Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7
De Risiko an d’Aarmut ze fale betrëfft ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg, nämlech mat 19,7 % bal all 5ten. Bei Jonke sinn et der schon 23,6 % a bei Elengerzéienden ass d’Situatioun nach méi dramatesch, 40,3 % si concernéiert. ouni Sozialtransfere géifen esouguer 44,5 % vun der gesamter Bevëlkerung ënnert den Aarmutsrisiko falen.
An och wann ee schafft ass ee bei wäitem net op der sécherer Säit, mat 11,9% ass den Undeel vun de Working Poor – also all deenen déi trotz Aarbecht aarm si – am Joer 2016 so héich wéi nach nie. Méi wéi all 4ten Stot – 27,4% – huet Problemer um Enn vum Mount iwwert d’Ronnen ze kommen an den Undeel vu prekär Beschäftegte geet déi läscht Jore kontinuéierlech erop.
Den Trend vun ëmmer méi staarker sozialer Prekariséierung vun ëmmer méi grousse Bevëlkerungsgruppen ass zënter ronn 15 Joer statistesch beluecht. Déi divers Spuerpäk vun de CSV-LSAP-Virgängerregierungen haatten e.a. d’Ziil, déi sozial Transferleeschtungen – an domadder de Sozialstaat – sukzessiv ofzebauen.
Déi aktuell DP-LSAP-déi Gréng Regierung setzt dës Austeritéitspolitik weider fort an huet d’Sozialsystemer weider beschnidden. Ënner anerem fält d’Kannergeld fir Famillje mat ville Kanner däitlech méi niddreg aus wéi virun der Reform, a se entsprécht grad esou wéineg de Besoin’en vun de Betraffene wéi d’Reform vun de Studiëbourssen.
Wann een eise Sozialstaat jorelaang zesummespuert a gläichzäiteg ëmmer nei Steiernische fir Ultraräicher a multinational Konzerner schaaft, da klafft zwangsleefeg déi sozial Schéier zwëscht räich an aarm ëmmer méi wäit auserneen. 2016 ware 34. 000 Millionären am Land an an 10 Joer sollen et der esouguer iwwer 40.000 sinn. Wann dann déi niddreg Léin net an d’Luucht ginn, obwuel och d’Wirtschaft wiisst, hëlleft dat deene wou et am néidegsten hätten net. Ëmsou méi well d’Wunnengspräisser ongebremst méi staark wuesse wéi de PIB a wéi eben d’Léin.
déi Lénk schreift Stéchwierder wéi « bezuelbart Wunnen » an « Familljen » net nëmmen op Walplakater mee huet konkret Fuerderunge fir déi mer eis asetzen : d’Erhéijung vum Mindestloun, d’iwwerschaffe vun der d’RMG Reform, dem sougenannte REVIS an ee konsequente Programm fir d’Wunnengspräisser ze bremsen.