PdL 7103 – Comptes de paiement

1) Em wat geet et am Gesetz?

Et geet ëm d’Ëmsetzung vun enger europäescher Direktiv iwwert Bankkonten. Dës Direktiv soll de Wiessel vun enger Bank bei eng aner méi einfach maachen an d’Oplëschtung vun de Fraisen, déi bei engem Bankkonto ufalen, sollen harmoniséiert a méi transparent ginn, sou datt de Consommateur déi Fraise méi einfach ka vergläichen. Zousätzlech zielt dës Direktiv dorobber of, deene sozial schwaache Schichten den Zougang zum Bankesystem ze erliichteren.

Wat ass wichteg?

Fir déi Lénk ass virun allem de Punkt mat der Integratioun vu sozial schwaache Mënschen an de Bankesystem wichteg. Et kann een dat gutt fannen oder net, mä hautdesdaags ass et quasi onméiglech an onser Gesellschaft ze liewen, ouni en eegene Bankkonto ze hunn. Dobäi falen awer Käschten un, déi fir Leit mat niddregen oder guer kenge Revenuen, fir eeler Leit, Obdachloser oder Asylbewerber oft schwiereg ze droe sinn.

Fir dat all Persoun Zougang zu engem Konto huet, sollen d’EU-Memberstaaten bei der Ëmsetzung vun dëser Direktiv d’Méiglechkeet vun engem Basis-Konto virgesinn, dee gratis ass oder héchstens awer mat „frais raisonnables“ verbonnen ass. D’Direktiv gesäit doriwwer eraus fir, datt d’Memberstaaten vulnerabel Gruppe kënnen definéieren, déi besonnesch avantagéis Konditioune solle kréien. Si bitt also gewësse Méiglechkeeten, fir deene sozial schwaache Mënschen an dëser Problematik ënnert d’Äerm ze gräifen.

Déi lëtzebuerger Regierung huet déi Méiglechkeete bei der Ëmsetzung vun dëser Direktiv allerdéngs net wouer geholl. Déi lëtzebuerger Transpositioun gesäit net vir, vulnerabel Gruppen ze definéieren a si gesäit och net fir, d’Grondrecht op e Bankkonto fir bedürfteg Mënsche gratis ze maachen, sou wéi aner EU-Länner dat gemaach hunn. Si iwwerhëlt just den Terme „frais raisonnables“ an definéiert deen à minima vun deem, wat d’Direktiv hirgëtt. An anere Wierder: Méi wäit hätt d’Regierung de Banken net kéinten entgéint kommen ouni géint dës Direktiv ze verstoussen.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Fir déi Lénk ass dës Ëmsetzung symptomatesch fir eng Regierung, déi Wirtschafts- a Finanzpolitik just vun uewen no ënne plangt an déi onfäheg ass, sech an d’Situatioun vun deene Leit eran ze denken, déi ganz ënnen an onser Gesellschaft stinn. Dofir hunn déi Lénk géint dëst Gesetz gestëmmt.

De Projet de loi 7103 ass mat 58 géint 2 Stëmme vun déi Lénk ugeholl ginn.All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe