik ënnerworf ginn, mee féiert och zur Zerstéierung vun eiser Ëmwelt. Béid Konsequenze vun dësem Wirtschaftswuesstem, déi fir de Mënsch an déi fir d’Natur, sinn an eisen Aen och enk matenee verbonnen. Ëmweltschied oder de Mëssbrauch vun natierleche Ressourcë ginn ëmmer zu Laaschte vun de schwaachsten an äermste Leit, sief et duerch Verdeierung vu Basisprodukter a -Servicer, duerch Verschmotzunge vu Loft, Waasser oder Buedem oder duerch Ëmweltkatastrophen.

Virun dem Hannergrond gëllt et och d’Politik vun dëser Regierung (an deelweis hire Virgängerinnen) a verschidden Initiativen a Strategië fir eng méi nohalteg Wirtschaft kritesch ze beliichten. Mir graifen hei 3 Themen eraus:

D’Digitaliséierung als eng vun den technologeschen Entwécklungen, déi vun der Regierung als grouss Opportunitéit fir eis Wirtschaft ugesinn a gläichzäiteg och fir méi Nohaltegkeet soll suergen. Hannert der schéiner Façade verstoppt sech awer eng ganz aner Realitéit, vun där d’Regierung ni schwätzt. Fir d’Salarié’en bedeit se z.B. en ëmmer méi grousst Verlaangen no Flexibilitéit an onsécheren Aarbechtskontrakter. Donieft schaaft se och eng ëmmer méi grouss Nofro bei der Exploitatioun vun natierleche Ressourcen. Déi Ressource, déi an der Elektro- a Kommunikatiounstechnik (Bsp. Smartphones) verschafft gi sinn net bei eis ze fannen, mee oft an afrikanesche Länner, wou se ouni Récksiicht op mënschlecht Liewen an op d’Natur gewonne ginn. All wirtschaftlech Aktivitéit zu Lëtzebuerg huet als Basis e Material a mënschlech Aarbecht, egal ob se direkt hei op der Plaz exploitéiert ginn oder soss iergendwou op der Äerd.

D’Elektromobilitéit ass eng weider Strategie, déi d’Regierung – och opgrond vun EU-Beschlëss – bis 2020 op e gewëssenen Niveau brénge muss (10% vum gesamten Transport bis 2020). Och wann d’Elektromobilitéit als Iwwerbréckungstechnologie seng Virzich huet, léist se d’Mobilitéitsproblemer zu Lëtzebuerg net nohalteg an dat aus dëse Grënn:

(-) Méi Elektroautoe bedeiten am Endeffekt ëmmer méi Autoen op der Strooss. De Problem vun iwwerfëllte Stroossen a Plazmangel (Garagen ënner Logementer, grouss Parkingen etc.) ass sou net ze léisen. Dat geet just mam konsequenten Ausbau vum ëffentleche kollektiven Transport, dee gratis muss sinn, fir jiddereen.

(-) Elektroautoe brauche Stroum a mir produzéieren es zu Lëtzebuerg just wéineg, 2015 waren et grad emol 6% (Zuel aus dem PNR) vum gesamte Stroumverbrauch. D’Elektromobilitéit mécht an eisen Ae just Sënn, wa mir zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun vill méi Stroum aus erneierbaren Energiequelle produzéieren.

(-) D’CO2-Bilanz vun engem Elektroauto ass oft schlecht, wëll d’Hierstellung vun deenen Autoen immens energieintensiv ass, dat besonnesch opgrond vun der Exploitatioun vu rare Metaller fir déi deier Batterien hierzestellen. Déi Metaller kënnen haut oft nach ëmmer net richteg recycléiert ginn. Mir mengen, dass Lëtzebuerg als Standuert vun der Stolindustrie an dësem Beräich (Bsp. économie circulaire) vill méi investéiere sollt anstatt d’Exploitatioun vun dëse Metaller elo am Weltraum wëlle weider ze forcéieren.

(-) D’Regierung ass guer net kohärent, wëll se weider op den Tanktourismus setzt a Sprit aus fossillen Energiequellen indirekt subventionéiert an ausserdeem och nach Staatsgelder a Pëtrolskonzerner investéiert.

Des Inkohärenz fënnt sech och an der Landwirtschaftspolitik erëm. Während de Landwirtschaftsminister op d’Bauerenhäff lokale Kachkéis schmaache geet an d’Stäerkung vu lokaler Consommatioun a Produktioun priedegt, ënnerstëtzt d’Regierung Fräihandelsaccord’en wéi de CETA, déi d’lokal Ekonomie a Landwirtschaft zerstéieren. Donieft kuckt d’Regierung der schnell wuessender Intensivéierung vun der Produktioun an der Konzentratioun vun de Betriber no an ass incapabel den Asaz vu Pestiziden op de Felder konsequent anzeschränken. Nohalteg Landwirtschaftspolitik gesäit anescht aus.

Déi Lénk hunn an dëser Legislaturperiod verschidden Initiative geholl, déi eis et erméigleche géifen d’Zukunft méi ekologesch a méi gerecht ze plangen:

1 – Mir hunn eis konsequent an als eenzeg och kohärent géint d’Fräihandelsaccord’en TTIP a CETA gewiert an och d’Klimaproblematik thematiséiert. Sou hu mir versicht, d’Regierung dozou z’animéieren am Kader vun der CETA-Verhandlung déi streng Qualitéitscritèrë fir de Sprit, den an Europa importéiert ka ginn, ze verteidegen. D’Regierung huet dat net gemaach, d’Dir fir knaschtegen Diesel op Basis vu Sandueleg aus Kanada ass grouss op.

2 – Mir hunn e Virschlag fir méi ambitiéis Klimaziler bis 2030 gemaach, dat op Basis vun dem wat d’Ëmweltverbänn als noutwendeg a machbar ugesinn.

3 – Mir hu reegelméisseg Initiativen am Beräich divestment geholl, fir dofir ze suergen, dass ëffentlech Gelder aus dem Rentefong a propper Energiequellen an an de Wunnengsbau fléissen. Mir hunn dëst och elo rezent beim Zukunftsfong opgedeckt a Fuerderungen opgestallt.

4 – Mir hunn an de leschte Gemengewahlen e Konzept fir e gestaffelte Waasserpräis virgeluecht, den nieft enger sozialer Komponent, och eng ekologesch Komponent opzeweisen huet. Mir bréngen des Fuederung och réigelméisseg rem op den ordre du jour.

5 – Eis Kongressresolutioun vun 2016 huet eng Reih Pisten opgezielt, wéi de sozial-ekologeschen Embau vun eiser Wrtschaft kéint fonctionnéieren.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe