PdL 7047 – Ännerung vum Waassergesetz

Em wat geet ët am Gesetz ?

D’Waassergesetz setzt de Kader fir déi gesamt Waasserwirtschaft zu Lëtzebuerg. Et setzt Reegele fir d’Sécherung vun der Qualitéit vum Waasser an och fir d’Klärung vum Ofwaasser. Et leet Subventioune fest fir de Schutz vu Quellen an Iwwerflächewaasser, et definéiert d’Hëllefen, déi Gemenge, awer och physesch a moralesch Persounen kënne kréien fir hir Ausgaben an der Renaturéierung an am Waasserberäich kënne wouer ze huelen a reegelt iwwer de Prinzip vun der Käschtendeckung am Gesetz och de Präis vum Waasser.

D’Gemenge sinn déi wichteg Acteur’en am Waasserberäich, wëll sie déi Aufgaben an der Praxis all erfëllen.

Des Gesetzesännerung gesäit e puer Ännerunge vir:

(-) Et gi Waasserschutzzonen nei définéiert an nei Hëllefe fir de Waasserschutz virgesinn. An dësem Zesummenhang krit den Erhalt vun der Waasserqualitéit och utilité publique, wouduerch e.a. Enteegnunge méiglech ginn.

(-) De Bau vun neien Biokläranlagen as virgesin.

(-) Et ginn nei Hëllefe fir de Fall vun Iwwerschwemmunge crééiert.

(-) Et gëtt en neie System vu Subventionnement fir d’Gemenge fir d’Klärung vum Ofwaasser agefouert.

 

Wat ass wichteg ?

Bei der Waasserwirtschaft a soumat dem Erhalt oder der Verbesserung vun der Qualitéit vum Waasser ass eis virun allem wichteg, dass des wichteg Investitiounen, bei deene Lëtzebuerg e groussen Nohuelbedarf huet, gerecht finanzéiert ginn. Mir hiewen also den Zesummenhang vun der ekologescher Fro (Qualitéit vum Waasser a wéi se entsteet) an der sozialer Fro (wien investéiert a wien bezilt dofir).

Mir ënnerstëtzen also d’Initiativen am Beräich vum Waasserschutz, hunn awer e sérieux’en Problem mam Käschtendeckungsprinzip vum Waasser.

All Mënsch brauch all Dag e Minimum Waasser. Déi Quantitéit kann net gespuert ginn, se ass iwwerliewenswichteg (Drénkwaasser, Kachen, Hygiène) a soll dofir fir all Mënsch gratis sinn. Alles wat iwwer dem Gebrauch läit kann e käschtendeckende Präis hunn an alles wat onnéideg verbëtzt gëtt, sollt e penaliséierende Präis hunn, den dem ekologesche Schued Rechnung dréit.

Den Haaptproblem bei dëser Gesetzesännerung ass, dass d’Erofsetze vun de Subventioune fir d’Gemenge fir d’Ofwaasserklärung héichwäerteg kënnen ze garantéiere gekoppelt un de Käschtendeckungsprinzip dozou féiert, dass de Präis vum Waasser weider klamme wäert. An dat ondifferenzéiert fir all Stot d’selwecht staark, onofhängeg vum Revenu oder vum verantwortlechen Ëmgank mam Waasser.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

Enthalung!

Mir stëmmen déi Mesurë fir d’Waasserquailitéit ze verbesseren zou, mee mir hunn awer e grondleeënde Problem mat der Laaschteverdeelung bei den Investitiounen an d‘(Of)Waassernetz. Soulaang de Käschtendeckungsprinzip am Gesetz steet, kann déi Laaschteverdeelung net gerecht sinn.

De Gesetzesprojet gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit votéiert. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe